Et jiän Ässen, géi gesehen driekt no „Summerowend“ aus. Am Glas, geschicht, Limette aam Rand, bëssen Gréin uawen drop. De Problem ass nëmmen, dachs bleift et genau dobäi. Goud Optik, winig Gedanken dohanner.
Ech probéiren mech konsequent van su jiät fort ze haalen. Net aus Prinzip geent een schingen Teller, mee well goud Kooschen irgendwann luass jiët. Et beschäftigt een sech manner domatt, wie jiät ausgesegt, an mi domatt, ob die eenzel Komonenten iwerhaupt Sënn erjiän.
Dësen Cocktail ass su een Fall.

D’Iddi wor einfasch, jiät frëches als Appertif oder als kleng Entrée. Keen gruussen Opwand, keng Tiermercher gebaut. Crevetten han ech mat Olivenualig, Salz, Päffer, Limettensaaft an bëssen Chili marinéiert. Dobäi Cocktailzooss, déi ech gemëscht han mat Mayonnaise, Tomatenpürée, Salz, Päffer, bëssen Cognac an als klenge Special frësch geriwene Meerretticht. Gewürfelten Mango, rugd Ënnen, Koriander oder Péitersilich, an optional Avocado. Alles geschicht an engem Glas an uawen drop bëssen Gréins an Limette.
Technisch fontionéiert datt ouni Problemer. D’Säier aus der Limette, jiän den Crevetten Spannung, den Chili brengt bëssen Schiäreft, de Mango Séissheet. Die rugd Ënn suarigt datt net alles an „Belanglos“ iwerjieet. Glasformat passt o, well et jo keng schwiier Entrée sen soll.
Interessant ass, ech selwer kann datt net Ässen, well ech den Fësch net verdroen. Datt ass een komischen Punkt. Et schafft een iwert Erfahrung, Geroosch, Textur, Verhältnis, äwer aam Enn fehlt engem die direkt Kontroll vam Schmaaschen. Et ass äwer goud bei menge Lekt aankommen an irendwann muss een datt aktzeptéiren, datt Kooschen o Vertrauen ass. An Technik, an d’Balance, an d’Erfahrung.

Et jiët äwer een Punkt wu ech skeptisch sen, am Originalrezept ass Avocado mat dran. Net all Zutaten brausch automaisch hir Berechtigung, just well se als datt Superfood gefeiert jiët, an een su mengt sie misst iwerall mat dran sen. Genau do fängt „ouni Bullshit“ fir mëch aan. D’Avocado mëcht dëst Ässen mëll an crèmig. Sie hëllt deem Ganzen äwer o seng Kloerheet. Mango an Crevetten han well genou Eegencharakter. Die zousätzlich Fettigkeet van der Avocado mëcht die ganz Saasch villäicht mi ronn, äwer net unbedingt besser.
Ech sen sugag iwerzeecht, datt dësen Cocktail besser ouni Avocado ass. Datt ass jiät watt dachs verluaren jieet beim Kooschen. Jiät fort ze loossen ass dachs genausu wichtig wie jiät dobäi ze mëschen. Vill Ässen sen net schlecht, well ze mann dran ass, mee well keen entscheed, wini Schluss ass.
Schafft een mat séisse Friischten an marinéierten Miäresfriischten, brausch een bal ëmmer een kloeren Géigenpol. D’Säier alleng jieet net dar. Schiäreft oder rii Ënnen sen dachs mi wichtig wie zousätzlich Crèmigkeet. Soss kippt et jiären an eng glatt, austauschbar Richtung.
An genau doweenst klappen vill modern Ässen net. Sie fonktionéiren optisch direkt, vam Goût hiär bleiwen sie äwer virsichtig. Keen well aanecken. Alles soll angenehm sen.
Ech sen där Meenung datt Ässen kloer se soll. Mein Cocktail wor goud. Net weent dem Glas oder der Schichtung. Mee well meng Basis fonktionéiert hat, Säier, Séiss, Scharef, Frësch. Deen Rest ass Deko an datt soll een beim Kooschen net verwiässelen.
Subal d’Cocktailzooss an d’Spill kënnt ass die crèmig Komponent do. Eng Avocado jiff datt Ganzt net komplexer maan, mee ischter mi schwiier. Graad bei engem Ässen datt ischter van Spannung an Säier liäft, kann datt siier zevill jiän.
Mango brengt Séissheet an mëll Fruucht. D’Cocktailzooss brengt Crèmigkeet, Séissheet an Fett. Eng Avocado brengt na eng kéier Fett an eng mëll Textur. Irgendwann fehlt do jiät. D’Ënn an d’Limetten mussen geent 3 ronn Komponenten schaffen. D’Gläichgewiit jiët onnigdig aanstrengend.

Ich sen där Meenung, datt dëst Ässen mi Kloer jiët, wanns du dech entscheeds, entweder Avocado oder Cocktailzooss. An éierlich gesoot, passt hei d’Cocktailzooss besser, sie verbënnt d’Crevetten an jiët deem Ganzen dësen klassischen Cocktailcharakter. D’Avocado wirikt dogeent wie eng Zutat, déi een automatisch ergänzt, well sie Hipp ass, an su Kombinatiounen segt neistem ëmmer rem virkommen, net unbedingt well se gebrauscht jiët. Net all modern Zutat muss dran sen, just well jidfereen sie erwaart. Dachs jiët eent Ässen sugar besser wann eng Saasch fehlt
Mango Crevetten Cocktail
Schwierigkeit: einfasch2
Gläser15
MinutenZutaten
200 g Crevetten
1 EL gehackten Péitersilich oder Koriander
1 zegdig Mango
0,5 rugd Ënn
Saaft van 0,5 Limette
1 EL Olivenualig
Salz
2 EL Cocktailzooss
- Fir Cocktailzooss
4 EL Mayonnaise
1 EL Tomatenpürée
1 bis 2 TL Cognac
optional: 1 TL frësch geriwene Meerretticht
1 TL Zitrounen- oder Limettensaaft
- Fir Garnitur
Limettenscheiwen
Péitersilich- oder Korianderbläder
paar Chiliflocken
Fleur de Sel
Zoubereedung
- D’Mango schiälen ech an schnegden sen an kleng Würfelen.
- An enger Schossel mëschen ech sämtlich Zutaten van der Cocktailzooss.
- D’Ënn schnegden ech an kleng Würfelen.
- An enger Schossel mëschen ech d’Crevetten mam Péitersilich, dem Limettensaaft an dem Olivenualig
- Van dëser Mëschung leen ech bëssen an eent Glas, do drop een bis zwee TL Cocktailzooss an op der Cocktailzooss vedeelen ech de Mango. Su schichten ech bis Glas voll ass.
- Datt Ganzt garnéiren ech mat paar Chiliflocken, bëssen Fleur de Sel, Péitersilich- oder Korianderbläder an enger Scheif Limette.