Brootgromperen mat Broccoli, Knuaweleksbotter an Frühlingszwibbelen

Wann ech aan gebrooden Gromperen denken, denken ech ëmmer aan meng Bomi, kleng gewürfelt een Komp dropp gesatt an dann op niddirger Hëtzt brooden gelooss bis eng sching goldbrong Krust entstannen ass. Dann ass Pann mam Komb gedrigt jiän an fiärdig wooren gebrooden Gromperen. Deemools eng einfasch Beilaag: Gromperen, Ënnen an evtl. na bëssen Speck. Hokt maan ech eng bëssen mi modern Variant, mat Broccoli, verfeinert mat Knuawleksbotter an Frühlingszwibbelen. Eng Beilaag, déi Traditioun an Zektgeest mateneen verbënnt.

D’Wuurzel van der gebroodener Gromper

Deen genauen Ursprong lisst sech leider net recherchéiren. Gebrooden Gromperen zällen o hokt na als „aarem-Lekts-Ässen“. Sie sen o aus der Nugd entstannen fir gekooschten Gromperen vam Daag virdraan net mussen ze entsuarigen. Dës Restverwiärtung ass net nëmmen sympathisch, mee o eent Virbild fir deen bewossten Ëmjiang mat Liäwensmëttel.

Vam Holzuawen zur Gossenpann

Aafangs ass d’Gromper dachs am Schwéngschmalz gebrooden jiän, viraan allem op dem Land. Deemools een logischen Schrëtt, well Fett Energie wor, an Energie wor nigdig fir die hart Aarbischt om Feld. Hokt jiët dachs op planzlich Alternaitven zeréckgegraff. Ech notzen am léifsten geklärten Botter, also Botterschmalz, et verdrigt hii Temperaturen an jiët der Gromper een herrlich nossigen Aroma.

De Broccoli ass rischt mo spéit an d’Spill kommen. An Mëtteleuropa ass en rischt an den 70er Joren bekannt jiän, mam opkommen van der mediterraner Këchen. De Broccoli ass net nëmmen köstlich, mee o eent rischtigt Superfood, räich aan Vitamin C, Kalium an sekundären Planzestoffer. An datt Best, en wiisst o wonnerbar bei eis am Gaart.

Modern Anflëss

Ech mëschen meng Brootgromperen jiären mat engem Geméiss, op et lo Broccoli, Chouxfleurs oder Kappes ass. Die erdig Gromper, deen frëschen Broccoli an d’Kréinung hausgemaaten Knuawelksbotter. Fir mëch ass dësen Botter den Schlëssel zur Hamronie an dëser Beilaag.

Dofir hualen ech de Botter aus dem Frigo, an lossen en bei Raumtemperatur mëll jiän. Deen vermëschen ech dann, mat proper gewäschenen Hänn, mat gehacktem Knuawelek, Péitersilich, Bratzelen, Salz, Päffer an bëssen Zitrounensaaft oder Zitrounenzesten. Ween et léiwer mi raffinéiert hat kann o na een Hauch Chiliflocken an bëssen gereechert Paprikapolwer ënnermëschen.

Fir datt den Knuawelek net dominéiert kanns du en o fritischt an bëssen Botter aanréisteren, datt hëllt him d’Schiäreft an brengt säin Aroma richtig zur Geltung.

Regional, saisonal, noohaltig

Et mëcht een Ënnerscheed, ob’s du d’Gromperen aus dem Buttik mat brengs oder se op engem Maart keefs, wu’s du dem Bauer na d’Hand rëselen kanns. Aal Zorten brengen net nëmmen Vilfalt op den Teller, mais o gouden Goût. Bei der industrieller Landwirtschaft jieet do zimlich vill verluaren, dobäi ass graad dës Villfalt een Schlëssel zur Resilenz an eisem Ernährungsystem.

Broccoli jiët et bei eis frësch vam Fled, meestens van Juni bis an den Hiärest. Ween ausserhalb der Saison net do drop verzichten wëll, kann en blanchéiren an anfréiren. Su bleiwen d’Faaref an d’Nährstoffer griistendeels erhaalen. Oder et gräift een zur Fermentatioun, eng Technik, déi ëmmer mi Opmiärksamkeet krëtt.

Zoubereedung

De Broccoli zerdeelen ech an kleng Ruusen an grëndlich wäschen, en kann dann rii an der Pann gebrooden jiän. Oder ech blanchéiren en am kooschen Salzwaasser fir ongeféier 2 Min. Deen schrecken ech dann am Äiswaasser aaf, su behällt seng sching gréin Faarf mi lang.

Bei den Gromperen has du d’Wiäll, ob’s du der vam Daag virdraan na ma Frigo stoen has, ob’s du se Schiälls dann koochs oder ob’s du se rii an der Pann brooden wëlls. Hual op alle Fall festkooschender, sie behaalen am besten hir Form. Ech selwer brooden se am léifsten rii an der Pann.

