Mol éierlich, Kregder aus der Provence aus der Tiitchen oder aus dem Glas am Buttik rëscht ischter no Heihapp wie no engem Lavendelfeld. Et legt net do draan, datt dës Iddi schlecht ass, d’Iddi ass gruussartig. Et legt do draan, datt an deen meesten Mëschungen een Kompromëss stëcht. Vill van deem, watt bëllig an lang lagerfähig ass, an winig van deem, watt eigentlich den Ënnerscheed mëcht. Genau do drëm jieet et hokt.
Watt sen „Kregder aus der Provence“ eigentlich an watt net?
Hei kënnt well direkt die ischt Iwerraschung. Et jiët keent traditonellt, historischt Originalrezept aus der Provence. D’Mëschung ass an de 70er Joeren van der Gewürzindustrie erfond jiän, gedeit fir datt fransiischt Liäwensgeféihl an een Streuer ze verpacken. Et mëscht sie net unbedingt schlecht, et erklärt äwer firwatt et keng „richtig“ Zesaammensetzung jiët, mee nëmmen eng ongeféier Familjen van Kregder, déi tatsächlich an der südfransiicher Këchen virkommen.
Thymian, Rosmarin,Oregano, Bungenkrogt, Majoran, heinsdo Lavendel, heinsdo Fenchelsoom oder Estragon.
Datt heescht, du kanns hei näist falsch maan, Du kanns Entscheedungen träffen, déi dir besser oder schlechter gefällen. Datt ass irgendwie befreiend, fannen ech.
D’Basis, datt watt unbedingt dran soll sen
Dräi Kregder bilden Grondgerüst van allen Provence-Mëschungen, well sie sech gegensegtig droen, ouni sech ze erschloen.
Thymian brengt dës liit waarem, erdig, harzig Nuancen, datt ass deen Toun, deen „Süden“ signaliséiert, befirs du iwerhaupt een aanert Krogt schmëchs. Gedrëchenten Thymian verléiert iwerigens kaum aan Kraft, ischter den Geegendeel. Während dem Drëchnen konzentréiren sech die ätherisch Ualiger, well d’Waasser verschwënnt, äwer die kleng Aromastoffer bleiwen an deen klengen Ualigdrüsen an den Bläder setzen. Een van deen Kregder, bei deem gedrëchent net mi schwaasch ass wie frësch, nëmmen bëssen annëcht, bëssen mi donkel, manner grasig.
Rosmarin ass datt Krogt watt am meesten Kaméidi mëcht. kampferartig, bal bëssen no Kieferholz, an ouni Rücksicht op Verlost dominéiert heen alles, wanns du es zevill hëlls. Dofir hat bei dëser Mëschung de Rosmarin mi eng kleng Roll. Ech well datt en am Hannergrond aktiv matspillt an net datt en die ganz Bühn iwerhëllt.
Oregano brengt die päfferig, liit batter Schiäreft, déi alles zesammenhält an verhënnert, datt d’Mëschung ze harzig-eendimensional jiët. En ass su ze soen den Affekot fir d’Balance an dëser Ronn.
Has du dës 3 well zesaammen, has du well eng goud fonktionéierend, éierlich Procence-Mëschung. Alles dono ass Charakterbildung.



D’Charakterzutaten, hei jiët et interssant
Bungenkrogt (sariette) ass an deen fransiischen Mëschungen bal ëmmer vertrodden, an däitschen Mëschungen taucht et äwer seelen op, well hei mat Bungenässen assoziéiert jiët. Et schmëcht päfferig-scharef mat liiten Thymiannuancen. Ass deng Mëschnug bëssen fad, ass villäicht genau datt watt fehlt
Majoran ass mi mëll, séisslich wie den Oregano, mat deem en Familjen ass. En ronnt aaf am Platz scharef ze maan. JIët den Oregano dir ze kratzig kanns du datt mat Majoran ausgläichen.
Lavendelbléihen ass ëmstridden, an hei wëll ech éierlich sen am Platz dir jiät vir ze maan. Lavendel ass keent traditonellt Kooschgewürz an der Provence, en jiët viraan allem fir Seef ze produzéiren aangebaut an net fir d’Kooschdëppen. Trotzdem hat sech de Lavendel an den Industriemëschungen festgesatt, well en „no Provence rëscht“, well do Felder lila bléihen. Kulinarisch ass et een Grenzfall, zevill dovaan an deng Ässen schmëcht no enger Doftkiärz. Die richtig Minimaldosis, ech schwätze van engem Hauch, net engem Läffel, kann eng interessant bloumig Nuance liweren, viraan allem bei Lamm oder Hunig-Marinaden kënnt datt passen. Du kanns en fort loossen ouni datt irgendjiät wesentliches fehlt. Wanns du miilischkeet hast probéier et eng kéier mat an eng kéier ouni, du miäriks selwer op watt fir enger Segt datts du stehs.
Fenchelsoom liit am Mörser aangestuus brengen een séisslichen Anisaroma, déi besonnig goud bei Fësch an Schwengefleesch passt. Net zwengend, äwer eng sching Variant, wann’s du deng Këchen Richtung Mëttelmiär an net Richtung Lammbroot lenken wëlls.
Frësch sammelen oder koofen?
Has du een Gaart, eng Terrasse oder een Nooper den jiären deelt, Frësch sammelen an selwer drëchnen ass ëmmer besser wie gekooften gedrëchent Kregder. Gekooften gedrëchent Kredger han wel dachs Meent hannert sech befir se iwerhaupt am Glas landen. Plecken, Transport, Lagerung, Verpackung an dann die Zekt am Buttik. All Station koost ätherisch Ualiger an datt ass datt, watts du eigentlich schmaaschen wëlls. Du rëschs et iwerigens direkt, reif bëssen selwer gedrëchent Kregder zwëschen deng Fanger an déi aus dem Buttik an rauchs se. Den Ënnerscheed ass riesig.
