Frëschen Genoss mat mengem Kalefsragoût an enger Zitrounengrascrème

Zitrounengras an Kalefsfleesch – eent europäischt Ässen mat exotischem Touch! Dëst Rezept kombinéiert die zaart, botterig Textur vam Kalefsfleesch mat deen erfrëchenden Nuancen vam Zitrounengras.

Zitrounengras stammt ursprünglich aus der südostasiatischer Këchen, well dëst Gras an villen Menüer verschafft kann jiän hat et sein festen Platz an den Këchen weltwégt fonnt. An Kombinatioun mat Kalefsfleesch an enger cremiger Zooss erjiët sech eng Harmonie déi dech begeesteren wärt.

De Kalefsragoût hat säin Ursrpong an der fransiischer Këchen, wubei „Ragoût“ een Begrëff ass, deen op datt fransiischt Wuort „ragoûter“ – „den Goût aanreegen“ – zeréck ze féiren ass. Mat engem Hauch Asien jiët dëst klassischt Ässen zu engem neien, opreegenden Erliäfnis.

Zitrounengras

Zitrounengras ass eent tropischt Gras. Seng Wëldform ass onbekannt, kultivéiert fënnt een et a vill verschidden Arten. Fir ze Kooschen jëtt datt westindischt Zitrounengras gehollt, datt dem Ässen eng wonnerbar Frëscheet, äwer o liit batter Nuancen jiët.

Zitrounengras rëcht net nëmmen no Zitroun, mais et hat o een Hauch van Ruusen an Verbene an sech. Wégder sen séisslich-balsamisch, suwie bloumig-frësch Nuancen an een Groosch van gréinen Appel am Zitrounengras. Fir datt sech d’Aromen frei setzten, jiän die bausigt Bläder raaf gehollt an d‘Wuurzel aafgeschnidden, d‘Gras selwer muss zerschnidden oder gequetscht jiän. D’Aromen liesen sech am Fett, doweenst lisste een et mat kooschen oder schmoren an hëllt et viraam zervéiren raus.

Zutaten fir mäin Kalefsragoût an enger Zitrounencrème

  • Kalefsfleesch: Zaart, moojier Fleeschstécker aus der Schëller oder der Hamm, ideal fir Ragoût, Kalefsfleesch hat een mëllen, botterigen Goût an hëllt d’Gewüzer goud op.
  • Botterschmalz: fir alles aanzebrooden
  • Miähl: fir eng crèmig Zooss ze kreien.
  • Zitrounengras: Frëscht Zitrounengars jiët dem Ässen een erfrëschenden Zitrounenaroma mat engem liit herben, exotischen Touch. Wichtig: viraam Kooschen Zitroungrass aandrécken, fir datt sech d’Aromen entfaalen kannen.
  • Ënnen: suarigen wann se karamelsiéiert se, fir een dezenten séissen Aroma an der Zooss.
  • Knollenzellerie: Den Zellerie suarigt fir een harmonischen Ausgläich zum frëschen an würzigen Aroma vam Zitrounengras. Ausserdeem brengt en eng wonnerbar Textur mat an d’Zooss.
  • Ingwer: brengt eng liit würzig Frëscheet an ënnerstëtzt d’Aromen vam Zitrounengras.
  • Zitrounensaaft: deen ergänzt den Zitrusaroma perfekt.
  • Bréit: hei béid sech eng würzig kalefsbréit natiirlich aan, sie ass d‘Basis fir eng aromatisch Zooss. Eng Houhnerbréit oder Randsbréit deet et äwer o.
  • Schmand: Jiët der Zooss eng sching Textur an balancéiert d’Säier aus.
  • Salz & Peffer: hiäwen d’Aromen an ronnen datt Ganzt aaf.
  • Péitersilich: als Garnitur fir na bëssen Faaref mat an d’Spill ze brengen.

Zoubereedung

  • D’Fleesch schnégden ech an mongerecht Würfelen, salzen an pefferen et an loossen et ongeféier 30 Min. durichzéien.
  • D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an fein Streifen.
  • Den Zellerie schiälen ech an schnégden en an kleng Würfelen.
  • De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein
  • Den Ingwer schiälen ech an riewen en fein.
  • Vam Zitrounengras hualen ech die bausigt Bläder raaf ab schnégden d’Wuurzel aaf, wäschen et, an mam Réck vam Messer quetschen ech et.

An enger waarmer Gossenpann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz, iwerdeems datt schmëlzt driien ech d’Fleesch am Miähl an brooden et all rondrëm goldbrong aan. Datt hualen ech raus, a stellen et op d‘Ségt bis ech et brausch.

