Gyros ass eent ikonischt Ässen aus der griechischer Këchen, datt weltwégt fir seng würzig Marinaden a lecker Zoubereedungen bekannt ass. Inspiriéiert vam griechischen Souvlaki an van oriantalischen Anflëss, ass den Gyros als Street Food an den 20er Joeren an Griechenland entstannen. Die typisch Gewürzmëschung wie mir se hokt kennen, vereent ënner annerem d’Aromen van Oregano, Paprika an Thymian – eng Hommage aan die mediterran Këchen.
Zutaten fir meng hausgemaaten Gyros-Gewürzmëschung
- Oregano, deen jëtt dëser Mëschung sein charkateristischen mediterranen Goût.
- Thymian, brengt een liit erdigen Aroma mat.
- Salz, fir sämtlich Aromen ze verstäriken.
- schwarze Peffer, fir deen liiten scharefen Kick.
- Paprikapolwer edelsüss, fir d’Faaref an een mëllen séissen Goût.
- Majoran, de Majoran ass deen mëllen Brouder vam Oregano an brengt angenehm mëll Nuancen.
- Rosamrin, brengt een frëschen, bal holzigen Goût, deen besonnig goud zu gerilltem Fleesch passt.
- Koriandersoom, am Mörser fein zermahlen setz en su seng ätherisch Ualger fräi.
- Cumin (Kreuzkümmel) Orientalisch-würzig an en hiäft den Aroma.
- Cayennepeffer, suarigt fir eng angenehm an liit Schiäreft.
- Optional: Zocker an Canelle.
Bei bal allen Rezepter déi ech geliäsen han jiët Knuawelekgranulat an Ënnenpolwer ënnergemëscht. Du kanns datt maan an deems du an dës Mëschung jeweils 1 TL Knuawelekgranulat an 1 TL Ënnenpolwer drënner mëchs. Ech sen van deenen 2 Gewürzer äwer keen Fan, dachs sen do Stoffer mat drënner gemëscht déi net unbedingt gesond sen. Ech hualen frësch Ënnen an frëschen Knauwelek. Genausu ass mein Rosmarin, Oregano an Thymian aus mengem Gaart, déi ech selwer gedrëchent han.
Bei 500 Fleesch hacken ech 1 Ënn an 2 Ziiwen Knuawelek ganz fein. Watt se mi fein gehackt se, watt sech den Goût besser verdeelt.
Zoubereedung
An enger Schossel mëschen ech sämtlich Zutaten mateeneen, an fëllen d’Gewürzmëschung an eent Loftdicht verschlossent Glas oder Dëppchen.
1. Verwendung:
- Hual ongeféier 1 EL bis 2 EL van dëser Mëschung pro 500 g Fleesch oder Geméiss.
- Fir d’Fleesch kanns du eng Marinade mam Saaft van enger halwer Zitroun an ongeféier 100 ml Olivenualeg zesaammen réiren.
2. Lagerung:
- An engem loftdischt verschlossene Glas oder Dëppchen, kéil an donkel lageren. Su as dës Mëschung ongeféier 6 Meent haltbar.
TIPP: Befirs du dës Mëschung brauchs, vermësch se goud an rausch draan – D’Aromen sollen kräftig an harmonisch sen.
De Cannelle
Ech wees, vill Lekt denken Canelle ass jiät fir an een Dessert, datt stëmmt net ganz, mir schmëscht den Canelle vill besser om Fleesch wie op enger Äppeltaart. Ech mëschen hei äwer den Canelle rischt drënner wann ech meng Mëschung am Gebrausch han. Bei verschidden Menüer harmonéiert den Canelle goud an bei anneren net. Op 500 g Fleesch mëschen ech ongeféier 1 Messerspëtz Canelle.
Tipps
- Du kanns verschidden Gewürzer rischt mahlen wanns du dës Mëschung zoubereeds, wie ech et hei gemaat han mam Koriander, kanns du o schwarz Pefferkären an den Kreurzkümmel am Mörser zerreiwen, su krëss du mi intensiv Aromen.
- Loss d’Fleesch op mannst 2 Stonnen marinéiren, am besten ass et ëmmer iwert Nait-
Firwatt ech frësch Zutaten verschaffen?
- Frëschen Knuawelek enthält natiirlich antibakteriell Stoffer an hat mi een intensiven Goût wie den Knuawelekgranulat.
- Frësch Ënnen, brengen een natiirlich séissen Aroma.
- Frëschen Zitrounensaaft, Frësch gepressten Zitrounensaaft ënnerstëtzt zaartheet vam Fleesch an brengt Frëschheet.
- Olivenualeg, deen transportéiert d’Aromen an suarigt dofir, datt alles goud an d’Fleesch oder Geméiss anzéien kann.
Watt brengt den Zocker an dëser Gewürzmëschung?
Den Zocker suarigt dofir deen herben an scharefen Goût van Gewürzer wie Peffer, Paprika oder Cumin mi mëll ze maan. En balancéiert d’Siäier vam Zitrounensaaft oder Essig, déi dachs an den Marinade verschafft jëtt aus. Beim Brooden oder Grillen hëleft den Zocker, datt d’Fleesch oder d’Geméiss eng sching goldbrong Krust krëtt. (Maillard-Reaktioun)
An villen Gewürzmëschungen, besonnig die amerikanisch an orientalisch jiët traditionell bëssen Zocker ënnergemëscht, fir een dezenten séisslichen Goût ze kreien. Dës Traditioun hat dachs geschmaaschlich an historisch Grënn.
