Lasagne

Et jiän Rezepter die brauschen keng gruuss Beschreiwung. Du wess wat dech hei erwart. Bolognese, Béchamel, Hausgemaaten Nudelen, an ganz vill frësch geraspelten Parmigiano Reggiano.

Et jëtt ëmmer bëssen arbischt. Mais et lungt sech op die hausgemaaten Nuddelen zeréck ze gräifen.

An Italien, an no dem Rezept van de “Pasta grannies” hat d’Lasagne op mannst 5 Schichten.

Ech han hei äwer meng eegen Bolognese gemaat an o meng eegen Béchamel.

Nuddelen

Et fängt een aan mat bëssen Béchamel déi een om Buadem van enger feierfester Form verdeelt. Dann kommen Nuddelen drop, Dann Bolognese, Béchamel an de Kiiss. Dann rëm Nuddelen, Bolognese, Béchamel, Kiiss…

Et muss een net op all Schicht Kiis maan, mir jëtt datt o zevill, ech maan nëmmen zëschen die 2. an die 3. Schicht Kiis an dann Uawendriwer. Dann kënnt Lasagne ongeféier 45 Min. bei 180 Grad an den waarmen Schiäffchen. As se färdeg, Lasagne raushualen an se zougedéckt na bëssen durich zéien lossen. An dann Gouden Appetit!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*