Kooschel-Zooss

Eng Kooschel-Zooss as wie den Naam et well seet eng Zooss wu den Hauptbestandeel Kooschelen sen. Zooss kann op verschidden Aarten zoubereed jiänn, an o mat verschidden Liäwensmëttel. Su hat een mol eng brong Zooss oder eng hell.

Kooschelzooss as eent ganz einfascht Rezept, mat nëmmen paar goud Produkter hat een dës Zooss ganz siier gekooscht.

Fir meng Zooss hualen ech:

  • Kooschelen, fir aaf ze wiässelen kann een verschidden Kooschelzorten mëschen.
  • Botterschmalz, du kanns o Ualeg oder Olivenualeg hualen.
  • Bréit, hei kann een Bréit van deem Fleesch hualen bei déi Zooss zervéiert jëtt.
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • Zitrounensaaft
  • Rahm
  • Peffer & Salz, hei giff ech ëmmer kucken wie würzig deng Bréit as, an mam würzen bis baal ganz zum Schluss waarden.

Gekooscht han ech se:

Schalotten an den Knuawléck han ech kleng gehackt.

Kooschelen han ech an dënn Scheiwen geschnidden, du kanns Kooschelen o nëmmen halbéiren oder an véirel schnegden, an wann se mi kleng sen kanns du se o ganz loossen.

An enger waarmer Pann han ech Botterschmalz erhëtzt, Schalotten an den Knuawléck han ech do dran aangebrooden. Hëtzt han ech natiirlech aangepasst, net datt den Knuawléck mir verbrennt.

Als nächst han ech Kooschelen ënnergemëscht an déi o aangebrooden, sie kanne ruhig bëssen Faaref aanhualen.

Dann han ech Zitrounensaaft drop geschott, an deen komplett ankooschen geloss. Du kanns natiirlech o Wéng hualen, fir mech muss deen net an der Zooss sen, ech dranken deen dann léiwer.

Wann den Zitrounensaaft angekooscht as, schëdden ech Bréit drop, an déi loossen ech bis op Halschent ankooschen, dann schmaaschen ech Zooss, an hei maan ech dann villäicht bëssen Peffer & Salz dran.

Zum Schluss schëdden ech Rahm drop, vermëschen alles goud, an loossen Zooss su lang kooschen bis se vir mëch die richtig Konsitenz erreecht hat.

Datt as dann meng Kooschelzooss, ouni Cube, ouni Mëttel fir ze bannen, an baal keen Salz & Peffer, an trotzdeem würzig an goud.

Kooschel-Zooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Watt brausch ech?

  • 500 g Kooschelen

  • 1 gehackten Schalott

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 200 ml Bréit

  • 100 ml Rahm

  • Peffer & Salz

Wie jëtt gekooscht

  • Kooschelen an botzen an dënn Scheiwen schnegden
  • Botterschmalz an enger waarmer Pann erhëtzen, Schalotten an den Knuawléck do dran aanbrooden. Hëtzt aanpassen net datt den Knuawléck verbrennt.
  • Als nächst Kooschelen ënnermëschen an mat aanbrooden, sie kanne ruhig bëssen Faaref aanhualen.
  • Dann den Zitrounensaaft drop schëdden an komplett ankooschen loossen.
  • Bréit drop schëdden an ongeféier bis op Halschent ankooschen loossen. Schmaaschen an würzen.
  • Zum Schluss Rahm drop schëdden, an bis zur gewënschter Konsistenz ankooschen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*