Geméisspaste

Hogt deelen ech eent einfascht Rezept fir hausgemaaten Geméisspaste, déi eng gesond Alternative zum industriell produzéierten Cube oder Geméissbréit ass. Dës Geméisspaste ass fräi van kënstlichen Zousätz an perfekt fir Zoubereedung van Zoppen, engem Eintopf an annere Köstlichkeeten.

Dachs ass een am kooschen an et wëllt een enger Zopp na deen letzten Kick jänn oder na siier eng Zooss bei d’Fleesch maan an et greift een zu der käriger Bréit oder dem Cube van deene bekannten Marken. Ech han datt an der Zéckt o su gemaat, et geht jo schliesslich siier an alles krëtt den selwischten versalzene Geschmaasch. Hei ass eng Alternativ fir d’Bréit aus dem Pack, déi net nëmmen deng Zoppen würzt, mais o deng Zooss beim Fleesch an sie ass mi gesond an o na mi bëllig.

Eng Geméissbréit liist sech noohaltig mat Rester oder/an frëscht Geméiss zoubereeden. Datt ganzt Geméiss jëtt am Mixer kleng geschnidden an mat Salz haltbar gemaat. Deng eegen Geméisspaste schmëscht zwar wahrscheinlich all kéier bëssen annëcht, mais et ersetzt deen indutriell produzéierten Cube bestens.

Fir des Paste ze maan brauschst du:

  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • een Mixer oder su een Ënnenhacker (keen Stabmixer)
  • eng Woosch

Zoubereedung

Am Buttik krëss du färdeg Päck mat Zoppengeméiss ze koofen, meestens hat datt Ganzt eent Gewiit zwëschen 600 g an 1kg. Do ass alles dran watt een fir eng goud Bréit brausch. Du kanns et äwer na selwer verfeineren, su ass bei mir na Knauwléck mat dran kommen, ech haat na eng Pastinak am Frigo leien déi han ech o na mat verschafft.

Watt näist an dëser Paste ze séichen hat sen Tomaten, well se zevill Waasser zéien an durich d’Säier ass d’Paste domatt net su lang haltbar.

Rester Geméiss an/oder datt frëscht, wäschen ech grëndlich, schiälen et an schnégden et an graff Würfelen. Am Mixer hechselen ech datt ganzt Geméiss kleng. De Stabmixer püréiert Geméiss ze kleng an dann zéiht et zevill Waasser. Et soll ganz kleng gehexelt sen, äwer na keen Pürée.

Subal Geméiss kleng geschnidden ass, woojien. Fir dës Past lang haltbar ze maan jëtt, 10% bis 20% vam Gewiit vam Geméiss, Salz ënnergemëscht. Ech haat net graad 500 g Geméiss an han 85 g Salz ënnergemëscht. Datt klengt villäicht no vill, ass et äwer net. Am vergläich, besteht dës Past aus 80% bis 90% frëscht Geméiss an 10% bis 20% Salz. Die Industriell besteht aus, an ech han déi gekuckt “mit natürlichen Zutaten” ;-), 3 Zorten Salz, Aroma, 2 Zorten Zocker, an 10% Geméiss.

Wann Past grëndlich mam Salz vermëscht ass, an sterill Gläser fëllen an am Frigo lageren, dës Past ass Wooschenlang haltbar.

Mir ass et äwer lo passéiert, datt ech Geméiss ze fein püréiert han, datt ass keen Grond fir se fort ze schmäissen. Ech han se an Äiswürfelformen aafgefëllt an angefruaren, subal déi durich gefruaren sen fëllen ech se an eent anner Dëppchen ëm.

Tipps

  1. Variiéier mam Geméiss je no Geschmaasch.
  2. Experimentéier mat verschiddene Krégder fir zousätzlichen Geschmaasch.

Varianten

Fir bëssen mi eng exotisch Variant, kanns du Ingwer, Zitrounengras an Frühlingszwibbelen ënnermëschen.

Geméisspaste

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 600 g – 1kg Geméiss (Muurten, Poretten, Ënnen, Zellerie, Péitersilich,…)

  • 10% bis 20% Salz (Gewiit vam geschniddene Geméiss)

Zoubereedung

  • Geméiss wäschen, schiälen, botzen an graff kleng schnégden.
  • An engem Mixer kleng hechselen. Net mam Püréierstaaf.
  • Woojien an 10% bis 20% vam Gewiit vam Geméiss Salz ënnermëschen.
  • An proper Gläser aaffëllen an am Frigo lageren. Dës Past ass Wooschenlang haltbar.
  • oder an Äiswürfelformen aaffëllen an anfréiren, dann ass se na mi lang haltbar.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*