Gebrooden Gromperen

An der traditioneller Këchen, sen Brootgromperen, an Scheiwen oder Würfel geschnidden Gromperen, déi rii oder gekooscht am Schmalz, Botter oder Ualeg gebrooden jiänn.

Würzen kann een gebrooden Gromperen, mat Salz, Peffer, Rosmarin, Majoran, Herbes de provence oder Kümmel. Meestens sen Gromperen eng Beilaag beim Fleesch oder Fësch. Als ganz einfasche Menü kann een se zesaammen mat Eiertriwwel, Spéijeleier, Omlette an Speck an Ënnen zervéiren. Eent Ässen watt ëmmer geht.

Fir meng Brootgromperen hualen ech:

  • Gromperen, natiirlech aus der Regioun
  • Ualeg, kann een o Olivenualeg hualen
  • Salz
  • Botter
  • gehackten Schalott
  • Herbes de Provence
gebrooden Gromperen

Wie fänken ech aan?

Gromperen jiän mol fitischt geschiält an goud ënner fléissendem Waasser gewäsch. Ech schnegden Gromperen dann an Würfelen, kann een o Scheiwen oder Spalten schnegden, su wie een et jiären hat.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech dann bëssen Ualeg, an maan die rii Gromperen dran, déi loossen ech dann brooden bis se afänken Faaref ze kreien. Salzen se an driien Hëtzt raaf, su loossen ech se mëll brooden. Et dauert ongeféier 35-40 Min. bis Gromperen mëll sen.

10 Min. viran Schluss mëschen ech een Schnatt Botter, die gehackten Schalott an Krégder drënner, déi sollen jo net verbrennen.

Gebrooden Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Virbereeungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Watt brausch ech?

Wie jëtt gekooscht

  • Gromperen, schiälen, ënner fléissendem Waasser wäschen, an Würfel, Scheiwen oder Spalten schnegden.
  • An enger waarmer Pann Ualeg erhëtzen an Gromperen dorann aanbrooden bis se Faaref kreien.
  • Salzen, Hëtzt raaf driien an Gromperen su mëll brooden.
  • 10 Min. firan Schluss, Schalott, de Botter an Krégder ënnermëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*