Zocker ass äwer keen Muss!
Ech verzichten op Zocker an menge Gewürzmëschungen, mir ässen well zevill Zocker an ech muss es dann net o na zousätzlich an meng Mëschungen maan. Du kanns en ganz fortloossen oder op anner alternativen Zereckgreifen wie z.B.
- Hunnig oder Ahornsirup, déi eegnen sech besonnig goud, wanns du eng flëssig Marinade zoubereeds.
- Jus, bëssen Orangenjus oder Äppeljus brengen eng séiss Frëschheet an d’Marinade.
- Stevia, eng kalorienfrei alternativ, déi well an klengen Mengen extrem séiss ass.
- Muurten oder Ënnen, sie entfaalen während dem Brooden van Natur aus Zocker.
- Tomatenpürée, brengt séiss, fruuchtig Nuancen.
Wanns du dës Mëschung hëlls fir eng Zaloot ze würzen ass den Zocker iwerflëssig.
Genausu bei fettigem Fleesch, et kann virkommen, datt den Zocker d’Aromen dominéiert, deen natiirlichen Goût van den Gewürzer an Krégder ass genou.
Fazit
Zocker ass an deen meesten Gewürzmëschungen eng Optioun, du kanns en hualen, wanns du den Goût van deen scharefen Gewüzer ausbalancéiren wëlls an wanns du beim Brooden mi eng sching goldbrong Krust wëlls han. Wanns du äwer op Zocker verzichten wëlls kanns du op natiirlich Alternativen zeréckgräifen. Deen authentischen Goût van menger Gyrosgewürzmëschung kënnt van den Krégder an den Gewürzer.
Kulturellen an kulinarischen Kontext
- Griechisch Wuurzelen, dës Gewürzmëschung spéijelt deen mediterranen Charakter: aromatisch Krégder wie Oregano an Thymian erënneren aan die wëll Vegetatioun van Griechenland, während Paprika an Cumin den Anfloss vam östlichen Mëttelmiärraum betount.
- Anwendung, Ursprünglich fir Gyros – datt driihend Fleesch aam Spiess – entwéckelt, ass dës Mëschung iwerall ansetzbar, van Grillmenüer bis zu Geméiss aus dem Schiäffchen. Ausserdeem ass sie eng ideal Grondlaag fir Zoossen an Dips, z.B, mat griechischem Joghur vermescht oder op verschidden Gromperenmenüer.
Historichen Anfloss an Entwéckelung
Gewürzmëschungen am Allgemengen weisen wie kulinarisch Traditiounen van Migratioun geprägt sen. Well ech hei eng Gyrosgewürzmëschung zoubereet han hualen ech den Gyros als Beispill – D’Grondidee vam driihende Spiess kënnt aus der Türkei an ass van den Griechen aangepasst jiän – mat lokalen Krégder an Gewürzer. D’Verwendung van Canelle an Cumin deit dorop hin, datt d’Griechen orientalisch Gewürzer iwerhollt an mediterran interpretéiert han.
Sensorisch Eegenschaften
- De Goût: dës Mëschung balancéiert zwëschen herben (Oregano, Thymian) séisslichen (Paprika) an würzigen (Knuawelek, Cumin, Peffer) Nuancen.
- Den Aroma: Subal d’Mëschung mat Olivenualeg an Zitrounensaaft aktivéiert jiët, entfaalt sech een waarmen, würzigen Aroma.
- Textur: Am vergläich zu rengen Gewürzmëschungen jiët den Cumin, Peffer, Korandersoom wann se am Mörser zerstuuss jiän een liiten „Crunch“
Tipps fir deng eegen Mëschung
- Fir mi Schiäreft: mësch mi Cayennepeffer drënner oder zousätzlich frësch Chilischot.
- Fir mi Frëscheet: kanns du d’Marinade mat gehacktem Dill an Zitrouenzesten ergänzen.
- Fir een Reecher-Goût: kanns du gereechert Paprikapolwer ënnermëschen oder sugar gereechert Salz.
Hausgemaaten Gyros-Gewürzmëschung
Schwierigkeit: einfaschZutaten
3 TL Oregano
2 TL Thymian
1,5 TL Salz
1,5 TL schwarze Peffer
1,5 TL Paprikapolwer, edelsüss
1 TL Majoran
1 TL Rosmarin
1 TL Koriandersoom, am Mörser zerriwen
0,5 TL Cumin (Kreuzkümmel)
0,5 TL Cayennepeffer
Optional: 0,5 TL Zocker
Optional: 0,5 TL Canelle
Zoubereedung
- An enger Schossel mëschen ech sämtlich Zutaten mateeneen, an fëllen d’Gewürzmëschung an eent Loftdicht verschlossent Glas oder Dëppchen.
- Bei 500 Fleesch hacken ech 1 Ënn an 2 Ziiwen Knuawelek ganz fein. Watt se mi fein gehackt se, watt sech den Goût besser verdeelt.
- Verwendung
- Hual ongeféier 1 EL bis 2 EL van dëser Mëschung pro 500 g Fleesch oder Geméiss.
- Fir d’Fleesch kanns du eng Marinade mat 1 EL bis 2 EL Gewürzmëschung, Saaft van enger halwer Zitroun an ongeféier 100 ml Olivenualeg zesaammen réiren.
- Lagerung
- An engem Loftdicht verschlossenen Dëppchen oder Glas, kéil an donkel gelagert ass dës Mëschung bis zu 6 Meent haltbar.