Verschidden Raviolifëllungen

Alla Genovese

Virbereedungszéckt: 20 Min

Kooschzéckt: 10 Min.

Watt brausch ech?

  • 200 g Mangoldbläder
  • 150 g Kalefsbries
  • 250 g Kalefsgehacktes
  • 1 drëchent Brigdchen
  • 125 ml Kalefsfond
  • 2 Eier
  • 2 EL Parmesan oder Pecorino
  • 0,5 TL Majoran
  • Salz, Peffer

Wie jëtt gekooscht?

Mangoldbläder wäschen, an ongeféier 3 Min. am kooschende Waasser blanchéiren, aafdrëpsen loossen.

De Kalefsbries am kooschende Salzwaasser 5 Min. blanchéiren. Kaal aafschrecken an van Hogt an Gefässer befreien. Kleng schnegden an mam Gehacktes bei Geméiss jiänn.

Vam Brigdchen Kuuscht zu Panéiermiähl verschaffen an datt Bannescht am Kalefsfond anweechen an ausdrecken. Alles ënnert Fleesch an den Mangold mëschen.

Eier, den Parmesan, Majoran, Salz an Peffer ënnermëschen.


Mat Gorgonzola

Virbereedungszéckt: 10 Min.

Kooschzéckt: 10 Min.

Watt brausch ech?

  • 200 g rii Hamm
  • bëssen Botter
  • 300 g Gorgonzola

Wie jëtt gekooscht?

Hamm kleng würfelen an a waarmer Botter aanbrooden an aafkéilen loossen.

De Gorgonzola kleng würfelen an mat der Hamm mëschen.


Mat Auberginen

Virbereedungszéckt: 20 Min.

Kooschzéckt: 40 Min.

Watt brausch ech?

  • 500 g Auberginen
  • Salz
  • 2 Ziiwen Knuawléck
  • 1 kleng Ënn
  • 10 g Botter
  • 2 EL Olivenualeg
  • 200 g Tomaten
  • 1 Basilikumast
  • 50 g Parmesan

Wie jëtt gekooscht?

Schiäffchen op 100 Grad Uawen- an Ënnischhëtzt virwiärmen.

Auberginen längs halbéiren, salzen an am waarmen Schiäffchen bei 100 grad drëchnen. Schiälen an Fruuchtfleesch an kleng hacken.

Knuawléck an d’Ënn kleng hacken. Botter an Ualeg an enger waarmer Pann erhëtzten d’Ënn an de Knuawléck dodran bei mëttel Hëtzt dënsten.

Tomaten schiälen an kleng Würfelen schnegden an mat ënner den Knuawléck mëschen.

Basilikum kleng hacken an ënnerréiren. 15 Min. op niddreger Hëtzt ankooschen loossen.

Dann Auberginen ënnermëschen, viran reduzéiren loossen bis Zooss anfängt ze dëchsen.

Zum Schluss den Parmesan ënnerréiren, an aafkéilen loossen.


Mat Gromperen, Mascarpone an Salbei

Virbereedungszéckt: 10 Min.

Kooschzéckt: 40 Min.

Watt brauch ech?

  • 50 g Gromperen
  • 150 g Mascarpone
  • 100 g Parmesan
  • 2 Eier
  • 10 fein gehackten Salbeibläder
  • Peffer, Salz

Wie jëtt gekooscht?

Gromperen schiällen, am Salzwaasser kooschen an durich Passe-Vite driien.

Mat dem Mascarpone, Parmesan, Eier, Salbei, Salz an Peffer zu enger crémiger Fëllung vermëschen.


mat Scampi

Watt brausch ech?

Virbereedungszéckt: 20 Min.

Kooschzéckt: 20 Min.

  • 400 g Scampi
  • 3 EL Olivenualeg
  • 1 EL Botter
  • 1 gehackten Ënn
  • 3 gepressten Ziiwen Knuawléck
  • 125 ml wäisse Wéng
  • 125 ml Wermut
  • 125 ml Rahm
  • bëssen gehackten Dill
  • bëssen gehackten Péitersilich
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • Salz, Peffer

Wie jëtt gekooscht?

