Iwerbaaschenen Eintopf

Alles schmëcht besser, wann et mat Kiiss iwerbaaschen jiët? Wann ech aan su een Gratin denken, kënnt mir net nëmmen deen gouden Geroosch van geschmolzenen Kiiss an den Sënn, mee ech denken o aan een dämpenden Gratin an d’Wiäremt van engem gouden Schmorässen. An mengem Eintopf oder Gratin van hokt sen, Choufleurs, Muurten, Courgetten, Gromperen, Ënnen, Knuawelek an Fleesch. Et ass bëssen mi wie nëmmen een Comfort-Food, et ass eng kleng Réis durich Zékt, Raum an Goût. An eent Beispill wie een aus einfaschen Zutaten eent absolut köstlicht Ässen op den Dësch brengt.

D’Wuurzelen vam Eintopf

Den Eintopf hat eng lang Geschicht, wahrscheinlich su aal wie d’Kooschen selwer. Well an der Antik wor de Prinzip simpel. Alles watt een haat ass an engem Dëppen zesaammen kommen, Geméiss, Fleesch, Krégder an Gewürzer. An Europa hat den Eintopf an deen mëttelalterlichen Baurenkëchen sein festen Platz fond. Deemools ass dëst Ässen na als „Topfgericht“ bezeechent jiän, an ass dachs stonnelang om oppenen Feier geschmoort jiän. Ässen déi satt gemaat han stungen am Mëttelpunkt. An o wann, datt mat Kiiss iwerbaaschen, na net bekannt wor, wor deemools well kloer: Wann alles zesaammenkënnt entsteht den Zauber.

Mat der Zékt hat den Eintopf sech vriaan entweckelt. An den bauren Këchen van Europa ass en zu enger Form van der Konst jiän. An Frankräich ass doraus den „cassoulet“ jiän, an Italien een „ragú“ an, an Bayern die klassisch „Kartoffelsuppn“ Ëmmer aangepasst an datt, watt Saison haat an watt an der Regioun gewaass ass, an ëmmer mat deem déiwen Sënn Rester ze verwiärten.

Hokt, den Eintopf aus dem Schiäffchen

Hokt duaref su een Eintopf ruhig matt bëssen mi „Schick“ riwer kommen. An genau datt ass dësen Eintopf. D’Iddi: All Geméiss han ech eenzel an der Pann aangebrooden, fir datt alles sein eegene Charakter behällt.

  • Fleesch, hei kanns du sewler entscheeden watts du hëlls, zarten Pouletfilet, würzigt Lammgehacktes oder Brootwuuscht.
  • Ënnen an Knuawelek, d’Basis fir all éierlicht Ässen.
  • D’Courgetten, mat enger zarter, baal mediterraner Frëschheet.
  • De Choufleurs, gemellig geréister, mat liitem Nossaroma.
  • D’Muurten, karamelsiésiert an erdig-séiss.

Alles jiët eenzel gebrooden su datt sech Röstaromen voll entweckelen. Mat enger Zooss aus Bréit an Tomat jiët alles an enger feierfester Form vermëscht, an mat enger Mëschung aus Gruyère an Parmesan han ech datt Ganzt am waarmen Schiäffchen iwerbaasch.

Regional an Saisonal

D’Zutaten fir dësen Eintopf krëss du datt ganzt Joer iwer regional ze koofen. Choufleurs an Muurten sen klassisch Geméisszorten déi gelagert jiän. Courgetten am Summer frësch aus dem Gaart. Knuawelek an Ënnen sen d‘Fundament van all gouder Këchen.

Regional Zutaten han net nëmmen een mi kuurzen Transport, sie schmaaschen dachs vill mi intensiv, well se rischt gepléckt jiän wann se zegdig sen. Sie droen ausserdeem dozou bäi, datt klengbäierlich Strukturen erhaalen bleiwen. Datt ass keng romantisch Fantasie, mee een Bäitrag zur Biodiversitéit an geent industriell Monokulturen.

Beim Fleesch empfehlen ech dir, schwätz mat dengem Metzler, froosch no kurzem Transport, op Déier op der Wiss gehaalen se jiän, an wie et geschläit jiët.

Tomaten: Bëchsen mat Charakter

Tomaten fir an meng Zooss, kooschen ech mir am September ëmmer selwer an, meestens fir datt ganzt Joer, an wann et mol net dar jieet gräifen ech, zwar onjiären, o mol op Bëchsentomaten zereck. Mee, wanns du well eng kéier selwer Tomaten angekooscht has, wees du den Ënnerscheed ze schätzen. Ankooschen ass eng uraal Methoud Liäwensmëttel ze konservéiren, an sie erliäft zu Recht een Comeback. Den Aroma vam Summer han ech su ëmmer grëffbereet an menger Spënnchen stoen.