Fir den Alldaag sen die gekooften Kregder net schlecht, wanns du äwer bis miäriks wivill mi Aroma an selwer gedrëchente Kregder stëcht wëlls du net mi zereck.
Wini plecken ech meng Kregder
Am besten ass et am spéiden Virmëttig, de Muaijes-Tau ass dann gedrëchent an d’Mëtteshëtzt hat na net aagefongen. D’Planz hält hir Aromatsoffer an klengen Ualigdrüsen om Blad. Die prall Mëttessonn liisst dës Drüsen een Deel van hirem Inhalt aan d’Loft aafjian, quasi als natiirlichen Verdonstungsschutz fir d’Planz. Et ass goud fir d’Planz, äwer schlecht fir dech, well et se genau dës Aromastoffer déi’s du han wëlls.
Deen idealen Zektpunkt fir den Aroma, ass kurz är Planz aanfänkt ze bléihen. Subal Bléihe kommen lenkt Planz hir ganz Kraft an d’Bléihen am Platz an d’Bläder, een ënnerscheed deen opfällt, Du erkenns datt, datt well Knospen draan sen, äwer na zou sen.

Drëchnen
Loftdrëchnen ass die klassisch an die best Methoud fir die meest Aromen ze erhaalen. Mat Hëlef van Këchenschnouer jiän kleng Bouquet’en gebonnen, wirklich dënn, net mi deck wie deen klengen Fanger, soss kann et passéieren, datt se schammelig drëchnen. Déi jiän dann op enger waarmer, drëchener an donkler Platz gelagert an gedrëchent. Donkel ass hei keen Zoufall, direkt Luut oder Sonn, baut die ätherisch Ualiger aaf, genau datt passéiert o wanns du eng Tiitchen an dengem Gewürzschaaf ze lang opstoen has. An enger donkler Spënnchen, an engem donkelen Schaaf, wu bëssen Loftzirkulatioun ass, ass die beste Platz Kregder ze drëchnen.
Du erkenns, datt deng Kregder drëchen sen net aan der Auer, mee am Verhaalen van den Bläder, wanns du se zwëchen de Fanger reifs an sie zerbröselen am Platz sech ze béjien. Je no Loftfiitegkeet kann datt bis zu 3 Wooschen daueren, datt ass äwer nëmmen eng graff Orientéirung, verschidden Kregder sen well no enger Woosch drëchen. Aan engem fiiten kaalen Daag, an an enger schlecht gelëfter Waahnung dauert et mi lang wie am Spéitsummer om drëchnen iäwischten Späicher. Vertrau dengem Geféihl, wie féihlen sech d’Kegder aan, wanns du se zwëchen de Fanger reifs, zerböselen sie oder béjien sie sech.
Eng anner Methoud ass am Dörrautomat oder am Schiäffchien, dobäi ass den Dörrautomat äwer besser wie de Schiäffchen, well deen mi kontrolléiert Temperatur haalen kann. Ideal ass eng Temperatur ënner 40 °C, am Schiäffchien Dir äwer bëssen opstoen lossen, fir datt Fiitegkeet auszéihen kann. Du muss do äwer een Kompromëss angoen, Hëtzt drigt ëmmer dozou bäi, datt een Deel van den ätherichen Ualiger verluaren jieet. Deng Kregder schmaaschen zwar na ëmmer besser wie déi aus dem Buttik sie sen äwer mi mëll wie die Loftgedrëchent. Fir den Alldaag ass datt äwer een akzeptabelen Deal.
D’Mëschung zesaammenstellen
Subal alles drëchen ass, strëps du Bläder van den Stiller, d’Stiller selwer sen faserig an droen kaum Aroma, sie gehiiren an de Kompost an net an d’Glas. Zerreif d’Bläder am besten zwëchen de Fanger oder am Mörser. Net zu Polwer verschaffen, den Aroma jieet soss mi siier verluaren.
Eng goud Mëschung besteht aus 2 Deeler Thymian, 2 Deeler Oregano, een Deel Rosmarin, een Deel Majoran an een Deel Bungenkrogt. Optional kanns du dann een Hauch Lavendelbléihen ënnermëschen oder zerstuussene Fenchelsoom. Mësch alles goud mateneen. fëll et an donkel, loftdich verschléissbar Gläser. an lager et an dengem Gewürzschaaf. Net ze no aan der Kooschmaschin.
Su gemëscht halen sech deng Kregder aus der Provence ongeféier 2 Joer. Wubäi „hällt sech“ relativ ass. D’Mëschung verléiert no an no Aroma, sie jiët net schlecht, sie jiet just mi fad. Du miariks datt, wanns du d’Mëschung zwëchen dengen Fanger reifs an bal näist mi rëchs.
Krégder aus der Provence
Schwierigkeit: einfaschZutaten
2 EL gedrëchenten Thymian
2 EL gedrëchenten Oregano
1 EL gedrëchenten Rosmarin
1 EL gedrëchent Bungenkrogt
1 EL gedrëchenten Majoran
bei Fësch oder Lamm, 1 bis 2 TL Fenchelsoom
Zoubereedung
- Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen an, an eent loftdicht zouent Glas oder Dëppchen fëllen
- All Zopp, Broot, Geméiss oder Gromperen kreien mat dëser Mëschung een onverwiässelbaren mediterranen Goût an ronnt all Ässen harmonisch aaf.
- An engem loftdicht zouene Glas oder Dëppchen ass dës Mëschung lang haltbar an kann su an der Këchen gelagert jiän.