Et wor mol rëm eng kéier aan der Zékt mengt aallt fransiischt Kooschbousch auszepacken, an dobäi sen ech op dësen Klassiker gestuuss. Pommes de terre à la normande, een herzhaften Gromperenmenü deen sech perfekt als Hauptplat eegent, äwer o als Beilaag zu engem saaftigen Stéck Fleesch oder Fësch glänzt.
D’Normandie ass eng moolerisch Regioun an Frankreich, sie ass bekannt fir hir Äppelgärt, crèmig Botter an aromatischen Kiiss. Eent Ässen aus dëser Regioun sen Pommes de terre à la Normande – eng herzhaft Mëschung aus Gromperen, Ënnen, Poretten, Mëlich, Cidre an Äppel, regional Aromen, déi dech mat an d’Normandie hualen.
Watt su besonnig aan dësem Ässen ass, et ass die perfekt Balance zwëschen deem séissen van den Poretten, der schiäreft van den Ënnen an deem fruuchtigen vam Cidre an den Äppel, datt alles verbënnt sech mat enger crèmiger Zooss an zaarten Gromperen zu engem Genoss.

Su jiët dësen Menü zoubereet
D’Basis fir den Goût ass dat Wäisst van den Poretten, Ënnen an Knuawelek. An enger gruusser Pann loossen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz schmëlzen, do dran dënsten ech die gehackten Ënnen, deen gehackten Knuawelek an déi an Halefronselen geschnidden Poretten aan bis alles mëll ass. Ech passen äwer op datt, datt Ganzt keng Faaref aanhëlt. De Geroosch deen sech an denger ausbreet ass herrlich, liit séisslich an angenehm würzig. Wichtig ass et, alles op niddrig bis mëttel Hëtzt ze brooden, et soll näist aanbrennen an keng Faaref aanhualen, äwer mëll an aromtisch jiän.

D’Gromper, ass den Star van dësem Ässen. Festkooschend Gromperen wie Charlotte oder Nicola sen hei ideal, sie behaalen d’Form an hualen Zooss perfekt op. Ech schnégden se an ongeféier 0,5 cm déck Scheiwen. Sie jiän ongekooscht ënnert Poretten an d’Ënnen gemëscht an mat aangedënst bis alles waarem ass.

Een Hauch Normandie, lo kënnt de Moment wu ech alles mat bëssen Cidre aafläschen, datt jiët deem Ganzen eng dezent Fruuchtigkeet an een wonnerbaren Aroma. Alternativ kanns du o Calvados hualen, wäissen Wéng oder Bréit. Den Äppelwéng mëcht äwer den Ënnerscheed.
Fir d’Crèmigkeet suarigt Mëlich. Sie suarigt dofir, datt d’Gromperen mëll jiän an datt eng crèmig Zooss entsteht, déi äwer bal ganz van den Gromperen opgehollt jiët. Aafgeronnt mat bëssen Salz, Peffer an Muskot an den Zauber ass perfekt.

Fir een liiten Brootappeleffekt verdeelen ech an dënn Scheiwen geschnidden Äppel iwert den Gromperen. Dofir hualen ech Boskopäppel, déi han eng angenehm Saier an harmonéiren wonnerbar mat den Poretten an den Gromperen. Datt Ganzt setzen ech ongeféier 30 Min. bei 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt an deen virgewiäremten Schiäffchen.

Deen letzen Schlëff ass frësch gehackten Péitersilich, deen streien ech kuurz viraam zervéiren iwert mein Menü, en brengt Faaref an Frëschheet.

Tipps aus menger Këchen
Fir all Kiissliebhaber, mësch an Würfel geschniddenen Camembert drënner. Deen schmëlzende Kiiss mëcht dëst Ässen na mi opulent.
D’Äppel kanns du firtischt an bëssen Botter schwenken an se dann op den Gromperen verdeelen.
Wees du, datt den Äppelwéng (Cidre) an der Normandie well ségt dem 16ten Joerhonnert een wichtigen Bestandeel an der regionaler Këchen ass? Well Deemools wor den Äppelwéng net nëmmen eent Gedrénks, mais ass o an villen Zutaten an Menü verschafft jiän.
Fazit
Mat dësen Gromperen hëlls du dir eent Stéck Frankräich op den Teller. Et vereent einfasch Zutaten mat enger raffinéierter Zoubereedung. D’Kombinatioun aus zarten Gromperen, eng aromatisch Mëschung aus Poretten, Ënnen an Knuawelek. D‘Fruuchtigkeet vam Äppelwéng an den Äppel, datt Crèmigt van der Mëlich, mëcht dësen Menü zu engem Highlight.
Probéier et aus, maan eng sching Foto an deel se ënnert dem #beijosiane! Genéiss deen ischten Maufel mat zounenen Auen, su schmëscht d’Normandie!
Pommes de terre à la normande
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten40
MinutenZutaten
2 Porettenwäisst, an dënn Halefronselen geschnidden
2 Ënnen, fein gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
Botterschmalz fir ze brooden
1 kg Gromperen, geschiält an, a Scheiwen van 0,5 cm Déckt geschnidden
100 ml Äppelwéng (Cidre)
1 L Mëlich
Salz & Peffer
Muskot
2 Äppel an dënn Scheiwen geschnidden
Péitersilich, gehackt, fir Garnitur
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann lossen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz schmëlzen, do dran dënsten ech Poretten, d’Ënnen an den Knuawelek aan bis alles mëll ass, äwer ouni datt et Faaref krëtt. Würzen mat Salz an Peffer.
- Subal alles mëll ass an goud rëcht mëschen ech d’Gromperen drënner, déi dënsten ech fir ongeféier 10 Min. mat aan.
- Datt läschen ech dann mam Cidre aaf an deen loossen ech ankooschen
- De Schiäffchien wiärmen ech op 200° Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
- Als nächst schëdden ech d’Mëlich drop, würzen mat Salz, Peffer an Muskot.
- Subal d’Mëlich waarem ass, verdeelen ech d’Äppelscheiwen iwert den Gromperen an setzen datt Ganzt fir ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
- Gromperen verdeelen ech op Telleren an viraam zervéiren streien ech bëssen gehackten Péitersilich driwer.
- Mat der gewënschter Beilaag zervéiren, bei mir woren datt kleng Bouletten, goud passt äwer eng einfasch Zaloot oder all annert Stéck Fleesch oder Fësch.