Dofir schälen ech se an wäschen se grëndlich aaf. An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an schëdden d’Gromperen an Pann. Su loossen ech se op mëttel bis hii Hëtzt brooden, salzen se an réiren heinsdo dran. Sie sollen eng sching brong Krust aanhualen, dann driien ech Hëtzt raaf an loossen se op niddrig bis mëttel Hëtzt brooden bis se durich mëll sen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.

Während d’Gromperen brooden breeden ech den Knuaweleksbotter zou. Ech meschen mëllen Botter mat gehacktem Knuawelek, Salz, Päffer, bëssen Zitrounensaaft, gehackten Péitersilich an Bratzelen.

D’Gromperen kontrolléiren ech zwëschendurich ëmmer mol rëm, würzen mat Päffer an Muskot. Kuurz är se durich gar sen, mëschen ech de Broccoli an d’Frühligszwibbelen drënner an brooden alles mat. Subal d’Gromperen mëll sen, mëschen ech den Knuawelksbotter drënner, an wann deen ganz geschmolz ass an sich iwerall verdeelt hat, zervéiren ech se.

Fermentatioun an Haltbar maan.

Fermentéierten Broccoli klengt am ischten Moment villäicht komisch, äwer probéier et einfasch aus. An kleng Ruusen zerdeelt, mat Salz, Knuawelek engem Hauch Zitrounenzesten aangesatt entweckelt heen no paar Deeg een ganz neien Aroma. Liit säierlich, komplex an irgdendwie läwig. Kleng gehackt an als Topping iwert die waarem gebrooden Gromperen gestreit, entsteht su een schingen Kontrast, waarem trëfft kaal an mëll trëfft knackig an würzig.

An o d’Gromperen loossen sech haltbar maan, net durich Fermentatioun, äwer durich ankooschen als fiärdig Brootgromper-Basis. Virgekooschten Gromperen an Gläser mat Botterschmalz an Gewürzer angekooscht, haalen sech Wooschenlang an sen eng siier Hëlef, wann mol net suvill Zékt fir ze kooschen ass. A jo, et schmëscht sugar besser wie irgendeent Fiärdigprodukt.

Eent Rezept datt Geschichten erzällt

Et ass net nëmmen eng einfasch Beilaag, sie erzällt Geschichten van fréieren Zékten, van Ännerungen an der Ässkultur, van neien Iddiien. Ech erzällen van Bomi, vam Baurenmaart, ze probéiren besser z’ässen, an äwer flexibel ze sen.

D’Zukunft van der Brootgromper

Ween wees, villäicht legt Zukunft van der gebroodener Gromper an urbanen Gärt, wu aal Zorten nei entdeckt jiän. Oder Gemeinschaftskëchen, wu Mënschen aus verschidden Generatiounen hir Rezepter austauschen. Viläicht jiët et irgendwann eng Variant mat fermentéiertem Knuawelek oder eng Interprtatioun mat Kooschelen.

Watt o ëmmer kënnt, gebrooden Gromperen bleiwen. Well sie einfasch nëmmen goud sen. Well sie verbannen. An well sie eis weisen, datt goud Ässen net komplizéiert sen muss, nëmmen éierlich!

Brootgromperen mat Broccoli, Knuaweleksbotter an Frühlingszwibbelen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfach
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

40

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gromperen, festkooschender

  • 2 kleng Broccoli, an Ruusen zerdeelt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 3 Frühlingszwibbelen, an dënn Ronselen geschnidden

  • Salz & Päffer

  • bessen Muskot

  • Fir den Knuaweleksbotter
  • 80 g mëllen Botter

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 1 EL Zitrounensaaft oder 1 TL Zitrounenzesten

  • Péitersilich, fein gehackt

  • Bratzelen, kleng geschnidden

  • Salz & Päffer

Zoubereedung

  • De Broccoli zerdeelen ech an kleng Ruusen an grëndlich wäschen, en kann dann rii an der Pann gebrooden jiän. Oder ech blanchéiren en am kooschen Salzwaasser fir ongeféier 2 Min. Deen schrecken ech dann am Äiswaasser aaf, su behällt seng sching gréin Faarf mi lang.
  • Bei den Gromperen has du d’Wiäll, ob’s du der vam Daag virdraan na ma Frigo stoen has, ob’s du se Schiälls dann koochs oder ob’s du se rii an der Pann brooden wëlls. Hual op alle Fall festkooschender, sie behaalen am besten hir Form. Ech selwer brooden se am léifsten rii an der Pann.
  • Fir den Knuaweleksbotter
  • Ech meschen mëllen Botter mat gehacktem Knuawelek, Salz, Päffer, bëssen Zitrounensaaft, gehackten Péitersilich an Bratzelen.
  • D’Gromperen kontrolléiren ech zwëschendurich ëmmer mol rëm, würzen mat Päffer an Muskot. Kuurz är se durich gar sen, mëschen ech de Broccoli an d’Frühligszwibbelen drënner an brooden alles mat. Subal d’Gromperen mëll sen, mëschen ech den Knuawelksbotter drënner, an wann deen ganz geschmolz ass an sich iwerall verdeelt hat, zervéiren ech se.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*