Die klassisch Gem\u00e9isszopp as su bel\u00e9ift, well sie vill gesond Gem\u00e9isszorten enth\u00e4lt, d\u00e9i Geschmaasch an N\u00e4hrstoffe b\u00e9iden. Sie kann je no Saison aangepasst ji\u00e4nn, an si as einfasch zouzebreeden, an sie kann als Entr\u00e9e oder Hauptplat zerv\u00e9iert ji\u00e4nn. Kombinatioun aus Gem\u00e9iss, Br\u00e9it, Gew\u00fcrzer an Kr\u00e9gder j\u00ebtt hir een herzhaften Geschmaasch, deen bei villen M\u00ebnschen goud aank\u00ebnnt. <\/p>\n\n\n\n
Watt m\u00ebch \u00ebmmer r\u00ebm aan aaler Rezepter faszin\u00e9iert as die Raffinesse, mat n\u00ebmmen fr\u00ebschen Li\u00e4wensm\u00ebttel paar Gew\u00fcrzer an Kr\u00e9gder, su een kr\u00e4ftigen Aroma hin ze kreien. Et ji\u00e4nn paar ganz einfasch Methouden fir datt eng Gem\u00e9isszopp net fad schm\u00ebcht a datt trotz kuurzer Kooschz\u00e9ckt. <\/p>\n\n\n\n
Eng Gem\u00e9isszopp besteht n\u00ebmmen aus paar Zutaten an do muss\/soll den maximum rausgehollt ji\u00e4nn.<\/p>\n\n\n\n
Natiirlech kann een Gem\u00e9iss einfasch kleng schn\u00e9gden an et kooschen. Do fehlen dann \u00e4wer die ganz typisch Aromen, d\u00e9i just beim d\u00ebnsten enstinn. Ausserdeem as et am besten Gem\u00e9isszopp mat enger Gem\u00e9issbr\u00e9it ze kooschen, durich die kuurz Kooschz\u00e9ckt, kr\u00ebtt een net deen ganzen Aroma aus dem Gem\u00e9iss raus. Gem\u00e9iss soll \u00e4wer o net dugd gekooscht sen. Eng Gem\u00e9issbr\u00e9it brengt zous\u00e4tzlichen Aroma. <\/p>\n\n\n\n
Gew\u00fcrzer an Kr\u00e9gder fir an su eng Zopp sen natiirlech o wichtig. An eng klassisch Gem\u00e9isszopp gehieren:<\/p>\n\n\n\n
Fir datt een d\u00ebs Gew\u00fczer r\u00ebm f\u00ebnnt maan ech se an een Gew\u00fcrzei, su kann ech se zum Schluss ganz einfasch raus hualen. Verwendung van d\u00ebsen Gew\u00fcrzer, d\u00e9int net n\u00ebmmen dozou Zopp ze aromatis\u00e9iren, sie sen wie een Geschmaachsverst\u00e4rker an \u00ebnnerst\u00ebtzen an hi\u00e4wen den Go\u00fbt vam Gem\u00e9iss. <\/p>\n\n\n\n
Befir ech datt ganz kleng geschnibbelt Gem\u00e9iss kooschen, wi\u00e4rmen ech, op m\u00ebttel H\u00ebtzt an engem waarmen D\u00ebppen, en goude Schnatt Botter, dodran d\u00ebnsten ech firtischt Poretten aan, d\u00e9i lossen ech dann mol paar Min. d\u00ebnsten, dob\u00e4i \u00ebmmer r\u00ebm dran r\u00e9iren, n\u00ebt datt se aanbrennen. <\/p>\n\n\n\n
Als n\u00e4chst m\u00ebchen ech Muurten, den Zellerie, den Kappes an de Kohlrabi dr\u00ebnner an d\u00ebnsten datt Ganzt fir ongef\u00e9ier 10 Min – 15 Min. An hei o \u00ebmmer r\u00ebm dran r\u00e9iren. De Botter an datt liit karamelsis\u00e9iren suargen dofir datt sech Gem\u00e9issaromen besser entfaalen kannen. <\/p>\n\n\n\n
Dann sch\u00ebdden ech hausgemaaten Gem\u00e9issbr\u00e9it drop. Firwatt hausgemaat?<\/strong> Sie as besser an ech entscheeden ji\u00e4ren selwer wivill Salz ech dran maan. Ausserdem as an deem industirellen Cube Zocker dran, an bei mir k\u00ebnnt datt s\u00e9isst n\u00ebmmen durich datt liit karamelsi\u00e9iren vam Gem\u00e9iss. <\/p>\n\n\n\n
H\u00ebtzt driien ech rop, an subal Zopp kooscht leen ech Gew\u00fcrzei dran, schmaaschen an kucken ob ech dann na Salz dran maan muss. <\/p>\n\n\n\n
H\u00ebtzt driien ech dann r\u00ebm raaf an loossen Zopp ongef\u00e9ier 20 Min. kooschen. <\/p>\n\n\n\n
No deen 20 Min. m\u00ebchen ech Gromperen \u00ebnnert Zopp an lossen alles na eng k\u00e9ier fir 20 Min. op niddreger H\u00ebtzt kooschen. <\/p>\n\n\n\n
Gew\u00fcrzei hualen ech raus. Schmaaschen Zopp na eng k\u00e9ier, viraam zerv\u00e9iren m\u00ebschen ech een Deel vam gehackten P\u00e9itersilich \u00ebnnert Zopp an deen rest streien ech als Garnitur driwer. <\/p>\n\n\n\n
Natiirlech kann een o Wiischtercher mat an Zopp schn\u00e9gden oder aangebrooden Speckw\u00fcrfelen. <\/p>\n\n\n