Dann bleiwen mir mol na een Moment beim Dëppen stoen, datt gemellig pëspert, an die ganz Këchen rëcht no geréisterten Tomaten. Genausu entsteht deen besten Ragù, net siier, mee mat Opmiärksamkeet.
Normalerweis notzen ech mein selwer angekooschten Passata, han ech äwer keen mi do, hualen ech frësch Tomaten, well déi während den Wantermeent äwer net su goud sen, notzen ech dann na zousätzlich bëssen Tomatenpürée.
De Geest vam Ragù alla Bolognese
Datt wärt wahrschienlich eng Iwerraschung sen, mee deen traditionellen Ragù alla Bolognese wor keng Tomatenzooss mat Gehacktes. Et wor ischter eent fleeschbetounten Schmoorässen mat engem liiten Tomatenakzent. D’Tomat drigt sie dominéiert net.
An genau do keent deen handwiärklichen Ansatz an d’Spill. Goud Fleesch, Gedold während dem aanbrooden, eent Geféihl fir Fiitegkeet an Hëtzt. Datt lisst sech kaum genau an Gramm opzällen.
Ech kooschen nie streng no Rezept, Natiirlich keent eent Techniken, Quantitéiten, die klassisch Zoubereedung. Mee entscheedend ass ëmmer d’Produkt, d’Joereszekt an bëssen Intuition. Ragù eegent sech perfekt dofir, well et reagéiert op Opmiärsamkeet.
Den Aafank: Soffritto mat Respekt behandelen
Muurten, Stangenzellerie, Ënnen, fein gewürfelt, net gehackt. Gemellig an enger Botter-Olivenualigmëschung zéihen geloss bis alles goldig an mëll ass.
TIPP aus menger Këchen: D’Geméiss net direkt salzen, soss zéiht et zevill Waasser an réistert manner. Rischt wann et eng sching goldig Faaref errecht hat liit salzen.
An Frankräich jiff gesoot jiän, „mirepoix fondante“ just bëssen mi fein. An genau hei entsteht die ischt Séissheet, déi spéider d’Fleesch drigt.

D’Fleesch
Randsschëller, graff gewoleft, oder wanns du Zeckt has ganz fein geschnidden. Een klengen Deel Pancetta brengt zousätzlich na mi Goût. Leider ass d’Fleesch aus der Metzlerei dachs vill ze fein gewoleft, et hëllt zwar de Goût aan, verléiert äwer Struktur. D’Ergebnis ass dann dachs bräig, manner saaftig an net su aromatisch. Während bei graff gewolftem Fleesch, d’Fleesch wirklich während dem Brooden besser Faaref anhëllt an am fiärdigen Ragù spirrt een na kleng saaftig Fleeschstecker.
Datt Entscheedend hei has, net réihren, befir et wirklich Faaref krii hat. Dëst karameliséiert Eiwäiss ass spéider den Goût vam Ragù. Vill runinéiren datt, andeems se ze gruuss Quantiéiten mateneen brooden. Besser an Etappen.
Watt hokt dachs verjiäss jiët, de Ragù alla Bolognese ass eent Schmoorässen an keng Zooss. Et ass eent Fleeschässen mat Tomaten an keent Tomatenässen mat Fleesch.
Graft gewolfet oder op der Hand geschniddend Fleesch brengt mi Struktur.

Aafläschen an d’Bannen van den Aromen
Ganz Klassisch jiët mat wäissem Wéng aafgeläscht, keen Rugden o wann vill datt denken. Deen jiët su lang ankooschen geloss, bis kaum Säier bleift.
Als nächst kënnt Mëlich dobäi, jo wirklich! D’Mëlich mëcht 2 Saaschen, sie ronnt Säier van der Tomat aaf, an sie mëcht Fleesch mi zaart.
D’Mëlich mëcht den Ragù alla Bolognese frëndlich.
Ganz wichtig dobäi ass et, d’Mëlich ganz ankooschen ze loossen befir Tomat dran kënnt.
Datt ass eng uraal Technik aus der Emilia-Romagna, déi hokt well bal verjiäss ass.