Een Hauch Zukunft

Wann ech iwer Noohaltgkeet schwätzen, jieet et net nëmmen ëm d’Zutaten. Et jieet o ëm Technik. Eent Ässen wie datt heiten lisst sech wonnerbar virbereeden. Du kanns et virkooschen an portionsweis anfréiren oder fir paar Deeg am Frigo lageren. Su vermeids du Stress an spaars Energie an du reduzéiers Liäwensmëttelverschwenung.

Vegetarisch jieet datt Ganzt iwerigens o, looss d’Fleesch einfasch fort. Am Platz kanns du wäiss Bungen, Kicheriärbessen oder gebaaschen Auberginewürfel mat drënner mëschen. Fir déi die et jiären han passt o gereecherten Tofu. De Kiis bleift natiirlich, wubäi hei o een kräftigen Bio-Kiiss mi räisst wie all Industrikiiss.

An ween weess, villäicht jiët dësen Eintopf eng kéier zu engem Ässen, datt een ëmmer rëm jiären kooscht. Su entstinn Traditiounen, net aus Béicher, mee aus Dëppen, Härzer an bëssen geschmolzenem Kiiss.

Zum Schluss…

Kooschen ass mi wie nëmmen satt jiän. Et ass eent Gespréich mat der Vergangenheet, eng Entscheedung an der Géigenwart an eent Versprächen aan d’Zukunft. Mat engem einfaschen, éierlichen Ässen wie dësem iwerbaaschenen Eintopf kanns du alles zesaammen maan. An ganz niäwenbäi, et schmëscht rischtig goud.

Solls du et ausprobéiren, verzäll mir dovaan!

Iwerbaaschenen Eintopf

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

45

Minuten
Kooschen

1

Stunde 

Zutaten

  • Olivenualig oder Botterschmalz fir ze brooden

  • 400 g Fleesch, Poulet, Gehacktes oder Brootwuuscht, kleng gewürfelt

  • 2 Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden

  • 3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 1 klengen Choufleurs, an Ruusen zerdeelt

  • 1 Courgette, an dënn Halefscheiwen geschnidden

  • 3-4 Gromperen, gewürfelt

  • 2-3 Muurten, kleng gewürfelt

  • 400 ml Bréit

  • 150 ml Tomate Pelée

  • Salz, Päffer

  • 1-2 TL gedrëchenten Oregano

  • 150 g -200 g geriwene Kiiss (Gruyère, Parmesan, Gouda, Emmentaler…)

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig oder Botterschmalz an brooden do dran Fleesch all rondrëm goldbrong aan. Datt hualen ech raus an leen et well an die feierfest Form
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan, bis se mëll sen, goud rauschen an liit Faaref aangehollt han, déi würzen ech mat bëssen Salz. Zum Schluss mëschen ech de Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech datt Ganzt bei d’Fleesch an die feierfest Form.
  • Dann brooden ech Courgetten kuurz an kräftig aan an mëschen déi bei d’Fleesch an die feierfest Form.
  • An der selwischter Pann brooden ech dann de Choufleurs bis en na liit Biss hat, liit Faaref angehollt hat. Deen würzen ech mat Salz an Päffer. Deen schëdden ech bei d’Fleesch an die feierfest Form.
  • Als nächst brooden ech d’Gromperen, loossen se bëssen Faaref aanhualen an würzen se mat Salz. Déi muss net durich mëll sen. An o déi schëdden ech bei d’Fleesch an die feierfest Form.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënniscthëtzt fir.
  • Dann brooden ech d’Muurten, subal déi liit Faaref kreien, schëdden ech d’Bréit drop an loossen alles opkooschen, als nächst schëdden ech Tomaten dobaï, würzen Zooss mat Salz, Päffer an Oregano. D’Zooss loossen ech ongeféier 10 Min. kooschen an schëdden se dann iwert mengt Geméiss an Fleesch.
  • Datt vermëschen ech alles goud mateneen, streien dann deen geriwene Kiiss driwer an setzen de Gartin su fir ongeféier 1 Stonn an deen waarmen Schiäffchen.
  • Sollt den Gartin ze donkel jiän, eent Seck Sëlwerpapaier driwer leen.
  • Viraam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*