Hëtzt driien ech dann raaf an op mëttel Hëtzt brooden ech d’Ënnen an den Zellerie aan an loossen alles karameliséiren.

Subal datt sching brong aangebrooden ass, mëschen ech den Knuawelek an den Ingwer drënner a leen d’Zitrounengras mat dran a brooden alles kuurz aan.

Datt läschen ech mam Zitrounensaaft aaf a loossen deen ganz ankooschen.

Als nächst schëdden ech d’Bréit drop, leen d’Fleesch dran a loossen datt Ganzt opkooschen, dann driien ech d’Hëtzt raaf a mat Deckel loossen ech alles fir ongeféier 2 Stonnen schmoren.

No deen 2 Stonnen, den Deckel raaf hualen, den Schmand dobäi schëdden, schmaaschen, evtl. noowürzen. D’Zooss bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren loossen oder wann nigdig mat bëssen am kaalen Waasser opgeliisten Maizeena bannen. Viraam zeréiren hualen ech d’Zitrounegras raus.

Mat der gewënschter Beilaag op Telleren verdeelen a mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Dobäi passen Gromperen, Pasta, Reis, frësch Baguette oder Zaloot.

Tipps

  1. Vam Zitrounengras jiët just deen ënnischten wäissen Deel verschafft, deen hat die meest Aromen.
  2. Schmoren ass Gedold, looss dem Ässen Zékt, rischt su jiët et zaart an saaftig.
  3. Am platz vam Schmand kanns du o Kokosmëlich hualen, fir mi eng liit Versioun ze zauberen.
  4. Zousätzlich zum Péitersilich kanns du na gehackten Zitrounenzesten driwer verdeelen.
  5. Am Platz vam Kalefsfleesch kanns du dësen Menü o mat Poulet oder Dinde zoubereeden.

Dëst Ässen ass eng wonnerbar Fusioun van europäischen an asiatischen Aromen. Vill Spass beim nookooschen!

Frëschen Genoss mat mengem Kalefsragoût an enger Zitrounengrascrème

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

20

Minuten
Kooschzékt

2

Stunden 

Zutaten

  • 800 g Kalefsfleesch, an mondgerecht Stécker geschnidden

  • Salz & Peffer

  • 2-3 EL Miähl

  • Botterschmalz oder Olivenualeg fir ze brooden

  • 1 deck Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 200 g Knollenzellerie, kleng gewürfelt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • Ingwer, ca. 3 cm, fein geriwen

  • 2 Stangen Zitrounengras

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 500 ml Bréit

  • 200 ml Schmand

  • Péitersilch fir Garnitur, gehackt

  • Optional, 2 TL Maizeena an 1 EL kaalt Waasser opgeliest, falls d’Zoss gebonnen muss jiän.

Zoubereedung

  • D’Fleesch würzen ech mat Salz an Peffer an loossen et zougedeckt ongeféier 30 Min. durich zéien. Iwerdeems bereeden ech datt ganzt Geméiss fir.
  • D’Fleesch driien ech am Miähl.
  • Vam Zitrounengras hualen ech die baussigt Bläder raaf, schnégden d’Wuurzel raaf a wäschen et ënner fléissendem kaalen Waasser dann zerquetschen ech et mam Réck vam Messer.
  • An engem waaremer Gossenpann erhëtzen ech Botterschmalz an brooden do dran d’Fleesch all rondrëm goldbrong aan, datt hualen ech raus a stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • Hëtzt driien ech raaf, an op mëttel Hëtzt brooden ech d’Ënnen an den Zellerie aan, a loossen alles karameliséiren. Subal datt sching brong aangebrooden ass mëschen ech den Knuawelek an den Ingwer drënner a leen Zitrounengras mat dran, datt brooden ech kuurz mat aan.
  • Datt Ganzt läschen ech mam Zitrounensaaft aaf an loossen deen ganz ankooschen.
  • Als nächst schëdden ech d’Bréit drop, leen d’Fleesch dran a loossen et opkooschen. D’Hëtzt driien ech dann rem raaf an mat Deckel loossen ech datt Ganzt ongeféier 2 Stonnen mat Deckel schmoren.
  • No deen 2 Stonnen schëdden ech den Schmand dobäi, schmaaschen an würzen evtl. na no. D’Zooss loossen ech bis op die gewënschten Konsistenz ankooschen oder wann nigdig Maizeena am kaalen Waasser opliesen an Zooss domatt bannen.
  • Viraam zervéiren hualen ech d’Zitrounengras raus an garnéiren den Ragoût mat Péitersilich.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*