Gyros, Döner, Shawarma

Vill Ässen verléiren hiren Kär, subal sie populär jiän. Döner, Gyros oder Shawarma gehiiren do definitv dozou. Watt sie mi bekannt se jiän, desto mi wichtig ass datt rondrëm jiän. D’Griisst, Zooss, Bilder, Kombinatioun, „Streetfood-Style“. De Spiess selwer ass dachs Niäwensaasch. Dobäi entscheed sech genau do dachs alles.

Ech wollt die 3 net als austauschbar Varianten behandelen. Gläichen Prinzip, anner Haltung. Datt miärikt een rischt, wann een se selwer virbereet, an net konsuméiert.

Deen gemeinsamen Nenner ass kloer, d’Fleesch jiët geschicht, Hëtzt van baussen, Zekt als entscheedende Faktor.

  • De Gyros liäft fir mech van Kregder an Fett.
  • Een Döner brausch Struktur an Bescheidenheet.
  • Shawarma fonktionéiert nëmmen wann d’Gewürzer déif am Fleesch setzen. Hokt jiët dachs alles zesammen geschmass an et jiët dann „orientalisch“ genannt. Genau do jieet vill verluaren.

Ech han die 3 Varianten probéiert, just fir d’Ënnerscheeder richtig ze verstoen an net nëmmen an der Theorie driwer ze schwätzen. Ënnerscheedlich Marinaden, ënnerscheedlich Fleeschstecker, ënnerscheedlich Ruhzekten. Net komplizéiert, äwer genau.

Beim Döner han ech relativ einfasch geschafft. Joghurt, Ënnen, Knuawelek, bëssen Paprika, Cumin an Salz, mi net. De Fehler beim Döner ass dachs iwerwürzung. Dachs jiët probéiert een intensiven Goût durich Gewürzer ze ereechen, o wann de Goût sech eigentlich durich Fett, Röstaromen an proper geschniddenem Fleesch entweckeln soll. Dachs jiän o vill Gewürzer genotzt fir de Goût van mannerwiärtigem Fleesch ze iwerdecken.

Gyros wor technisch onkomplizéiert, äwer sensibel beim Fettaandeel. Ze moojier fonktionéiert net. Dann jiët et drëchen. D’Kregder droen dëst Ässen net alleng. Oregano rëcht siier no „griechisch“, ersetzt äwer keng goud Textur. Datt jiët dachs verwiässelt.

Shawarma wor am schwéiersten aus ze balncéieren. Net weent der Technik, mee weent de Gewürzer. Kardamom, Canelle, Cumin, heinsdo Neelcheskapp, datt kippt siier an jiät Schwéires oder Séisses. Vill Shawarma-Gewürzmëschungen schmaaschen irgendwann nëmmen na no Gewürzbuttik. D’Fleesch verschwënnt drënner an genau datt wollt ech vermeiden.

Fir mëch ass wichtig, meng Gewüzrmëschungen selwer ze mëschen, ech koofen näist fiärdig Gemëchtes. Ech han bei dësen Menür z.B. net jiären wann zevill Kreuzkümmel dran ass, genausu sen ech virsichtig mam Canelle, well des Gewürzer jiären alles iwerdecken, sie sollen äwer ënnerstëtzen an näist iwerdecken.

Watt goud fontionéiert hat, wor die kloer Trennung. Net alles maximal intensiv ze maan, mee Ënnerscheeder zou ze loossen. Graad beim Döner wor datt een virdeel, manner Zooss, manner Komponente, dofir eng besser Balance. datt wirikt onspektakulär, ass em Enn äwer deen grissten Schratt.

Watt net fonktionéiert hat. Natiirlich probéiert een ëmmer so no wie miilisch aam Original ze sen. An ech wollt d’Textur vam klassischen Driispiess ze starik imitéiren. Datt klappt doheem äwer net, weel een einfasch die Geräter net hat. An et soll een et o net su darstellen wie wann et genau dat selwischt wir, ass et net. Genau do jiët Food-Content dachs onéierlich. Et jiän Pannestrïafen fofograféiert wie „echten Dönerspiess“, an jidfereen miärikt äwer, datt et jiät annëcht ass.

