Pizza

Traditionelle jëtt Pizza om Steen an engem Holzuawen gebaasch. Dorfir soll Temperatur oneféier bei 350°C bis 450°C Grad leien. Een normalen Schiäffchen kann datt äwer net, do brausch Pizza dann bëssen mi lang bis se knusperig as. Hat een lo een Pizzasteen kann een deen mat an den Schiäffchen leen, datt wiärt Ergebnis o na zousätzlich ob. Watt na hëlleft, as Baaschplaque ëmgedrigt an den Uawen ze setzen, hei giff ech dann äwer Baaschpapeier ënnert Pizza leen.

Firtischt soll/muss een mol een gouden Pizaadeeg maan. Dofir hëllt een am besten Pizzamiähl am aller besten sugar italienischt, vam Typ 00. Wann’s du Pizza plangs, as et am besten du fängs well 2 Deeg virdraan aan. Wie bei villen Deegzorten brausch o den Pizaadeeg vill Zéckt.

Ech han well vill verschidden Zorten Pizzadeeg probéiert, die meest Rezepter déi een am Netz fënnt, hualen vill ze vill Hefe, denken ëmmer na datt Zocker dobäi gehiiert fir datt Hefe afänkt mat schaffen, an si jiänn dem Deeg net genou Zéckt.


Fir ongeféier 5 Portiounen brauchst du?

  • 100% Miähl (1 kg)
  • 60%-70% Waasser (600 g – 700 g)
  • 15% Sauerddeeg oder 3 g Hefe (150 g Sauerdeeg)
  • 2% Salz (20 g)

Wie jëtt gemëscht?

Mat Sauerdeeg:

Firtischt Miähl mam Waasser mëschen an ongeféier 45 Min. ruhen loossen.

Dann Salz an den Sauereeg dobäi jiänn. Alles ënnermëschen an goud durich kniädden. An villen Rezepter steht ëmmer op mannst 10 Min. kniädden. Wanns du denger Miähl-Waassermëschung äwer die 45 Min. ruhzéckt gëss, brauchst du net su lang ze kniädden.

Den Daag drop den Deeg op Raumtemperatur brengen an dann Portiounen formen van 200 g – 250 g, eng Plaque mat Miähl oder “Semola” anstëpsen. Mat Folie zougedeckt rëm iwert Näit an den Frigo stellen.


Mat Hefe:

Hefe muss firtischt aktivéiert jiänn. Datt heescht Hefe mat 1 EL wootlicht Waasser opliesen.

Om Hefe-Waassergemësch missten sech lo well kleng Bloosen gebildt han. Datt ënnert deen anneren Deeg mëschen an alles eng kéier goud durich kniädden an mëschen, dann Salz drënner mëschen. An dann heescht et kniädden.

Den Deeg dann zu engem Ball formen an eng mat Olivenualg angefetten Schossel leen, den Deeg zougedeckt 1 Stonn bei Raumtemperatur opgeoen loossen.

Schossel loftdischt mat Folie verschléissen an en iwer Nait an den Frigo stellen.

Den Daag drop den Deeg aus dem Frigo hualen, op Raumtemperatur brengen an na eng durichkniädden an Portiounen van 200 g – 250 g formen. Portiounen op eent mat Semola agepuddert Blech leen. Dann mat Folie bedeckt iwert Nait an den Frigo setzen.

Wann den Daag dann do as, fir Pizza ze baaschen, den Deeg fréi genou aus dem Frigo hualen, fir datt en Raumtemperatur aanhëllt.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*