Rosmarin

Wann een de Rosmarin rëscht, denkt een direkt aan mediterran Gewürzer an Aromen. Am Mëttelmiärraum wiist en bal iwerall wëll, an en as Bestanddeel van “Herbes de Provence”. Sein Aroma as kräftig an onverwiesselbar.

De Rosmarin enthält ganz vill Aromen, van séisslich-balsamich no Ruusen rauschend, déi äwer siier verfléien. Bis hin zu orangartig, terpentin-zitrounenartig. Et rëscht een Eukalyptus an Kampfer, harzig-, holzig- bis Neelchskapp-artig.

Beim Rosmarin jiänn Bläder gestreppt, kann een äwer o deen ganzen Ast matkooschen. Die meest Aromen liesen sech am Fett. De Rosmarin kann mat gäss jiänn soll dann äwer fein gehackt sen. Jëtt de Rosmarin ze lang mat geschmoort jëtt en batter an en kann dengt ganz Ässen dominéieren. As datt äwer gewollt as et am besten Olivenualeg ze hualen. Gerbstoffer vam Rosmarin liesen sech am Olivenualeg an den Olivenualeg hat seng eegen Batterheet déi et beisteiert.

Gedrëchent schmëscht de Rosmarin intensiv herb, an net mi bloumig frësch, am besten sparsam doséieren.

Rosmarin ergänzt sech goud mat anneren mediterrane Krégder, wie Thymian, Majoran, Oregano, Salbei, Lorbeer an Lavendel. Die han all een intensiv stariken Aroma datt kenn dem anneren Show klaut, am Gegendeel, sie ergänzen sech.

Rosamrin passt ganz goud bei donkle Schokla, sugar an enger séisser Limonade kann de Rosmarin eng Ergänzung sen.

Beim Grillen kann een Fleesch op Rosmarinäst leen an et su grillen, et rëscht net nëmmen goud all Grillfleesch krëtt o een herrlichen Goût. Oder du hëlls die holzig Äst an spiess do deng Broschetten drop, zesaammen mat engem Hallem Zitrounengras entsteht su een onverweisselbaren Aroma.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*