Een Hauch Muskot kann een hei dobäi maan, datt ass zwar fransiisch gedeit äwer o an Norditalien bekannt.
TIPP aus menger Këchen: Alles su lang ankooschen loossen bis et bal drëchen ass. Subal wann Tomaten dran kommen kënnt Bindung zereck. Zervéiers du dein Ragù ze flëssig verléiert en Aroma.
Tomaten
Frësch Tomaten fonktionéiren wonnerbar
- am besten fontionéiert et, wann Tomaten iwerbréiht, geschiällt, entkärt an dann gemellig angekooscht jiän befir se an de Ragù kommen, Su krëss du Séissheet am Platz wässerig Säier.
- Am Summer sen San Marzano oder ähnlich Zorten die besten Wiäll. Ausserhalb der Saison hualen ech meestens mein selwer angekooschten Passata
Wann den Passata äwer well all verschafft ass hualen ech frësch Tomaten. Mat frëschen Tomaten ze schaffen heescht o ëmmer d’Waasser kontrolléiren. genau doweenst ass die Methoude mam Schiäffchien ganz clever.
Hei jiän et 2 Methouden:
- Bei 120 °C fir ongeféier 4 Stonnen. D’Ergebnis ass eeng mëll Konzentratioun, eng ronn Séissheet an kaum Säier. Ideal fir een eleganten, harmonischen Ragù.
- Wann net vill Zekt ass: bei 200 °C fir ongeflier 35 bis 45 Min. D’Ergebnis hei sen starik Röstaromen, een rustikalen Charakter an een intensiven Doft.
Die 2 Varianten han hiren Reiz. Sie sen net austauschbar, mee 2 ënnerscheedlich Grondlaagen.
Kulinarisch passéiert dobäi:
- gemelligt Verdämpen va Waasser, watt den Glutamat konzentréiert ass, mi Umami.
- datt liit karameliséieren brengt Séissheet ganz ouni Zocker.
- D’Säier jiët „ronn“, manner agressiv.
Datt erënnert an een klassischen fransiischen Fond: Reduktioun ass Goût.
Een Trick aus der traditoneller Këchen ass, noom réisteren Tomaten bëssen ruhen loossen (datt ass sugar besser), dann püréiren, äwer net mam Stabmixer mee mam Püréestampfer. Su stabiliséieren sech d’Aromen.
Datt eigentlicht Geheimnis ass Zekt
Op mannst 2 Stonnen op niddirger Hëtzt kooschen loossen, dräi sen dachs besser. Net stännig dran réihren, just heinsdo kucken, ob Flëssigkeet fehlt an denn bëssen Bréit oder Waasser dobäi schëdden.
De Geroosch seet dir, wann et suwegt ass. Ragù alla Bolognese ass eent van deen Ässen, bei deem Erfahrung mi wichtig ass wie d’Rezept.
Koochs du no Geféihl, miäriks du, Aafangs rëcht et no Fleesch, no ongeféier annerhalef Stonn kënnt datt Séisst an no 2-3 Stonnen verschmëlzt alles mateneen. Datt kann een bal als mediative beschreiwen: Kooschen an Vitesse aus dem Liäwen hualen.
Een gouden Ragù rëscht firtischt no Fleesch, dann no Geméiss an zum Schluss rischt no Tomat.
Die richtig Begleedung
Keng Spaghetti! Traditionell jiän Tagliatelle all’uovo oder Lasagne verde mam Ragù alla Bolognese zervéiert. Die rauh, breet Pasta hält de Ragù.
Zum Schluss kann d’Zooss jiären mat bëssen kaaler Botter montéiert jiän. Frësch gerriwene Parmigiano Reggiano jiët separate dobäi zervéiert. Keen Knuawelek, keng Kreger. De Ragù liäwt vam Fleesch, Geméiss, Mëlich, Weng an Zekt.

Eng kulturell Randnotiz
Vill van deen besten Ragù, déi ech gäss han, sen den Daag drop na besser. D’Italiener soen dozou jiären: „Il ragù deve riposare come la gente“ De Ragù muss ruhen, wie mir Mënschen.
