Siier an goud, su kann een dës Iwerraschungstuut nennen. Saaftigt Fleesch, bëssfest Geméiss, gewürzt mat Krégder, Knuawléck an Ënnen, Botter oder een gouden Olivenualeg.
Dës Iwerraschungstuuten sen siier virzebreeden an sie eegenen sech o fir en Daag am viraus virzebreeden. Brooden kann een se om Grill oder am waarmen Schiäffchen. An bei der Fëllung sen der Fantasie keng Grenzen gesatt.
Befir ech äwer dozou kommen watt an menger Tuut dran as, hei jëtt Fleesch am eegene Saaft gekooscht an net gebrooden, et as äwer beim Fleesch su, datt et jiären hart jëtt wann et gekooscht jëtt.
Wie kreien ech Fleesch zart?
An asiatischen Restaurant as Fleesch su richtig zaart an trotzdeem hat et Biss. Geheimniss hei as: Natron. Bei 500 g Fleesch ongeféier 3 Messerspëtzen Natron mat 1 El Ualeg ënnert Fleesch mëschen an et ongeféier 4 Stonnen marinéiren. Dono wie gewiännt würzen an verschaffen.
Et jiänn äwer o na anner Methouden, déi fir mech na vill mi Aroma matbrengen. Mat saierlichen Friischten, déi een mat ant Marinad mëscht an déi o mat gekooscht jiänn. Besonnech Friischten wie Ananas, sämtlich Zitrusfriischten, Papaya an Kiwi eegnen sech do, du kanns nëmmen Saaft hualen oder d’Friischten an Stécker ënnergemëscht. Mat Bottermëlich oder Joghurt krëtt eent Fleesch o Zart. Hei äwer o ëmmer Fleesch paar Stonnen mainéiren an dann verschaffen.
Iwerraschungstuuten anpacken?
Fir Tuuten anzepacken kanns du Sëlwerpapeier hualen, datt as äwer net datt Best. Wann Sëlwerpapeier an Beréihrung mat Salz oder Saier kënnt, ensteht eng chemisch Reaktioun, bei der sech klengst Aluminumdeeler liesen an su am Ässen landen.
Alternativ kanns du Baaschpapeier hualen oder ganz ökologisch an engem Bananenblaad.
Zutaten:
- Randfleesch
- Kooschelen
- Ënnen
- Knuawléck
- Salz
- schwarze Peffer
- italienisch Krégdermëschung
- Olivenualeg
- Zitrounensaaft
- Baaschpapeier
Zoubereedung
Fleesch schnégden ech an mondgerecht Stécker, an leen et an eng Schossel. Datt würzen ech dann well mat Salz an Peffer an mëschen et goud.
Kooschelen schnégden ech an véirel oder an dënn Scheiwen, an mëschen déi ënnert Fleesch.
D’Ënnen schnégden ech an dënn Streifen an den Knauwléck hacken ech fein, datt mëschen ech dann o alles ënnert Fleesch.
Als nächst schëdden ech den Olivenualeg, den Zitrounensaaft an die italiensch Krégder drop, mëschen alles gous an setzen et fir 3-4 Stonnen zougedeckt an den Frigo.
Den Baaschpapeier schnégden ech mer an déi Griist wie ech en brausch, leen Fleesch mam Geméiss drop an verschléissen den Pack mat enger Schnouer, hei as äwwr opzepassen, datt de Pack su zougemaat jëtt, datt keent Saaft ausloofen kann.
Am virgewiäremten Schiäffchen bei 190°C, brooden ech meng Tuuten fir ongeféier 20-30 Min.
Et as egal, watt fir eent Fleesch datts du fir dësen Menü hëlls an o beim Geméiss passt alles watt schmëcht. Eng goud Mëschung as z.B. Poulet, mat Paprika, Kiischtentomaten an Papaya oder Ananas oder Schwéngefleesch mat Tomaten, Courgetten, Zitrounensaaft. An o beim Gewürz kanns du dech su richtig ausprobéiren, die ganz Gewürz- an Krégderwelt steht dir op.
Iwerraschungstuut
Schwierigkeit: einfasch4
30
Minuten30
MinutenZutaten
4 an mondgerecht Stecker geschniddend Randfleesch
Salz
schwarze Peffer
250 g an véirel geschnidden Kooschelen
2 an dënn Streifen geschnidden Ënnen
2 fein gehackten Ziiwen Knuawléck
Saaft van enger halwer Zitroun
2 TL italienisch Krégdermëschung
Olivenualeg oder mëllen Botter
4 Bläder Baaschpapeier
Zoubereedung
- Fleesch an eng Schossel leen an mat Salz an Peffer würzen.
- Kooschelen, Ënnen an den Knauwléck ënnermëschen.
- Italienisch Krégdermëschung, Olivenauleg an den Zitrounsaaft drop schëdden an alles gou mëschen. Fir ongeféier 3 Stonnen an de Frigo stellen.
- De Schiäffchen op 190°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt wiärmen.
- Fleeschmëschung gläichmässig op die 4 Bläder Baaschpapeier opdeelen. Beieneenfalen an mat enger Schnouer befestigen, pass äwer op datt keent Saaft ausloofen kann.
- Fir ongeféier 30 Min. am virgewiärmenten Schiäffchen brooden.
- Evtl. fir Garnitur bëssen gehackten Péitersilich driwer streien.