Poulet & Houhn

De Poulet, wanns du Poulet keefs, solls du dorop oppassen datt Fleesch ëmmer drëchen légt. Datt et hell an zartrosa ass, et soll nëmmen liit baal gar net rauschen. Ween dobäi na jétt goudes maan wëll, soll am besten kucken fir Regional ze koofen, an Poulet aus Fräilandhaltung. Am besten as et nattirlich Privat ze koofen, do kanns du dech dann o selwer iwerzeechen datt et dëm Poulet goud geht, du kress sugar villäicht den Naam gesoot 😉 . Et jiänn o well vill Metzlereien, déi béiden Poulet van Privatziichtern aan.


Gegrillte Poulet

  • Fir gegrillte Poulet ze maan jëtt et sëllich Rezpeter an all Variatiounen. De Poulet kann ganz einfasch just mat Peffer an Salz gewürzt, an Botter angebrooden, an dann am Schiäffchen fiärdeg gemaat jiänn. 
  • Et kann een en direkt an ouni aanbrooden am Schiäffchen maan.  En kann mat Geméiss oder mat irgendenger annerer Fëllung gefëllt jiänn. 
  • Mäin Poulet maan ech am Moment mat menger Pouletmarniade datt Rezept fënns du hei
gegrillte Poulet

De Poulet am besten mat Sëlverpapeier zoudecken oder Hëtzt net su hii driien. Den Tomatepürée verbrennt jiären.

Watt natiirlech o goud schmëscht, as de Poulet angeriwen mat enger Marinade aus Rosmarin, Thymian, Knuaweléck, Peffer an Salz. Déi Marinade kann een mat Olivenualeg mëschen, mat geschmolzener Botter oder einfasch drëchen. Datt dann goud ant Fleesch anmasséieren. De Poulet gefëllt mat enger Biozitroun die paar mol mat engem Messer agepickt as. Während dem brooden de Poulet mat Ualeg oder Botter regelméisseg anpinselen. 


Poulet aus dem Wok

Watt brausch ech?

  • 2 Filet vam Poulet
  • Geméiss kann een hualen wurop een Iddi hat
  • 1 kleng Ënn
  • 1 Bond Frühlingszwibbelen
  • 3 EL Sojazooss
  • 3 EL Räiswéng
  • 3 EL Maïsstärke
  • 1 gepressten Ziiw Knuaweléck

Wie jëtt gekooscht?

De Poulet kleng schnegden an mat der Sojazooss, dem Räiswéng an der Maïsstärke mëschen. 1 goud Stonn durich zéihen loossen. Ween et lo mi scharef wëll han, kann eng Chilischot oder Chilipaste mat drënner mëschen.

Marinéierte Poulet

Geméiss kleng schnegden. Hei haat ech lo blanchéierte Broccoli an gréinen dënne Spargel. Et kann een o na Kooschlen drënner mëschen et passt bal alles. Deen dënne Spargel kann een rii mat an den Wok schmäissen, durich brooden as deen direkt mëll.

Den Wok erhëtzen an Ualeg dran maan. Fleesch kräftig aanbrooden, raushualen an waarem stellen.

Geméiss am Wok kräftig an nëmmen kuurz brooden. De Knuaweléck rischt zum Schluss drënner mëschen, well deen siier verbrennt. Dann Fleesch drënner mëschen kuurz mat erhëtzen an de Wok dann van der Plaque raaf hualen. An dann rischt Frühlingszwibbelen drënner mëschen.

Ech han Basmatiräis dobäi gemaat. Et kann een äwer o chinesisch Nudelen dobäi maan, déi jiff ech dann mat am Wok brooden.

Poulet aus dem Wok

Pouletkroketten

Watt brausch ech?

  • 1 gekooschten Zoppenhouhn
  • 125 g Miähl
  • 125 g Botter
  • 1,5 L Houhnerfong
  • 250 g Kooschelen
  • 3 Eijiäll

Wie jëtt gekooscht?

Houhn an kleng Würfelen schnegden. Mat der Botter an dem Miähl en helle Roux zoubereeden an aafkéilen loossen. De waarme Fong drop schëdden an ënner stännigem réieren opkooschen loossen. 10-15 Min. op niddreger Hetzt kooschen loossen. 

Kooschelen kleng hacken, an eenzel préparéiren. 

Houhn an Kooschelen goud mat der Zooss vermëschen. Eijiäll ënnerréieren. Datt ganz op enger angefetter Plaque glatt sträichen an iwert Näit am Frigo goud durich kéihlen loossen.

Op Arbischtspalque stierzen an a Quadrater oder Rechtecke schnegden. Panéieren (Miähl, Eier, Panéiermiähl) an bei 175 Grad an der Frittös frittéiren

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*