Hähnchenfilet Provençale

Pouletfilet Provençale

Pouletfilet Provençale as eent köstlicht Ässen, bei deem kleng gewürfelten Pouletfilet zesaammen mat gewürfelten Tomaten, Courgetten, Ënnen an Knuawléck gebrooden jiänn. De Knuawléck jëtt dësem Ässen een intensiven Geschmaasch, während Salz, Peffer an Krégder aus der Provence dofir suarigt datt alles goud gewürzt as. Ergebnis as eent gesond Ässen mat mediterranem Flair.

Zutaten an Zoubereedung

Geméiss virbereeden

Courgetten jiänn grëndlich gewäsch an an Würfelen von ongeféier 1 cm geschnidden. Tomaten wäschen ech, halbéiren se schnégden de Stronk raus an mat engem Läffel hualen ech Kären raus, dann jiänn di kleng gewürfelt. D’Ënnen an de Knuawléck jiänn fein gehackt. Datt ganzt Geméiss mam Knuawléck an den Ënnen an eng Schossel leen.

Fleesch virbereeden

De Pouletfilet mat Këchenpapeier drëchen tupfen an a kleng Würfelen schnégden, an Schossel bei Geméiss leen.

Hähnchenfilet
Pouletfilet

Würzen

Dës Mëschung mat Olivenualeg, Salz, Peffer an Krégder aus der Provence würzen an alles grëndlich mëschen. ongeféier 30 Min. durichzéien loossen.

Brooden

An enger waamer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an Fleesch- Geméissmëschung do dran op mëttel Hëtzt brooden bis alles gar as. Am besten an Etappen brooden an kuurz viraan Schluss rëm alles mëschen fir et ze wiärmen.

Zervéiren

Viraam zervéiren frësch gehackten Péitersilich driwer streien.

Watt kann ech dobäi zervéiren?

  1. Reis: Zervéier dësen Menü mat Reis, wie Vollkorn oder eng Mëschung mat wëllem Reis. De Reis hëllt Aromen van dësem Menü op.
  2. Gromperen: Brootgromperen, Gromperenpürée oder gebaaschen Gromperen passen ëmmer goud zu mediterranem Fleesch mat Geméiss.
  3. Bulgur: Een wegderen Kär, deen goud mat der mediterraner Këchen harmonéiert. Bulgur as liit zouzebreeden an jëtt dësem Menü eng angenehm Textur.
  4. Zaloot an Baguette: Een frëschen Komp gemëschten Zaloot an am Schiäffchen geréiestert Baguette, mi brausch et net fir satt ze jiänn.
  5. Humus: An engem Wrap mat bëssen humus zesaammen gerullt, su kann een die mediterran Aromen an engem handlichen Format genéissen.

Beilaagen hänken ëmmer van dengem perséinlichen Geschmaasch aaf. Probéier verschidden Optiounen aus, fir raus ze fannen watt dir am besten schmëcht.

Pouletfilet Provençale

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 3 gewürfelt Pouletfileten

  • 1 kleng gewürfelt Courgette

  • 2 kleng gewürfelt an entkärten Tomaten

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 2-3 TL Krégder aus der Provence

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • Salz & Peffer no Geschmaasch

  • fir Garnitur, frësch gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Fleesch, Courgetten, Tomaten, d’Ënnen an de Knauwléck an enger Schossel mëschen.
  • Mat Krégder aus der Provence, Salz, Peffer an 2 EL Olivenualeg goud vermëschen an zougedeckt 30 Min. durich zéien loossen.
  • An enger waarmer Pann 1 EL Olivenualeg erhëtzen an Fleesch-Geméissmëschung dodraan op mëttel Hëtzt brooden bis et gar as. Am besten an Etappen brooden an kuurz viraan Schluss alles mateen mëschen an wiärmen.
  • Viraam zervéiren gehackten Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*