Marinade 2

  • 100 g geraspelt Muurten
  • 100 g gehackten Ënnen
  • 40 g gehackten Schalotten
  • 30 g geraspelten Sellerie
  • 2 Ziiwen Knuawléck
  • 2-3 geraspelt Péitersilichwuurzelen
  • 1 Thymianast
  • 1 Lorbeerblaad
  • 2 Neelcheskäpp
  • 1,5 L wäisse Wéng
  • 250 ml wäisse Wéngessig
  • 250 ml Ualeg

Geméiss an waarmer Botter op mëttler Hëtzt dënsten an krameliséiren, Gewürzer ënnermëschen. Sämtlich Flëssigkeeten drop schëdden, oopkooschen loossen an op nidreger Hëtzt 30 Min. kooschen loossen.

Fleesch fir ze marinéiren mat Salz an Peffer anreiwen, bëssen anzéihen loossen. WICHTISCH: Marinade muss ganz ausgekéihlt sen befir Fleesch dran geläit jëtt.

Dës Marinade kann o kaal gemëscht jiänn.

Verfeineren kann een des Marinade na mat 15 Waakelterkären,15 g Basilikum an 15 g Rosmarin. An am Platz vam wäisse Wéng hëllt een rugde Wéng, dann as äwer ischter fir Wëld an Lamm.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*