Schwéngskotlett mat Tomaten, Knuawléck an Paprikareis

Virbereedungszéckt: 20 Min.

Kooschzéckt: 60 Min.

Fir 4 Portiounen brauchst du?

  • 4 Schwéngskotletten
  • Salz
  • 3 EL Olivenualeg
  • Peffer
  • 1 gehackten Ënn
  • 3 an dënn Scheiwen geschnidden Ziiwen Knuawléck
  • 1 EL Oregano
  • 1 EL glace de Viande
  • 125 ml rugde Wéng
  • 500 g geschiällten an gewürfelt Tomaten

Wie jëtt gekooscht?

Kotletten aus dem Frigo hualen, salzen an se 1 Stonn durich zéien lossen.

Olivenualeg an enger waarmer Pann erhëtzen, an Kotletten van deen 2 Séckten kräftig aanbrooden. Mat Peffer würzen. Raus hualen an op Séckt stellen.

Hëtzt raaf driien d’Ënnen an den Knuawléck aandënsten. Halschent vam Oregano drënner mëschen. Glace de Viande dran maan an schmelzen loossen.

Hëtzt rëm rop driien. Den rugde Wéng drop schëdden, opkooschen loossen an bis op Halschent ankooschen loossen.

Dann Tomaten drënner mëschen an opkooschen loossen. Den Rest vam Oregano an evtl. na bëssen Salz an Peffer. schmaaschen.

Kotletten rem dran leen an se zougedeckt 1 Stonn op niddreger Hëtzt schmoren loossen.

Schwéngskotlette

Paprikareis

Virbereedungszéckt: 10 Min.

Kooschzéckt: 20 Min.

Fir 4 Portiounen brauchst du?

  • 250 g Reis
  • 500 ml Waasser
  • een halwen TL Salz
  • een halwen TL Paprikapolwer
  • 2 kleng gewürfelt rugd Spitzpaprika
  • 1 Bott an dënn ronselen geschnidden Frühlingszwibbelen

Wie jëtt gekooscht?

De Reis an een Dëppen maan, an Waasser drop schëdden, Gewürzer ënnermëschen. Opkooschen loossen, Hëtzt raaf driien an op niddreger Hëtzt durich zéien loossen.

Wanns du lo Basmati hëlls kanns du bëssen mi Waasser dran maan.

5 Min. viram Enn van der Kooschzéckt, den Paprika ënnermëschen.

Wann Waasser all fort as, as den Reis goud. Van der Plaque hualen, an dann rischt Frühlingszwibbelen drënner mëschen.

Beim Basmati ëmmer rëm dran réiren, deen brennt ganz siier aan.

Paprikareis

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*