Shepherd’s pie oder Hachis Parmentier

Shepherd’s pie oder Cottage pie as eent typischt irischt Ässen, ähnlich wie bei eis den Hachis Parmentier. Dësen Pie genau wie den Hachis jëtt mat Gehacktes an een Topping aus Grompernpürée gemaat. Bei den Iren jëtt Lamm- oder Randsgehacktes gehollt, bei eis Rand- oder gemëschtent Gehacktes.

Fir den Shepherd’s pie jëtt Fleesch rii oder gebrooden gehollt. Well bis wegt an 20. Joerhonnert Frigoen gefehlt han as gebroodent kleng geschniddend Fleesch fir de Pie gehollt jiän. Et as eent Restässen, an de 1940er hat Frau fir den Sonndesbroot eent gruust Stéck Fleesch kooft an su Rester viran verschafft fir an der Wosch o Fleesch ze han.

Bei de Rezepter van Hogt jëtt Fleesch meestens rii gehollt, et kann een et natiirlech o aanbrooden. Ech sen o ischter fir gebroodend Fleesch, et as jo eent Restässen, an et jëtt aus gehackten, gebrooden Rester Fleesch gemaat.

Su hat o Escoffier sengt ganz eegent Rezept fir Hachis Parmentier ze maan, bei him jiän deck Gromperen geholt, déi jiän am Schiäffchen gebaasch, dann ausgehölt. Datt bannescht van den Gromperen jëtt dann, mat an kleng Würfel geschnidden Randfleesch gebrooden, gewürzt. Gromper jëtt domatt gefëllt, gebaasch an driwer kennt eng “Sauce Lyonnaise”.

Bis op Gehacktes an de Grompernpürée, jëtt et net wirklich eent fest Rezept, watt an de Pie oder den Hachis dran kënnt. Su kann een einfasch kucken watt de Frigo oder Truh am Angebot hat.

Shepherd’s pie oder Hachis Parmentier

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

6

Ech han bewosst Geméiss geschriwen. Die meest Rezepter déi ech fond han maan de Pie mat gefruarene Iärbessen an Muurten. Du kanns äwer o frëscht Geméiss hualen, egal wat fir eent. Ech jiff all mi hart Geméisszort firtischt am Salzwaasser blanchéiren.

Watt brausch ech?

  • 2 EL Ualeg

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 500 g Rands- oder Lammgehacktes

  • 2 EL Péitersilich

  • 1 TL gedrëchente Rosmarin

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • 1/2 TL Salz

  • 1 /2 TL gemahlene schwarze Peffer

  • 1 EL Worecestershiresauce

  • 2 EL Miähl

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 250 ml Randsbréit

  • 200 g kleng geschnibbelt Geméiss. (Ech han well ech na Rest haat, Sëlwerënnen aangebrooden, an fein geschniddene Chinakohl.)

  • Fir de Pürée
  • 1 kg miählisch kooschend Gromperen

  • 200 g Botter

  • 250 ml halef an halef Mëlich mat Rahm

  • 1/2 TL Salz

  • 1/2 TL Peffer

  • bëssen Muskot

  • 60 g frësch geraspelten Parmesan, schmaaschen an evtl. Noowürzen.

Wie jëtt gekooscht

  • De Ualeag an enger waarmer Pann erhëtzen, Ënnen mam Knuawléck op mëttler Hëtzt aanbrooden an karameliséiren, ëmmer rëm dran réiren.
  • Fleesch ënnermëschen an aanbrooden. Sämtlich Gewürzer an Krégder ënnermëschen an ongeféier 10 Min. op mëttler Hëtzt brooden.
  • Worecestershiresauce ënnermëschen an alles goud mëschen. Dann den Tomatenpürée liit aanbrooden.
  • Mam Miähl anstëpsen, alles goud verréiren, dann Bréit drop schëdden. Opkooschen loossen.
  • Geméiss ënnermëschen an 5 Min. op mëttler Hëtzt kooschen loossen. Schmaaschen an evtl. noowürzen. Fleesch an eng feierfest Form leen.
  • Fir den Pürée
  • Gromperen schiälen an mëll kooschen, durich eng Passe-Vite driien oder mam Püréestampfer kleng trippsen.
  • Mëlich, Rahm liit erhëtzen an de Botter do dran schmëlzen, no an no en ënnert den Pürée mëschen bis die gewënschte Konsistenz erreecht as.
  • Gewürzer drënner mëschen alles goud mateneen vermëschen
  • Dann den Parmesan ënnermëschen.
  • De Schiäffchen op 200° Grad virhëtzen.
  • Fleesch as jo well an enger feierfester Form. De Pürée gläichmässig driwer verdeelen.
  • Am waarmen Schiäffchen 25-30 Min. baaschen. Raushualen an 15 Min. ruhen loossen viram zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*