Saumonzooss

Fir meng Saumonzooss, schnegden ech 1 Ënn,1 Muurt an eng Stang Zelleriekrogt an kleng Würfelen. Déi dënsten ech am Olivenualeg aan, salzen an schmaaschen.

Geméiss watt een su andënst nennt een an där Italineischer Këschen Soffritto, ech schnegden meng su kleng wie miilësch, et kann een et o an een Blender maan an püréieren. Beim aandënsten Hëtzt net ze hii driien, et soll keng Faaref aanhualen. 

Wann Geméiss mëll as, maan ech 2 gepressten Ziiwen Knuawelèck an 2-3 EL Tomatenpürée dobäi. Datt dënsten ech mat aan an läschen et mat engem Glaas wäissen Wéng aaf. Deen loossen ech ankooschen. 

Iwerdeems schnegden ech 3-4 geschiällten Tomaten an graff Stecker, an maan déi dobäi. Salzen an schmaaschen. 

Den Saumon schnegden ech an Würfelen van ongeféier 2 cm. An verdeelen deen am Dëppen. Dann maan ech Waasser drop su datt alles just bedeckt as. Wanns du lo Fëschfong doheem has, kanns du däs o drop schëdden. Datt loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen et ongeféier 30 Min. sudderen. Dann schedden ech 1 kengt Dëppchen Rahm drop oder hualen Sauerrahm an schmaaschen datt Ganzt mat schwarzem Peffer an Dill aaf. Dobäi passen Tagliatelle oder Spaghetti.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*