Chickenwings

Wëllkommen an menger kulinarischer Welt, an der Séiss op Scharef trëfft! An dësem Blogartikel entdecks du die perfekt Fusioun van séiss an scharef Chickenwings.

D’Welt van den Chickenwings ass eent faszinéirend Universum kulinarischer Kreativitéit, datt sech nëmmen em die verschidden Zouberungsarten drigt. Van knusperig gebaasch, frittéiert bis hin zu marinéiert an glaséiert – d’Variatiounen sen onendlich. Hei treffen die ënnerscheedlich Aromen, Gewürzer an Texturen openeen, fir deen perfekten Geschmaasch ze kreien. D’Welt van den Chickenwings as eng Réis durich traditionell Aromen bis zu innovativen Fusiounen.

An dësem Blogartikel kanns du den Zauber van séiss-scharefen Chickenwings entdecken!

Zutaten

  • Chickenwings
  • Bottermëllich
  • Olivenualeg
  • Salz
  • Peffer
  • Paprikapolwer
  • Thymian
  • Oregano
  • Rosmarin
  • Botter
  • Knuawléck
  • Hunnig
  • Chiliflocken oder Chilipast

Zoubereedung

An enger Schossel mëschen ech den Olivenualeg, d’Bottermëlich, Salz, Peffer, Paprikapolwer, Thymian, Oregano an Rosmarin suwie 1 TL Chiliflocken. Do leen ech Chickenwings dran an loossen se iwert Nait marinéiren.

Den Daag drop schmëlzen ech den Botter, mëschen gehackten Knuawléck, den Hunnig an deen Rest Chiliflocken drënner.

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Ëmloft vir.

Op eent Baaschlech leen ech Baaschpapeier an leen Chickenwings mat der Hogt no ënnen drop, déi pinselen ech dann mat der Botter-Hunnig-Mëschung an, an stellen se fir 10 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

No deen 10 Min. hualen ech se raus driien se an pinselen déi Ségt o mat der Botter-Hunnig-Mëschung an, setzen se dann rëm fir 10 Min. an den Schiäffchen.

Datt wiederhualen ech dann na 2 mol, ëmmer driien, anpinselen an 10 Min. brooden. zum Schluss sollen se mat der Hogt no uawen om Blech leien, sie sollen dann goldbrong gebrooden jänn.

Wings brauschen ongeféier 45 Min. bis 50 Min. bis se durich gebrooden sen.

Tipps

  1. Pass beim marinéiren op datt Marinade gläichmässig verdeelt ass, fir een konsistenten Geschmaasch ze garantéiren. Wanns du draan denks kanns du Chickenwings zwëschendurich ëmmer mol rëm mëschen.
  2. Notz hiiwiärtig Zutaten, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.
  3. Haal Chickenwings während dem brooden am Au, Hunnig verbrennt siier an dann jänn se batter. All Schäffchen baascht annëcht, solltent Wings dir ze donkel jänn pinsel se eng kéier mi dachs an.
  4. Wivill Chili datts du bei deng Chickenwings mëchs ass dir selwer iwerloss. Ech fannen ëmmer datt et scharef kann sen, mais et soll äwer ëmmer na no deem schmaaschen wat et ass.

Varianten

Mësch eng Variant mat Zitrounensaaft, Zitrounenzesten, Olivenualeg an Gewürzer, fir su eng erfrëschend Versioun ze kreien.

Am Platz van der Botter-Mëllich-Marinade kanns du Teriyaki-Zooss hualen an Wings do dran marinéiren.

En anner Variant as, du mëchs die drëchen Gewürzer mateneen an reifs Chickenwings domat an.

Su kanns du eng extrem scharef Variant maan mat Mango-Habanero oder eng Mëschung aus Hunnig an Mostert. Experimentéier mat verschidden Varianten. Miilichkeet sen onendlich an du kanns net vill Falsch maan.

Pass Gewürzer an Marinade dengem Geschmaasch aan, du kanns am Platz van der Bottermëllich z.B. Wéng, Zitrounensaaft oder een gouden Äppelessig hualen. Den Olivenualeg kanns du durich een neutralen oder anneren Gewürzualeg ersetzen oder du liss en ganz fort. Genausu kanns du Kiiss wie z.B. Parmesan oder Peccorino ënnert Marinade mëschen. Du kanns Chickenwings am Miähl driien oder panéieren an frittéiren.

Chickenwings

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

50

Minuten
Marinéiren

12

Minuten

Zutaten

  • 1,5 KG Chickenwings

  • 125 ml Bottermëllich

  • 125 ml Olivenualeg

  • 1 TL Salz

  • 1 TL schwarze Peffer

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • 1 TL gedrëchenten Rosmarin

  • 2 TL Paprikapolver

  • 2 TL Chiliflocken

  • 60 g Botter

  • 2 EL Hunnig

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

Zoubereedung

  • An enger Schossel, Bottermëllich, Olivenualeg, die gedrëchent Krégder, Peffer, Salz an Paprikapolwer mëschen.
  • Chickenwings dran leen an alles goud vermëschen. Zougedeckt iwert Nait an den Frigo stellen.
  • Den Daag drop, den Schiäffchen op 180°C Ëmloft vriwiärmen.
  • De Botter schmëlzen an mam Hunnig an dem Knuawléck mëschen.
  • Chickenwings aus der Marinad hualen an mat der Hogt no ënnen op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech mat der Hogt no ënnen leen.
  • Fleesch mat der Botter-Hunnig-Mëschung anpinselen an fir 10 Min. an den Schiäffchen stellen.
  • No deen 10 Min. Chickenwings driien an mat der Botter-Hunnig-Mëschung anpinselen.
  • Rëm fir 10 Min. an den Schiäffchen, driien an anpinselen
  • Datt na 2 mol widerhualen zum Schluss sollen Chickenwings mat der Hogt no uawen om Blech leien, sie sollen dann goldbrong gebrooden jänn.
  • No 45 Min. bis 50 Min. missten Wings durich gebrooden sen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*