Wann ech hokt su an menger Këchen stin, den Doft van Rosmarin an der Naas an den goldigen Olivenualig iwert d’Schaal van frëschen Kiischtentomaten drëpsen, féilt datt sech net aan wie kooschen. Well datt watt do an mengem Schiäffchen gemellig schmoort an spéider an Gläser aafgefëllt jiët, ass bëssen mi wie nëmmen eng Beilaag. Et ass eng kulinarisch Erënnerung, een noohaltigen Genoss an eent herrlicht einfascht Ritual.

En bëssen Gesicht an en bëssen Bauschgeféil
Tomaten! An Europa eigentlich rischt ségt dem 16ten Joerhonnert heemisch, haaten et Aafangs gar net su einfasch. Firtischt wor et nëmmen eng Planz fir sching ze maan an et hat kaum een sech getraut se zässen. Datt sie hokt an eisen Këchen net mi fortzedenken sen, verdanken mir Generatiounen van Gärtner, Bauren an Käch, déi sech net vam Virurteel, mee vam Goût leeden geloss han.
D’Anleen, egal ob am Ualig, Essig oder Salzlake hat dogeent eng vill mi aal Geschicht. Well an der Antik sen Liäwensmëttel su konservéiert jiän fir iwert de Wanter eng Reserve ze han. An der mediterraner Këchen, besonnig an Italien, Spanien an Südfrankräich, wor d’Baaschen an anschliessen d’Anleen van Tomaten eng Miilischkeet, iwerschëssig Tomaten haltbar ze maan fir su den Summer o am Wanter ze genéissen.
Rosmarin, Zitrounenzesten an grafft Salz woren dobäi net nëmmen Gewürzer, mee o Konservéirungshëlefer. An den Olivenualig, datt flëssigt Gold hat ségt Joerhonnerten net nëmmen Goût matbräit, mee o eng loftdicht Barrière geent Keime gebild.

D’Zoubereedung, gemellig, äwer sënnlich
Villäicht stells du dir d’Froosch: „Firwatt soll ech Tomaten dann am Schiäffchen baaschen, wann ech se dono anleen?“ kann ech se net rii verschaffen? Dasch, kanns du. Äwer dann verpass du jiät. Durich datt gemelligt garen op niddriger Hëtzt, ongeféier 120°C bis 130°C iwer paar Stonnen je no Déckt van der Tomat, karameliséiert deen natiirlichen Zocker. Sie verléiren Waasser, gewannen äwer aan Goût. Dozou Rosmarin, deen säin ätherischen Ualig aafjiët, de schwarze Päffer suarigt fir eng liit Schiäreft an d’Zitrounenzesten déinen als kleng frësch explosioun am Mond, eent rischtigt Fest am Mond.
Dës Zoubereedung verlangt bëssen Gedold, sie belount dech äwer mat engem Goût, deen direkt d’Härz an den Bausch trëfft.

Ech han meng Tomaten direkt an engem Menü viraan verschafft, an engem Geschnetzeltem no Gyros-Art.

Noohaltigkeet om Teller
Ech han fir mengt Rezept Kiichtentomaten vam Maart mat bräit. Et fonktzionéiert äwer graad su goud mat mi decken Tomaten. Datt ech op Bioqualtiéit oppassen erklärt sech vam selwen, net well ech et muss, mais aus Léift zum Produkt.
Rosmarin wiist bei menger Mamm am Gaart, en lisst sech äwer o wonnerbar op der Terasse zéihen. Beim Salz passen ech ëmmer op, datt ech rengt Steen- oder Miärsalz koofen datt net raffinéiert ass. Den Olivenualig brengen ech mir o vam Maart mat, en kënnt äwer aus Griechenland, deen schmëscht mir besser wie deen italienischen, en ass mi mëll am Goût.
Zitrounen sen bei eis baal Exoten, äwer hei lungt et sech no Bio-Zitrounen ze kucken, d’Schaal spillt an dësem Rezept eng Hauptroll.
Modern Varianten & Techniken
Et kann een dës Tomaten natiirlich na viraan vereedelen. Ween et jiären hat kann paar gedrëchent Chiliflocken ënnermëschen oder ergänzt datt Ganzt mat bëssen Thymian, Knuawelek oder Fenchel. O Kaperen, viraan allem wann se am Salz angeleit an kuurz aafgeschwenkt jiän.
Wat Haltbarkeet aan jieet, jiän et 2 Methouden. Entweder du fëlls die gebaaschen Tomaten waarem an steril Gläser an bedeckst se mat waarmen Olivenualig, su haalen sie sech paar Wooschen am Frigo. Oder du kooschs noom befëllen d’Gläser kuurz an, datt klappt goud am Ankooschdëppen oder am Waasserbad am Schiäffchen, su sen Tomaten paar Meent haltbar.
Fermentatioun ass hei theoretisch o miilisch. Wann dech d’Fermentatioun interesséiert, empfehlen ech dir Tomaten rii an enger Salzliesung an Gewürzer ze fermentéiren, datt erjiët eng ganz anner, äwer ebenfalls spannend Aromenwelt.

