Mozzarella-Tomaten-Basilikum Cups

Tomaten Mozzarella gehiiert zu deen Klassiker, an irgendwann sen sie ënnert hirer eegener Vermaartung verschwonnen. Zevill Deko, zevill Reduktioun, zevill „Summer om Teller“. D’Iddi ass eigentlich simpel, goud Produkter, proper behandelt, fiäridig.

Ech wollt hei net deen klassischen Teller bauen, deen ausgesegt wie op engem Hotelbuffet van viraan suvill Joeren. Mëch hat ischter interesséiert, ob een datt Ganzt o mi locker denken kann. Manner geschicht, mi zesaammengesatt. Jiät datt frësch wirikt, ouni geschniegelt ze sen.

De Mozzarella han ech goud aafdrëpsen geloss an en mat Këchenpapeier drëchen getuppt. D’Ciabatta han ech an graff Würfel geschnidden, sou op engem Baaschblech auserneen geleit bëssen Olivenualig driwer verdeelt an se am Schiäffchien geréistert. De Basilikum han ech gewäsch, drëchen gerëselt an Bläder viirsichtig raaf gepleckt. Kiishtentomaten han ech halbéiert.

Fir et na bëssen annëcht ze maan, kanns du den Owend virdraan de Mozzarella o an enger Mëschung aus Olivenualig, Basilikum, Knuawelek bëssen Päffer an Salz anleen, fir bëssen Feier kann o na bëssen Chili mat dran.

An enger gruusser Schossel han ech den Mozzarella mat den Tomaten, gemëscht an liit gesalz. Ass datt vermëscht han ech ongeféier d’Halschent vam Basilikum drënner gemëscht. Su han ech eng Handvoll an d’Gläser gefëllt, dann han ech den Ciabatta verdeelt an uawen drop rëm bëssen van menger Tomat-Mozzarella-Mëschung. Ech han äwer bëssen drop opgepasst datt alles mi oder winiger gläichmässig verdeelt ass. An all Glas han ech dann 1 TL Balsammico drop geschott, an se mat schingen Basilikumbläder garnéiert an getopp mat frësch gemahlenem schwarze Päffer.

Mi wor et net.

An genau do entscheed sech, ob eent Ässen fonktionéiert oder net. Wann Zutaten näist kanne, bleift nëmmen Deko iwerig. Die geréistert Brugdwürfelen brengen Struktur, äwer nëmmen su lang wie se net komplett durichweechen. Tomaten mussen Säier han. Den Mozzarella soll net no Frigowaasser schmaaschen

Gläser sen däitlich mi frësch wie die klassich geschicht Versioun om Teller, manner schwiier. Durich d’Gläser wirikt datt Ganzt kompakter mi direkt, keent gruussartigt gefummels op engem Teller, einfasch nëmmen Ässen.

Watt ech net maan jiff, Balsamicocrème. Dës deck Séissheet verdeelt sech iwerall am Glas am mëcht aus einfaschen Zutaten irgendjiät. Hat een gouden Balsamico jieet datt dar, dovaan brausch een nëmmen ganz winig. En soll begleeden an net alles zoupëchen.

Ciabatta wor o OK, äwer villäicht net die besten Wiäll. Et brengt Röstaromen, äwer winig Charakter. Die nächste Kéier hualen ech Foccacia. Mi Goût, mi Eegenstännigkeet an bëssen mi Ualig am Deeg, datt hält besser dogeent wann de Saaft van den Tomaten an de Balsamcio dobäi kommen.

Bei su engem Ässen jiët dachs ënnerschätzt, datt Brugd keent Fëllmaterial ass. Et entscheed mat dodriwer, op jiät no siier zesaammengemëscht schmëcht oder no bewosst gebautem Ässen.

Vill maan deen Fehler, datt se Tomat-Mozzarella fir idiotensëcher haalen. Ass et net. Graad su einfasch Saaschen verzeihen am winigsten. Ass nëmmen eng Komponent schwaasch, miärikt een datt driekt. Meng Cups woren lecker. Net revolutionär, net deen Summersnack. Einfasch eng goud Iddi déi fonktionéiert, an paar Platzen, déi een besser maan kann. Genau doweenst jiff ech dës Versioun dem Teller virzéihen

Mozzarella-Tomaten-Basilikum Cups

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Gläser
Virbereedung

15

Minuten

Zutaten

  • 250 g Kiischtentomaten

  • 250 g Mozzarella oder Burrata

  • 1 Botte Basilikum

  • Salz

  • Olivenualig

  • 2 TL Balsamico

  • 1 bis 2 Scheiwen Ciabatta

  • schwarze Päffer

Zoubereedung

  • Kiischtentomaten wäschen ech grëndlich an halbéiren se. De Basilikum wäschen ech an rëselen deen drëchen. De Mozzarella schëdden ech aaf, loossen en goud aafdrëpsen an dann tuppen ech mat Këchenpapeir drëchen.
  • Den Ciabatta würfelen ech, verdeelen en op engem Baaschblech, dodriwer verdeelen ech bëssen Olivenualig an su réisteren ech en, bei 180 °C Ëmloft, bis en goldbrong knusperig ass.
  • An enger Schossel mëschen ech de Mozzarella mat den Tomaten, dem Olivenualig an bëssen Salz. Wann datt goud vermëscht ass, mëschen ech ongeféier d’Halschent vam Basilikum drënner.
  • Su fëllen ech ogeféier eng Handvoll an d’Glas, verdeelen dann den Ciabatta an leen na eng Handvoll op den Ciabatta. Ech passen äwer op, datt de Mozzarella gläichmässig an de Gläser verdeelt ass.
  • An all Glass schëdden ech dann 1 TL Balsamico, leen paar sching Bläder Basilikum uawen drop an toppen datt Ganzt na mat frësch geriwenem schwarze Päffer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*