Wiener Schnitzel

Schnitzelrezepter fënnt een wie Sand am Miär, et jëtt äwer nëmmen 1 original Wiener Schnitzel. Iwert Wuurzelen vam Schnitzel jänn et vill Mythen an Legenden an et kann een net zu 100% soen wu en genau erfond jänn ass. Et ass am Grond o egal, d’Hauptsaasch ass, datt mat dëser Beschreiwung näist mi Schief kann goen.

Deen echten Wiener Schnitzel

Wann een eng Ëmfroosch ënner Kanner maan jiff, dann légt den Schnitzel mat gruuser Wahrscheinlichkeet op eng van deen ischten Platzen. Et ass den Kanner äwer zimlich egal aus watt fir engem Fleesch den Schnitzel gemaat ass, wie en gewürzt ass an wie en panéiert jëtt. Hinnen geht et dar wann en goldbrong knusperig gebrooden ass an wann een Hiwel Fritten dobäi sen.

Dachs jëtt den Schnitzel mat enger Zooss zervéiert. Hei jëtt et Varianten van Kooschelzooss, Jägerzooss, Tomaten- oder Paprikazooss. Een wirklichen Schnitzelliebhaber jiff sech wahrscheinlich schudderen. Fir den Wiener Schnitzel jëtt et sugar eng klassisch Garnitur, déi aus Zitrounenscheiwen op der eng am Anchois angerullten Kaper légt, an Péitersilich. Hogt duaref just Zitrounenscheif oder -spalt net fehlen. Die liit Säier kann dann jidfereen selwer om Schnitzel verdeelen an su fir den Punkt om “i” suarigen.

Fir deen klassischen Wiener Schnitzel duaref nëmmen Kaleffleesch gehollt jänn, all Schnitzel aus annerem Fleesch, wie z.B. Poulet, Schnuddelhouhn oder Wëld duaref sech “Schnitzel no Wiener Art” nennen.

Wie panéiren ech den Schnitzel?

Een panéierten Schnitzel, gebrooden an vill Schmalz ass een Klassiker an net ëmsoss su beléift. Een panéierten Schhnitzel, egal ob een Wiener Schnitzel oder een Schnitzel no wiener Art ass wie eent klengt Festässen. D’Panade muss goldbrong sen an den Schnitzel locker ëmhëllen an die typisch Wellen werfen.

Firwatt ech mein Schnitzel jären selwer panéieren? Een klassischen Schnitzel krëtt een hogt leider na seelen am Restaurant. Die virpanéiert Schnitzelen han sech an der Gastronomie durichgesatt, an dachs jänn se einfasch an der Frittös gewiäremt.

Den Wiener Schnitzel oder den Schnitzel Wiener Art, ass absolut identisch, just datt et eng anner Zort Fleesch ass. Den Schnitzel ass rischt dann perfekt, wann en beim brooden “soufléiert”, datt heescht, d’Panade muss die typisch Wellen werfen. En soll ëmmer frësch an rischt kuurz viraam brooden panéiert jänn.

Datt ischt watt gemaat jëtt, ass den Schnitzel platt klappen, en soll net vill mi déck wie eng 2 Euro Mënz sen an met Salz an Peffer würzen.

Dann jëtt den Schnitzel grëndlich am Miähl gedrigt datt jëtt dann liit aafgeklappt. Als nächst jëtt den Schnitzel an opgeklapptem Ei gedrigt, ënnert Ei kann bëssen Schmand oder Mëlich gemëscht jänn. An zum Schluss jëtt den Schnitzel am Panéiermiähl gedrigt, dobäi Panade net ze fest aandrécken.

Wie brooden ech den Schnitzel?

An enger gléidiger Pann vill Botterschmalz erhëtzen, den Schnitzel muss dran schwammen an Fett muss goud waarem sen. Dann den Schnitzel dran leen an van all Ségt 3 Min. bis 4 Min. brooden. Dobäi Pann schwenken an den Schnitzel net zevill driien. Viraam zervéiren den Schnitzel mat Zitrounenvéirel oder Scheiwen an evtl. bëssen Péitersilich garnéiren.

Et jänn Këchen déi han 2 Pannen mat Fett waarem. Fir all Ségt eng Pann, subal den Schnitzel an Pann geleit jëtt kéilt Fett aaf an et kann geschéien, datt sech Panade liesst.

Beilaagen beim Wiener Schnitzel

Wanns du dir froosch stells, watts du als Beilaag bei den Schnitzel zoubereedne kanns, steht dir alles op, ech han ganz klassisch eng Gromperzaloot dobäi gemaat, et passen äwer o Fritten, gebrooden Gromperen, Gromperengratin, Salzgromper

Wiener Schnitzel

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 4 Kalefschnitzel

  • Salz & Peffer

  • 200 g Miähl

  • 3 Eier

  • optional: 1 EL bis 2 EL Schmand

  • 150 g Panéiermiähl

  • Botterschmalz

  • Zitrounenscheiwen oder -spalten

Zoubereedung

  • D’Schnitzelen zwëschen Folie platt klappen an mat Salz an Peffer würzen.
  • 3 Telleren parat stellen, deen een mat Miähl, deen anneren mat opgeklapptem Ei, an deen drëtten mat Panéiermiähl.
  • D’Schnitzelen am Miähl driien an liit aafklappen, als nächst am Ei driien an zum Schluss am Panéiermiähl, dobäi Panéiermiähl net ze fest aandrécken.
  • An enger gléidiger Pann vill Botterschmalz erhëtzen, an d’Schnitzlen do dran van all Ségt 3 Min. bis 4 Min. brooden, dobäi d’Pann liit schwenken.
  • Viraam zervéiren mat Zirtoun en evtl. bëssen Péitersilich garnéiren.

2 Comments

  1. Flotte Blog! Hutt Dir eventuell och vegetaresch Rezepter, mir iesse nämlech kee Fleesch. Merci. hh.

    • Merci fir Ären Feedback! Ech han verschidden vegetarisch Rezepter op mengem Blog, déi een ganz einfasch mat Protéinen wie Kicheriärbessen, Bungen oder Tofu mëschen kann. Et sen äwer keng Rezepter mat Fleeschersatzprodukter. Ech wärt mech drëm këmmeren an fir die vegetarisch Rezepter eng Kategorie anriiten sou sen se all beineen.
      LG Josiane

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*