Helle Fond

Virberreedungszéckt: 60 Min.

Kooschzéckt: 4 Stonnen

Fir 10 L helle Fond brauchst du?

  • 10 kg Kalefsjarret an verschnatt vam Kalef
  • 4 Houhnercarcassen an verschnatt vam Houhn
  • 12 L Waasser
  • 60 g Salz
  • 800 g graff gewürfelt Muurten
  • 400 g graff gehackten Ënnen
  • 300 g graff geschnidden Poretten
  • 100 g graff gewürfelt Zelleriknoll
  • 100 g Péitersillischwuurzel
  • 1 Thymianast
  • 1 Lorbeerblaad
  • 4 Neelcheskäpp

Wie jëtt gekooscht?

Fleesch ausbeenen an Schanken kleng zerbrechen.

Fleesch an d’Schanken an een gruust Dëppen leen.

12 L Waasser drop schëdden, an opkooschen loossen, grëndlich aafscheimen.

Geméiss an Gewürzer an Dëppen jiänn, opkooschen loossen.

Hëtzt raaf driien an op mannst 3 Stonnen kooschen loossen. Passéiren.


Bronge Kalefsfond oder Kalefsjüs

Virbereedungszéckt: 60 Min.

Kooschzéckt: 7 Stonnen

Fir 10 L brauchst du?

  • 6 kg Kalefsjarret an Verschnatt vam Kalef
  • 5 kg gebrooschen Kalefsschanken
  • 12 L helle Fond oder Waasser
  • 600 g graff gewürfelt Muurten
  • 400 g graff gehackten Ënnen
  • 100 g Péitersilichwuurzel
  • 10 g Lorbeerbläder
  • 15 g frëschen Thymian
  • 36 g Salz

zousätzlich brauchst du eent Dousch fir den Jüs ze passéiren.


Wie jëtt gekooscht?

De Schiäffchen op 180 °C Uawen- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Fleesch an gruus Würfelen schnegden, mat den Schanken op eng Plaque leen an am waarmen Schiäffchen coloréiren.

Eent gruust Dëppen opsetzen, Muurten an Ënnen op den Buadem leen, dann Fleesch drop verdeelen an dann Gewürzer. Mat Deckel 10 Min. dënsten loossen.

Den Deckel raaf hualen. Paar Louschen Flëssigkeet dobäi jiänn an ouni Deckel ankooschen loossen bis keng Flëssigkeet mi am Dëppen as. Datt 2-3 mol widderhualen. Dann den Rest Flëssigkeet drop schëdden.

Opkooschen loossen an grëndlich aafschäimen. Hëtzt raaf driien, an datt Ganzt ouni Deckel 6 Stonnen op niddreger Hëtzt kooschen loossen.

Durich eent Dousch passéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*