Schalottenessig oder Pickled shallots

Angeleiten Schalotten an Schalottenessig as su einfasch ze maan – et brausch een nëmmen 5 Min. an meestens hat een sugar alles doheem.

  • Et as eent Rezept bei deem een näist ze kooschen brausch.
  • an 5 Min. sen se am Glas, sollen dann allerdings 1-2 Wooschen durchzéien.
  • Du brauschs nëmmen eent scharft Messer oder eng Mandoline an eent Glas.

Die ischte Kéier wie ech deen Essig gemaat han hätt ech net gedeit mat 3 Saaschen suvill Geschmaasch ze kreien. Jo du liäs richtig 3 Saaschen, -Schalotten, Knuawléck an Wäissewéngessig. Ageleit Schalooten han een eenzigaartigen Geschmaasch, séiss an liit scharef, watt dengem Ässen een interessanten Geschmaasch jëtt.

Wie notzen ech deen Essig oder Schalotten?

  1. Dës Schalotten kanns du als Beilaag bei Fleesch oder Fësch zervéiren, an Zalooten, op enger Bottich oder op enger Kiissplaque. Sie passen goud zu vill verschidden kulinarischen Kreatiounen.
  2. Ageleit Schalotten sen lang Haltbar, sie kanne wooschenlang am frigo gelagert jiänn, watt natiirlech eng praktisch Zutat as, déi ëmmer parat steht.
  3. Schalotten behaalen trotz datt se am Essig leien eng knackig Textur, watt zu engem interessanten Kontrast an deen verschiddensten Menüer féiren kann.
  4. Schalooten sen reich aan Antioxidantien, watt sie zu enger gesonder Ergänzung an der Ernährung mëcht.
  5. Durich aanleen kanns du Schalotten mat deene verschiddensten Gewürzer, Krégder oder Flëssigkeeten anräicheren, fir verschidden Geschmaaschsrichtungen ze kreien.

Zutaten:

  • Schalotten et mussen äwer keng Schalotten sen. Schalotten oder rugd Ënnen jiänn dem Essig na eng sching Faaref. Du kanns o all anner Zort Ënnen hualen.
  • Wäissewéngessig, Alternativen sen Äppelessig, dann jëtt datt ganzt bëssen mi séiss, oder een einfaschen Essig domat geht et o.
  • Knuawléck, deen brausch keng Erklärung, kann nie genou Knuawléck jiänn.

Zoubereedung

Schalotten han ech geschiällt an mat der Mandoline an ganz dënn Scheiwen geschnidden.

De Knuawléck schiälen ech, deen an dënn Scheiwen schnégden oder einfasch nëmmen halbéiren.

Alles an een propert Glas fëllen an mam Essig opfëllen.

Wanns du lo Gewiiter has, kanns du déi drop leen an Glas dann fest verschléissen, et geht äwer o ouni, denk dann draan fir Glas paar mol a ze driien.

1-2 Wooschen op eng donkle kéil Platz stellen an durich zéien loossen.

Opwiärten kanns du dësen Essig na mat 1 Thymianast, 1 Lorbeerblaad an 1 Neechleskapp.

Schalottenessig oder Pickled shallots

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

5

Minuten

Zutaten

  • 300 g an dënn Ronselen geschnidden Schalotten

  • 3 an dënn Scheiwen geschnidden Ziiwen Knuawléck

  • 0,5 L Wäissewéngessig

Zoubereedung

  • Alles an een propert Glas oder Fläsch fëllen.
  • Mam Essig opfëllen, fest verschléissen an op enger donkler kéiler Platz 1-2 Wooschen durich zéien loossen.
  • Du kanns dësen Essig na opwiärten wanns du 1 Thymianast, 1 Lorbeerblaad an 1 Neechleskapp mat dran mëchs.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*