Ech haat net wirklich een Plang, ech wollt einfasch mol jiät probéiren. Eent Rezept, datt mir beim stöberen am Internet am Kapp bliwen ass.
Ech stinn also an menger Këchen, han eigentlich net vill gemaat, an ech jiän mat deem vollen aromatischen Goût belount. Einfasch do!
Gromperen an Ënnen sen an der klassicher Këchen net wirklich nëmmen eng Bäilaag, sie sen d’Basis. An villen Këchen fänken vill Menüer mat Ënnen aan. Gemellig geschmoort oder gebrooden, einfasch niäwenbäi. Et muss net unbedingt no Ënnen schmaaschen, mee sie bilden Basis van villen Menüer, ouni sie jiff jiät fehlen.
D’Gromperen, wann sie die nigdig Zekt kreien, evtl. bëssen Fett, am besten Botter, dann entweckelen sie een baal nossigen Goût. Datt ass die reng Stärke, déi sech verwandelt.
Ech han mat dësen Gromperen eigentlich genau datt gemaat watt een fréiher an schwéiren Eisendëppen gekooscht hat. Gemellig opbauen, näist iwerdecken an einfasch schaffen loossen.
Ech han hinnen hiren Raum geloss, keent Salz, keent Waasser, keng anner Gewürzer, déi sech no vir drecken kannen, Nëmmen Hëtzt an Zekt.

Die ischt Phase ass gemellig, kann äwer entscheedend sen. Well ech jiären ënnen am Dëppen eng brong Krust han, lossen ech se firtischt bëssen brooden, befir se an de Schiäffchien kommen. Setz du d’Gromperen ze fréih an de Schiäffchien, fehlt om Buadem d’Basis. D’Ënnen om Buadem brengen fritischt Waasser. Datt ass OK, jiëff hinnen deen Moment wu et kippt. Van fiit zu brooden. De Schiäffchien hëllt dir dono vill Aarbicht aaf, en gaart gläichmässig an e stabiliséiert datt Ganzt.
D’Krust om Buadem vam Dëppen ensteht net am Schiäffchien, sie entsteht am direkten Kontakt mat der Hëtzt an dëm Fett. Zum Schluss den Deckel raaf hualen ass keen muss. Ech well äwer o bëssen Spannung uawen drop. Om Buadem die brong Krust vam Fett an van der direkter Hëtzt an uawen drop eng drëchen Krust van der Hëtzt vam Schiäffchien. Well datt Ganzt am Schiäffchien steht besteht natiirlich keng Gefohr, datts du den Deckel raaf hëlls. Bereest du des Gromperen op der Plaque zou, dann den Deckel drop loossen, soss jieet Hëtzt verluaren an domatt Kontroll.
Zum Schluss han ech se gemësch an direkt mat der Pann op den Dësch gestallt, jidfereen duaref sech suvill hualen wie en wëll.

An o wann datt om Bild su ausgesegt wie wann d’Ënnen schwarz verbrannt sen, sie sen et net, datt ass deen puren Goût. Et wor hokt kontrolléiert an ruhig. De Schiäffchien hat mir vill Stress gehollt, äwer net Verantwortung. Et soll een trotzdem verstoen watt ënnen am Dëppen passéiert.
Ëmmer rëm miäriken ech, et jieet net dodrëm et „richtig“ ze maan. Mee dodrëm ze verstoen firwatt jiät finktionéiert.
Gewürzt han ech meng Gromperen gar net, ech han näist drop geleit, ech han einfasch do drop vertraut datt d’Ënnen an d’Gromperen liweren, an ech haat recht. Datt sen su Momenter, déi een goud kennt. Du hëlls deen ischten Maufel an du denks. Firwatt hat su winig suvill Goût?

Mee et ass jiät draan, just eben net aus dem Streuer.
- D’Gromperen han Stärke
- d’Ënnen brengen Zocker
- De Botter oder Botterschmalz drigt d’Hëtzt an verbënnt.
Jiët datt Ganzt gemellig geféihert passéiert genau datt: d’Ënnen jiän firtischt mëll, dann séiss an dann donkel. D’Gromperen hualen datt op an ënnen am Dëppen ensteht dës Krust déi alles verbënnt. Et ass keen eenzelne Goût, et ass Schichtung am Mond. Gewürzer jiffen datt verfälschen, an et ass dann net mi datt, watt eigentlich am Dëppen passéiren soll.
Während mengen Joeren an der Gastronomie han ech irgendwann geliiert.
- fritischt Struktur
- dann Faaref
- dann Goût
Wann datt bis setzt, brauchs du dachs net mi. Manner Zutaten féihlen sech dachs aan wie Verzicht. Bis du selwer bemiäriks, datt et eigentlich Kontroll ass. Ech han op d’Hëtzt vertraut an ech han op Zekt vertraut. De Goût ass well dran, ech han en nëmmen raus geschafft.
Gromperen aus dem Eisendëppen
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen10
Minuten40
MinutenZutaten
1 kg festkooschend Gromperen
3 bis 4 Ënnen
ca. 100 g Botterschmalz oder Botter
Zoubereedung
- D’Gromperen schiälen ech an schnegden se an Scheiwen van ongeféier 0,5 cm.
- D’Ënnen schiälen ech, halbéieren se längs, schnegden dann d’Wuurzel raus an dann schnegden ech se an dënn Sträifen.
- De Schiäffchien wiärmen ech op 200 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech de Botterschmalz an brooden do dran op niddrig bis mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se glasig sen. D’Halschent hualen ech raus an stellen se op Segt bis ech se brausch.
- Op deem Rest Ënnen verdeelen ech d’Halschent van den Gromperen, do leen ech dann deen rest Ënnen driwer an ech schléissen mat deem Rest Gromperen aaf.
- Su setzen ech se bei mëttel Hëtzt op Plaque an loossen se brooden. Firtischt zéihen d’Ënnen na Waasser, ass datt griisten deels verkooscht, leen ech den Deckel drop an setzen meng Pann fir ongeféier 35 Min. an deen waarmen Schiäffchien.
- No 25 Min. hualen ech den Deckel raaf an loossen su na fir 10 Min. stoen. Ech kontrolléiren op d’Gromperen durich gar sen, mëschen d’Gromperen an stellen se mat der Pann op den Dësch.