Eent Glas voll Miilischkeeten
Firwatt soll ausgerechent dëst Rezept Zukunft han? Ganz einfasch, et ass villségtig, saisonal, noohaltig an et lidd zum Experimentéiren an. Ob als Antipasti op engem knusperigen Steck Sauerdeegbrugd, als Beilaag bei gergilltem, oder als Topping op enger Zaloot, oder einfasch als Snack aus dem Glas, dës Tomaten passen an all Këchen.
Aussereem hëleft d’Anleen dobäi, d’Liäwensmëttelverschwendung ze vermeiden. Du kanns o iwerzégdig Tomaten verschaffen, déi soss villäicht an der Biotonn landen. An den Ualig, deen sech am Glas sammelt an su wonnerbar no Tomat an Krégder schmëscht? Deen ass perfekt fir een Dressing oder fir ze brooden.
Ech gesehen an dësem Rezept een kulinarischen Statemant, geent d’Hektik, geent Verjiässen van aalen Zorten an fir mi Wiärtschätzung. Eent klengt Glas fir Kreativitéit an goud Ässen.
Also wurop waarden, hual dir eent Baaschblech, paar Tomaten, deng best Rosamrinäst an jiëf dech draan. Villäicht hëlls du dir dobäi eent Glas Wéng, lausters deng Lieblingsmusik an liss den Schiäffchen d’Arbicht maan. An wanns du dann eent Glas opmëchs, villäicht aan engem kaalen Wanterdaag, schmëchst du watt ech mengen.
Angeleiten Tomaten aus dem Schiäffchen
Schwierigkeit: einfasch3
Gläser à 300ml2
StundenZutaten
1 kg zégdig Tomaten
2-3 frësch Rosmarinäst
1 Tl grafft Salz
1 TL schwarze Päfferkären
Zitrounezesten van 1 Bio-Zitroun
300 ml bis 400 ml hiiwiärtigen Olivenualig
Zoubereedung
- De Schiäffchen op 120°C Ëmloft virwiärmen.
- Tomaten wäschen, Kiischtentomaten ganz loossen, mi gruuss Tomaten je no Griisst véirelen oder aaschtelen. De Stronk rausschnégden
- Tomaten mat der Schnëttfläsch no uawen an eng ferifest Form oder op eent mat Baaschpapaier ausgeleiten Blech leen.
- D’Päfferkären zerstuussen ech am Mörser graff an verdeelen déi mam Salz iwert den Tomaten.
- Van enger goud gewäschener Biozitroun raspelen ech Zesten aaf, an verdeelen déi o iwert den Tomaten.
- D’Rosmarinäst wäschen ech an rëselen se drëchnen, déi leen ech am ganzen zwëschen Tomaten.
- Do driwer verdeelen ech 2 EL bis 3 EL Olivenualig an setzen se su fir ongeféier 2 bis 2,5 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen.
- Iwerdeems streiliséiren ech d’Gläser an Deckelen am kooschenden Waasser. Deen rest Olivenualig erhëtzen ech mat Hëlef van engem Thermometer op 70°C.
- Die waarem Tomaten fëllen ech mat den Gewürzer an den Krégder an d’Gläser, an schëdden deen waarmen Ualig drop, oppassen datt net zevill Loft mat angeschloss ass an d’Gläser dann fest verschléissen. Komplett auskéilen loossen. Su sen Tomaten ongeféier 1 Moont am Frigo haltbar.
- Ankooschen
- Die gefëllten an zouen Gläser am waarmen Waasserbad bei 90°C bis 95°C ongeféier 30 Min. ankooschen. De Ualig jiët dobäi net frittéiert, well Temperatur ënner dem Rauchpunkt ass.
- Bedenk eent beim Ankooschen, den Timer rischt op 30 Min. anstellen wann eng Temperatur van 90°C bis 95°C erreecht ass.
- Dono d’Gläser op engem Dousch, nie op die kaal Aarbichtsplaque setzen, komplett auskéilen loossen. Den Deckel soll während dem Auskéilen een Vakuum zéien, bei Schraufgläser hiiers du datt, wann se ploppen. Has du Weckläser, noom kompletten auskéilen den Bigel liesen an d’Gläser aam Deckel an d’Luut hiäwen, wann se dann zou bleiwen has du alles rischtig gemaat.
- Su angekooscht sen deng Tomaten bis zu engem Joer op enger donkler, kéiler Platz haltbar.
Notiz
- WICHTIG: Ualig ass mi empfindlich wie z.B. Essig oder Salzlake, ëmmer een propere Läffel oder Forschette hualen fir d’Tomaten aus den Gläser ze hualen. Sollt de Ualig dréif jiän an komisch rauschen, am besten alles entsuarigen.
- TIPP aus menger Këchen: Deen aromatischen Ualig mat notzen fir z.B. an enger Zalootenzooss, an enger Marinade oder fir ze Brooden.