Scampi schiälen, an botzen.

An enger waarmer Pann Ualeg erhëtzen an Scampi kuurz an kräftig aanbrodden. Raushaueln an op Séckt stellen.

An der selwischter Pann de Botter erhëtzen. Ënnen an den Knuawléck do dran aandënsten. Mam Wéng an wermut aafläschen an bëssen ankooschen lossen. Rahm drop schëdden an reduzéiren lossen bis Zooss crémig ass. Würzen an schmaaschen.

Scampi an kleng Stécker schnegden, an ënnert Zooss mëschen.

Mat Peffer, Salz, Dill, Péitersillich an bëssen Zitrounensaaft aafronnen, an schmaaschen.


mat Kohlrabi

Virbereedungszéckt: 15 Min.

Kooschzéckt: 30 Min.

Watt brausch ech?

  • 600 g Kohlrabi
  • 2 gehackten Schalotten
  • 125 ml Waasser
  • 200 g Ricotta
  • 100 g Botter
  • 1 EL Panéiermiähl
  • Zeste van enger halwer Zitroun

zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf.


Wie jëtt gekoosch?

Kohlrabi kleng Würfelen.

Botter an enger waarmer Pann erhëtzen an Schalotten do dran aandënsten. Kohlrabi ënnermëschen an paar Min. mat aandënsten. Waasser drop schëdden an zougedéckt op niddreger Hëtzt 10 Min. kooschen loossen.

De Ricotta drënner mëschen an alles fein püréiren. An 5 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.

Panéiermiähl ënnerréiren an mat Peffer, Salz an den Zitrounenzeste würzen.


mat Kooschlen

Virbereedungszéckt: 15 Min.

Kooschzéckt: 15 Min.

Watt brausch ech?

  • 350 g Kooschelen
  • 1 EL Olivenualeg
  • 50 g gedrëchent Steinpilze
  • 1 Botte gehackte Péitersilich
  • 1 gepressten Ziif Knuawléck
  • bëssen frësch gehackten Oreagno
  • 2 EL Panéiermiähl
  • 3 EL frësch geraspelten Parmesan
  • 3 EL Mascarpone
  • Salz, Peffer

zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf.


Wie jëtt gekooscht?

Koschelen kleng hacken. Steinpilze an Waasser anweechen an kleng hacken.

Ualeg an enger waarmer Pann erhëtzen an Kooschlen dodran aanbrooden, bis Flëssigkeet komplett angekooscht as. Mat Salz an Peffer würzen.

Steinpilze, Knuawléck an Krégder ënnermëschen an alles fein püréiren.

Dann Panéiermiähl, de Parmesan an de Mascarpone ënnerréiren, würzen an schmaaschen. Auskéilen loossen.


mat Pfifferlingen

Virbereedungszéckt: 15 Min.

Kooschzéckt: 20 Min.

Watt brausch ech?

  • 400 g Pfifferlinge
  • 1 gehackten Ënn
  • 3 gepressten Ziiwen Knuawléck
  • 2 EL Botter
  • 125 ml wäisse Wéng
  • 125 ml Schlaagsahn
  • 2 EL gemëscht gehackte frësch Krégder (Péitersillich, Kerbel, Thymian, Basilikum, Estragon)

Wie jëtt gekooscht?

Pfifferlinge botzen an kleng schnegden.

Botter an enger waarmer Pann erhëtzen. D’Ënnen an den Knuawléck op niddreger Hëtzt anndënsten.

Pfifferlinge ënnermëschen, mat Salz an Peffer würzen, an su lang dënsten bis Flëssigkeet komplett fort as. D’Mëschung aus der Pann hualen an op Séckt stellen.

An die waarem Pann, den Wéng schëdden an bëssen ankooschen loossen. Dann Schlaagsahn ënnermëschen, kräftig mat Salz an Peffer würzen an crémig ankooschen lossen.

Pfifferlinge mat den Krégder ënnermëschen. Aafkéilen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*