Rigatoni mat gebaaschen Tomaten, Stoffi an Pesto

Pasta sen an 2 Kategorie ennerdeelt, “pasta secca” gedrëchent Pasta an “pasta fresca” frësch Pasta. Die meest gedrëchent Nuddelen jiänn industriell produzéiert. Die frësch Pasta jëtt traditionell mat den Hänn gemaat, heinsdo mat Hëllef van einfaschen Geräter.

Ech muss selwer o soen, wann een sech Zéckt hëllt jëtt et keng Pasta déi besser as wie déi selwer gemaaten. Leider han ech o net ëmmer Zéckt.

Hei as eent Rezept datt weisst wie mat winigen gouden Liäwensmëttel eent richtigt goud Ässen gemaat jëtt.

Dofir brausch ech:

  • Pasta (Rigatoni, Penne, Rigate, Maccheroni)
  • Basilikum Pesto
  • Stoffi
  • Kiischtentomaten
  • bëssen Olivenualeg
  • Peffer & Salz
  • Gedrëchenten Oregano

Zoubereedung

Bei all Pasta, egal watt fir eng datts du kooschs, as et ëmmer wichtig, datt Zooss färdeg as ärt Nuddelen gar sen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt vir.

Kiischtentomaten wäschen ech, dann halbéiren ech se an leen se an eng feierfest Form, déi würzen ech mat Salz, Peffer an gedrëchentem Oregano. Do driwer verdeelen ech dann bëssen Olivenualeg an setzen se fir ongeféier 20 Min. an de Schiäffchen.

Als nächst setzen ech gesalzent Waasser op fir Nuddelen ze kooschen.

Iwerdeems ech drop waarden datt Waasser kooscht, mëschen ech den Stoffi, mam Pesto, würzen na bëssen mat Peffer an Salz an schëdden ongeféier 0,5 Glas Waasser dobäi. Datt vermëschen ech goud an stellen et op Ségt bis ech Zooss brausch.

Subal mengt Waasser kooscht, schëdden ech Nuddelen dran an kooschen se no Packaaweisung al dente.

Wann Nuddelen färdeg sen, schëdden ech se aaf, leen se an eng Schossel, mëschen Tomaten drënner , an dann Stoffimëschung. Du kanns datt o alles am Dëppen mëschen, Dëppen äwer net mi op Feier setzen.

Rigatoni mat gebaaschen Tomaten, Stoffi an Pesto

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

25

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 500 g Pasta

  • 300 g halbéiert Kiischtentomaten

  • bëssen Olivenualeg

  • Peffer & Salz

  • gedrëchenten Oregano

  • 250 g Stoffi

  • 100 g Basilikum Pesto

  • 60 ml Waasser

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Tomaten an eng feierfest Form leen, mat Salz, Peffer an Oregano würzen. Bëssen Olivenualeg driwer verdeelen an fir ongeféier 20 Min. an de Schiäffchen stellen.
  • Salzwaasser fir d’Nuddelen opsetzen.
  • Iwerdeems, de Stoffi mam Pesto, Waasser an bëssen Salz an Peffer mëschen an op Ségt stellen bis Zooss gebrauscht jëtt.
  • Nuddelen no Packaaweisung al dente kooschen.
  • Subal Nuddelen färdeg sen, aafschëdden an eng Schossel leen oder zereck ant Dëppen, Dëppen äwer net mi op Feier setzen, an mat den Tomaten an der Stoffimëschung mëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*