Gewürzmëschungen

Knuaweléckspeffer

Knuaweléckspeffer

150 g gemëschte Pefferkären, 100 g grafft Salz, 50 g gedrëchent Knuawelécksflocken, alles goud mëschen, an eng Gewürzmillen maan, oder direkt mahlen. 


Zitrounenpeffer

Zitrounenpeffer

Zitrounenpeffer maan ëch selwicht wie den Knuaweléckspeffer, 150 g gemëschte Pefferkären, 100 g grafft Salz, 50 g gedrëchent Knauwelécksflocken, an 50 g gedrëchent Zitrounenzeste, an eng Gewürzmillen maan oder direkt mahlen.


Bacon Salz

150 g dënn Scheiwen Speck oder Pancetta am Baaschuawen bei 200 Grad baaschen, an denn op Këschenpapeier aafdrëpsen loossen, an goud drëchnen. Am Blender den Speck zerklengeren. 250 g Salz dobäi maan an 1 TL gereecherten Paprika. alles goud vermëschen. 

Datt Salz schmëcht goud an den Kniäddelen, kann een ët o als Frittensalz hualen oder fir Broot- an Rosmaringromperen ze würzen.


Pouletmarinade

Pouletmarinade

2 El Tomatenpüree, Olivenualeg, 1 TL Salz, 1 TL Peffer, 3 gehackten Ziiwen Knuaweléck, 1 TL Oregano, 1 TL Kreuzkümmel (Cumin), 1 TL Paprikapolwer. Alles goud verrèihren an den Poulet domat anpinselen. Beim brooden den Poulet evtl. mat Sëlverpapeier zoudecken den Tomatenpüree verbrennt jiären.  Oder op mi niddreger Temperatur garen.


Italienisch Kregdermëschung

2 El Oregano, 2 EL Basilikum, 1 EL Thymian, 1 EL Rosmarin, 1 TL Salbei goud mateneen vermëschen. Déi Mëschung kann een o na mat anner Italienisch Kregder verfeineren.

Fir een Pesto, hëllt een frësch Kregder déi püréiert een mat Olivenualeg, bessen Pinienkäre an Knuawelèck. Ech man den Paremsan bei all Pesto deen ech maan nët direkt mat dran. Den Pesto as mi lang haltbaar ouni Parmesan. Parmesan maan ech richt dobäi wann ech d’Nuddeln am préparéiren sën.


Zoppengeméiss

Zoppengeméiss, Kooschgeméiss oder o Wuurzelgeméiss genannt, as deen Deel deen der Bréit Aroma jët. Zoppengeméiss besteht meestens aus Muurten, Knollenzellerie, Péitersillichwuurzel, Poretten, Ënnen. déi an graff Stëcker geschnidden mat der Bréit gekooscht jiänn. 

Dono kann een Geméiss püréiren, kleng schnegden an Gulasch viran verschaffen. Püréiert entsteht eng geherzte sämisch Zooss. 


Bouquet garni

Bouquet garni

Den Bouquet garni as deen Deel van der Bréit an deem Kregder sën. Dachs jiann die einfasch beineen gebonnen, oder an een klengen Säckelchen gemaat an su mat gekooscht. Fir eng Bréit jëtt meestens Péitersillich, Lorbeerbläder an Thymian gehollt. 

Bei Zouberredungen van Zoossen variéiert den Bouquet garni. En kann z.B. aus Thymain, Salbei an Lorbeer bestoen, oder Basilikum Zelleriekorgt, Rosmarin…

Mirepoix

Deen einfaschen Mirepoix besteht aus 125 g Muurten, 125 g Ënnen, 50 g Zellerie, 1 Thymianast, 1 Lorbeeblaad. 100 g rii Ham oder Speck. Datt jëtt alles an ganz kleng Würfelen geschnidden an a waarmer Botter gedënst. Datt hei as deen klassischen Mirepoix. Ech maan an mein äwer keen Speck oder Ham dran ech hualen just Geméiss anwürzen datt mat Salz. Mir Liäwen hogt an enger gemëschten Gesellschaft an et se ganz vill Lékt die keen Schwéngefleesch ässen.

Genéiss kann een o ganz fein hacken, press et dann just firtisch aus, ärs du et dënst, et zéit soss zevill Waasser.