Datt wichtigst watt ech geliiert han. Verschidden Menüer liäwen su starik van hirer Technik, datt een doheem ischter eng Interpratioun kooschen soll, am Platz enger Kopie. Datt ass keng Nidderlag. Ischter den Geegendeel. Et kooscht een proper, wann een akzeptéiert, watt die eegen Methoud kann, an watt net.

Hokt jiët suwiesu ze vill probéiert, Menüer maximal originalgetrei wiriken ze loossen, am Platz se wirklich ze verstoen. Authenzität ass keent Gewürz an keng bestëmmt Zooss. Sie entsteht aus Entscheedungen. Aus Verständnis fir Textur, Hëtzt, Fett, Balance.

Genau doweenst interesséieren mëch dës Ässen. Net aus Nostalgie oder Streetfood-Romantik. Mee well sie weisen, wivill Präzisioun an engem scheinbar einfaschen Ässen stëcht. Kuckt een nämlich genau, sen Döner, Gyros an Shawarma keen siieren Snacks. Sie sen eent System aus Hëtzt, Fett, Zekt an Zereckhaalen. An genau datt Zerckhaalen fehlt hokt an villen Menüer, dachs mi wie Gewürzer.

Gyros, Döner, Shawarma

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

50

Minuten
Marinéierzékt

12

Stonnen

Zutaten

  • 4 Pouletstempelen ouni Schank

  • 1 Ziif Knuawelek

  • 1 EL Oregano

  • 1 EL Paprikapolwer

  • 1 bis 2 TL Salz

  • 1 TL schwarze Päffer

  • 0,5 TL Kreuzkümmel

  • 0,5 TL Canelle

  • 1 bis 2 EL Olivenualig

  • 2 bis 3 EL Joghurt

  • 1 bis 2 EL Tomatenpürée

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • Fir den Dip: Joghurt, Knuwelek, Salz, Päffer Zitrounensaaft

Zoubereedung

  • De Knuawelek schiälen ech an zerreiwen en fein.
  • An enger Schossel mëschen ech sämtlich Zutaten mateneen, an leen de Poulet do dran. Su setzen ech datt Ganzt iwert Nait an de Frigo
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 180 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • De Poulet schichten ech an eng Kastenform an drecken et fest.
  • Su setzen ech datt Ganzt fir 45 bis 50 Min. an deen waarmen Schiäffchien.
  • Datt ech datt Ganzt an enger Kastenform schichten ass eng besser Iddi wie irgendjiät ze friemelen datt ausgesegt wie een Driispiess. Et krëtt een et ouni die nigdig Geräter net hin. An enger Kastenfrom ze schaffen ass dogeent éierlich. Ech notzen Mëttel, déi ech han konzentréiren mech op datt watt ech kontrolléiren kann. Schichtung, Fettverdeelung, Saaftigkeet, Würzung an de Gargraad.
  • An der Form krëss du just uawen driwer Röstung, deen Rest gart ischter am eegene Saaft. Dodurich krëss du net deen Kontrast aus engem knusperigen Rand an saaftigem Bannen.
  • Ass mengt Fleesch fiärdig, stiirzen ech datt Ganzt an eng mi déif Plaque. D’Fleesch hualen ech dann aus dem Saaft an schnegden et, oder probéiren et an dënn Sträifen ze schnegden.
  • Aus Joghurt, bëssen Knuawelek, Salz an Päffer han ech dann een siieren Dip gemaat.
  • Su geschnidden leen ech mat Zaloot, Tomaten an eent Brugd oder een Wrap an zervéiren et. Den Dipp verdeelen ech om Fleesch.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*