Ragù alla Bolognese wor fréiher eent Festässen. Fleesch wor deier, dofir ass et gemellig gekooscht jiän, an fir mi verschidden Menüer gehollt jiän, wie z.B. Pasta, Lasagne, gefëllt Pankicher…). Een gouden Ragù wor quasi kulinarischt Kapital.
Fazit
Et jiän stännig nei Trends, siier Techniken, Convenience-Produkter. Mee een gouden Ragù weisst, datt Qualitéit meestens aus deen einfaschen Saaschen besteht, wie z.B. goud Zutaten, proper Technik, Gedold, Erfahrung. Et ass Slow-Food am ursprünglichsten Sënn.
Wann sech deen ganzen Geroosch durich dengt Haus zéiht, hausgemaaten Pasta frësch gekooscht an wann se all rondrëm den Dësch setzen miärikt een siier: Et jieet net nëmmen ëm d’Zooss. Mee ëm datt, watt Kooschen eigentlich sen kann. Ruh an Genoss.
Ragù alla Bolognese
Schwierigkeit: einfasch6
Portiounen1
Stunde3
StundenZutaten
700 bis 800 g Randsgehacktes oder Fleesch fir selwer ze wolefen
Optional: 80 bis 100 g Pancetta
1 deck Ënn
1 Muurt
1 Stang Zellerie
Botter
Olivenualig
150 ml drëchne wäissen Weng
150 ml Mëlich
300 bis 400 ml Passata, oder 1,2 kg frësch Tomaten
Salz
schwarze Päffer
evtl. bëssen Bréit oder Waasser
Optional: eent klengt Steck Muurt wann Tomaten äwer na zevill Säier han
Zoubereedung
- D’Ënn, d’Muurt an d’Stang Zellerie würfelen ech ganz fein.
- Optional de Pancetta kleng Würfelen
- Weng, Mëlich, Tomaten an Gewürzer parat stellen.
- Hualen ech frësch Tomaten, iwerbréihen ech déi, schiälen se an schnegden se an graaf Würfelen, déi leen ech an eng feierfest Form, verdeelen bëssen Salz, Päffer an Olivenualig driwer an baaschen se bei 200 °C fir 35 bis 45 Min.
- Kooschen
- An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech eng Mëschung aus Botter an Olivenualig an brooden do dran op niddrig bis mëttel Hëtzt datt ganzt Geméiss bis et mëll an goldbrong ass. Rischt zum Schluss liit salzen. (Datt kann bis zu 45 Min. dauren)
- Hat d’Geméiss dir richtig Faaref erreecht, driien ech d’Hëtzt rop an mëschen optional de Pancetta drënner.
- D’Geméiss mam Speck drecken ech dann op Segt an leen d’Gehacktes dran, datt loossen ech dann mol brooden ouni dran ze réiren, et soll Faaref kreien an Röstaromen entweckelen. ( du kanns d’Geméiss an de Speck o aus dem Dëppen hualen an et dono rëm drënner mëschen)
- Ass d’Fleesch dann sching brong aangebrooden vermëschen ech alles goud mateneen an läschen datt Ganzt mam wäissen Weng aaf. Deen loossen ech ganz ankooschen.
- Als nächst schëdden ech d’Mëlich drop, an o déi loossen ech ganz ankooschen. Datt brengt Zaarheet, Balance zur Tomat an deen typisch ronnen Goût.
- Dann schëdden ech Passata drop oder die geréistert Tomaten, evtl. eent Steck Muurt mat dran leen.
- Op niddriger Hëtzt während 2 bis 3 Stonnen kooschen loossen, kontrolléiren an evtl. bëssen Flëssigkeet an From van Waasser oder Bréit dobäi schëdden.
- Aam Geroosch erkenns du den Fortschrëtt.
- Mat Salz an Päffer aafschmaaschen, optional kann een eent kleng Steck Botter ënnerréihren.
- De Ragù ruhen loossen, den Daag drop schmëscht en dachs na besser.