Ech

Ech sen
Josiane Rinnen

Hi, ech sen Käschin, an segt neistem o Bloggerin.

Ech wëll dir hei weisen, wiis du aus winech vill gemaat krëss. 

Watt kann ëch?

Ech kann goud koschen, an ech kreien jidferengem deen Interesse hat, kooschen o beibreit. Et muss net ëmmer en opulente Menü se, meestens as datt Einfaschst am besten.

Ech mëschen meng Gewürzmëschungen selwer, loossen mëch do o vill aus dem Internet inspiréiren.

Ech probéiren alles selwer hiärzestellen. Ech sen o heinsdo ze bequem, an fahren an den Buttik an dann jett et kooft, allerdings loossen ech d’Hänn van Convenience Produkter. 

Meng Fotoen, déis du hei fënns sen net gepimpt, sie weisen dir genau datt wie et ausgesegt. Ech se keen Fotograf an ech notzen o keen Photoshop.

Watt mech aandreift?

  • Aus deen einfaschsten Saaschen jëtt Goudes zauberen, as fir mëch eng Affaire vam Häerz. Ässen soll Freid an Genoss bréngen. Jo an datt entscheed o den Knuawelèck deen ech an mengt Ässen maan, well datt as o eng Affaire vam Häerz ;-). Hei fënns du onkomplizéiert, meestens Gesond an ëmmer lecker Rezepter. Ët as mir generell egal op Vegetarisch oder mat Fleesch, et muss goud schmaaschen.
  • Ässen as fir mech net einfasch nëmmen Iwerliäwen, Ässen as fir mech een Genoss an et as ëmmer rëm interessant rauszefannen watt passéiert wan een mat Gewürzer an Feier spillt. 
  • Ech probéiren Lokal anzekoofen, sen o ëmmer op deene verschiddene Frëschemärt hei am Land ënnerwee. An su as et o beim Fleesch, ech kucken ëmmer fir lëtzebuerger Fleesch ze koofen.

  • Viran paat Joer han ech verschidden Apéritiven gemaat:

An wann Mamm engem em den Hals fällt, well alles su sching as, han ech alles rischtisch gemaat.

Mein Blog as entstannen durich…

Die Iwerleeung fir een egene Foodblog ze schreiwen haat ech well mi lang. Mais wie datt mat villem su as iwerleecht een zevill. “Et jiän der suvill déi hir Rezpeter am Internet veröffentlichen”, “Ween intersséiert datt?” “Liäst iwerhaupt een datt?” “Watt koost datt ganzt mëch?”…

Bis een Arbichtskolleg gesoot hat maan datt, ech han du alt mol aagefongen mat schreiwen, äwer mat Bic an Bloc ;-). Trotzdem han ech na bëssen Bestätigung gebrauscht. Han menger bester Frëndin an menger Cousine eng SMS gescheckt, “Sie sollen mir soen datt een Foodblog eng goud Iddi as”. As nët su einfasch fir een deen alles an där klenger Kaamer wurschtelt, obeemol mat allem watt en kann an wees online ze goen. 

Den Naam fir mein Blog haat ech dun well, an o datt hat bëssen gedauert bis ech en fond han, ant Liesung lekt meestens firan der Naas. Nodeems ech online jangen se, an o Aladungen ob Facebook verscheckt haat, han ech van engem Frënd eng SMS krii 😉

O wann datt deemools eng ganz sching Zekt woer, as déi defintiv riwer. Watt äwer net heescht datt ech villäicht äwer mol rem eng kéier een “Pizzaday” maan. 

Ech…

Ech sënn 48 Joer aal, sen Lëtzebuergerin an liäwen well mengt ganz Liäwen zu Wäiswampich. Ech sen Tatta van 2 wonnerbaren Niässen an 3 wonnerbaren Neuveuen, iwer die 2 jingst sen ech sugar Guatt. 

Meng Wahnung deelen ech mir mat 2 Katzen, die baal deen ganzen Daag schloofen an Naits dann aktiv jiän, dann fléien o alt mol Schlappen durich Stuff. 

Ech woer an der Hotelschull han do äwer keen Aafschloss gemaat, han mein Gastrodiplom an Oweskuuren nogehollt. No der Schull wor ech 13 Joer Selbststännig, han dono 8 Joer an der Gastro an engem Shoppingcenter geschafft. Lo sen ech Verkeeferin an enger Bäckerei. Do jett een Plat du Jour aangebuaden su datt ech äwer net ganz raus sen, aus der Gastro.

Wann ech na eng keier Wiäll hätt giff ech meng Ausbildung am Ausland maan. Mais et as lo su wie et as, o ouni Kooschdiplom wees ech watt ech kann.

Die meest Kreatiounen kooschen ech doheem an menger Këschen. Wu ëmmer rem neies entsteht, o Saaschen déi mol schief jinn. Aal Rezepter iwerschaffen an nei opschreiwen. Nei Gewürzmëschungen ausprobéieren. 

Rezeptbousch

Wann dir meng Sekt gefällt kanns du mir jären een Kommentar hannerloosen. Konstruktiv Kritik as o wëllkomm. 

Josiane