Piccata Milanese

Deen typischen Piccata Milanese jëtt wie den Wiener Schnitzel aus Kaleffleesch gemaat. Den Ënnerscheed as datt den Piccata Milanes nët mat Panéiermiähl panéiert jëtt, mais mat Ei an Parmesan. An Italien jëtt den Piccata mat Spagehtti an Tomatenzooss zervéiert.

Ech han hei äwer Gromperen an eng Chicoreezaloot dobäi gemaat.

Watt brausch ech?

  • Kalefschnitzel
  • Miähl
  • Eier
  • frësch geraspelten Parmesan
  • vill Ualeg
  • bëssen Salz
  • Peffer
  • Tomatenzooss

Wie fänken ech aan?

Schnitzelen klappen ech platt, wanns du keen Fleeschklopfer has, kanns du o einfasch eng mi schwéier Pann hualen. Leen deng Schnitzlen äwer an eng Tuut. Ech halen mir, wann ech draan denken, ëmmer den Papeier vam Metzler. Schnitzelen salzen ech dann ganz liit, nëmmen bëssen, bedenk eent den Parmesan as o gesalzen. Ech lossen se dann ongeféier 1 Stonn zougedeckt bei Raumtemperatur leien.

Dann eng Pann wiärmen an do dran vill Ualeg erhëtzen. Maan deng Pann firtischt richtig waarem ärs du den Ualeg dran mëchs. Et hëleft datt Fleesch dir net aanpëcht. Wann Pann an den Ualeg waarem sen, dann kanns du Hëtzt raaf driien.

Wegder geht et mat Parmesan raspelen an mat den Eier mëschen. Op engem anneren Teller Miähl drop leen. De Schnitzel pefferen ech dann, an driien en am Miähl an dann an der Parmesan-Ei-Mëschung.

Dann leen ech Schnitzelen an Pann, an brooden se ongeféier 3-4 Min. van all Segt.

Brood Schnitzelen eenzel, an maan dir Schiäffchen waarem fir se do dran waarem ze halen. Wanns du direkt 4 Schnitzelen an Pann leechs kéilt alles aaf, an Pannade jëtt net mi knusperig an sie pëscht dir wahrscheinlich an der Pann fest.

Na een klengen Tipp: egal watt fir een Schnitzel datts du mëchs, panéier dein Schnitzel rischt kuurz viraam brooden. Je länger Panade aam Schnitzel as, desto mi Fiitechkeet hëlt se op, an dann geht se beim brooden looss, sie pëscht dir an der Pann fest, an du has een Schnitzel mat Fatzen.

Piccata Milanese

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

25

Minuten

Watt brausch ech?

  • 4 Kalefschnitzel van ongeféier 120 g

  • 60 g Miähl

  • 150 g frësch geriwene Parmesan

  • 4 Eier

  • Olivenualeg

  • bëssen Salz

  • Peffer

  • Tomatenzoss

Wie jëtt gekooscht

  • Schnitzelen platt klappen, liit salzen an se zougedeckt 1 Stonne bei Raumtemperatur leien loossen.
  • Iwerdeems, den Parmesan raspelen an mat den Eier mëschen. Schnitzelen pefferen an dann firtischt am Miähl driien, dann an der Parmesan-Ei-Mëschung.
  • An enger waarmer Pann vill Olivenualg erhëtzen. Schnitzelen sollen schwammen.
  • Schnitzelen drann leen an van all Segt ongeféier 3-4 Min. Goldbrong baaschen.
  • Tomatenzooss

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*