Soffritto

Muurten, Zellerie an Ënnen as eng Geheimwaff van der mediterraner Këchen. Je no Region jëtt na annert Geméiss drënner gemëschte. An datt Ganzt jëtt op niddreger Hëtzt am Ualeg gedënst. Rischt den Soffritto jëtt der italienischer Këschen Aroma an Geschmaasch.

De Soffritto lisst sech goud am viraus zoubereeden an am Frigo lageren. Domatt hat een ëmmer eng extra Portioun Geschmaasch am Frigo fir eng goud Tomatenzooss oder eng Bolognese.

Bei engem Soffritto as et wichtisch den Ënnerscheed zwëschen brooden an dënsten ze kennen. Beim brooden jëtt bei hiier Hëtzt dofir gesuarigt datt Röstaromen entstinn, Waasser watt austrëtt soll direkt verdämpen. Beim dënsten jëtt bei niddreger Hëtzt dofir gesuarigt datt alles am eegene Saaft kooscht an gar jëtt, an deems Waasser watt austrëtt luas verdënst karamelsiséiert alles rischt zum Schluss an su entstinn die natiirlech Zockerstoffer, déi dem Soffritto deen richtischen gouden Goût jiänn. Een richtisch gekooschten Soffritto brausch bëssen Zéckt. Rischt no 45-75 Min. op niddreger Hëtzt kooschen entsteht deen herrlichen Geschmaasch.

Een Soffritto brausch vill Olivenualeg, an well en net mi waarem wie 140°C gedënst soll jiänn bleiwen all die goud Inhaltsstoffer vam Olivenualeg erhaalen. Wann en bis färdeg gekooscht as kann een ëmmer na entscheeden een Deel vam Ualeg fort ze schëdden.

Geméiss jëtt an kleng Würfelen geschnidden. Ënnen soll een op der Hand schnegden. Muurten an den Zellerie kann een o an der Maschin hacken. Wann den Menü bis färdeg gekooscht as soll de Soffritto sech baal komplett opgeliist han, et mussen also keng gläichmässig Würfelen sen, et soll just su kleng wie miilech geschnidden sen.

Ech hualen ongeféier van allem selwischt vill, woojen et äwer net aaf, datt geht op d’Au,

  • 2 Ënnen
  • 1 deck Muurt
  • 1-2 Stangen Zellerie
  • 4-5 EL Olivenualeg

Datt as Grondrezept vam Soffritto an e liisst sech iwerall ansetzen. Datt jëtt alles op niidreger Hëtzt gedënst, ëmmer rëm dran réiren. Wann no 40-45 Min. Geméiss aafänkt faaref je kreien dann muss een bëssen oppassen an Hëtzt sugar na raaf driien. Geméiss fänkt dann aan ze karamelsiéiren an verbrennt dann mi siier, do also oppassen an mi dachs dran réiren. An dann Naas an d’Auen ansetzen, wann alles herrlich rëscht an liit brong as, as den Soffritto färdeg. Su kann en an Gläser aafgefëllt oder agfruaren jiänn.

Zum Schluss kann een den Soffritto dann na mat Knuawléck, Rosamrin oder/an Thymian aromatiséiren.

Am Glas am Frigo hällt den Soffritto sech ongeféier eng Wosch.

Fermentéieren

Watt ech lo probéiert han, ech han de Soffritto fermentéiert, an meng Bolognese mat engem fermentéierten Soffritto gemaat. An ech muss soen, déi as goud jiänn. Den Aroma vam Geméiss schmëscht an an mi raus wie wann den Soffritto nëmmen gedënst jëtt.

Bolognese
Spaghetti Bolognese

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*