Chili con carne

Jidfereen deen aan Chili denkt, deem kennt firtischt den Chili con carne an de Kapp.

Datt älst erhalent Chili con carne-Rezept stammt aus dem 18./19. Joerhonnert. Fir datt originalt Rezept, jëtt nët wie bei eis Gehacktes geholt, mais kleng gewürfelt Randfleesch. Bungen kommen o net ënnert den Chili mais jiän dobäi gereecht. Genausu jëtt op Maïs an Muurten komplett verzicht. Fir desen Chili jëtt vill Randfleesch, Ënnen, Knuawléck, vill Gewürzer wie Cumin, Koriander an Oregano gehollt. Den Chili kann een dann mat Reis, Baguette, Tortillas, Wraps, Tacos oder Maisbrugt zervéiren.

Mir, hei an Europa maan na Tomat an Mais drënner an evtl. na Muurten, wat natiirlech o ganz goud schmëscht. Meestens jëtt den Chili hei mat Reis zervéiert, oder einfasch wie een Eintopf mat Brugd oder Baguette.

Chili con carne

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

2

Stunden 

Zutaten

  • 500 g Randfleesch oder Randsgehacktes

  • 2 mëttelgruus Ënnen

  • 3 Ziiwen Knuawléck

  • frësch Chilschoten

  • 1 rugd Spitzpaprika

  • 1/2 TL Oregano

  • 1/2 TL Cumin

  • 1/2 TL gemahlene Koriander

  • schwarze Peffer & Salz

  • Randsbréit oder Waasser

  • 3 EL Schmalz fir ze brooden

  • Fir Bungen
  • 250 g Kidneybungen

  • schwarze Peffer

  • Salz

  • Chilipolwer

Zoubereedung

  • Hëlls du Randfleesch am Steck, datt an kleng Würfelen schnegden
  • Ënnen an de Knuawléck schiälen. Halschent van den Ënnen an dënn Streifen schnegden, den Rest mam Knuawléck fein hacken.
  • Chilischoten an Spitzpaprika längs halbéiren an entkären. Wivill Chili datts hëlls as dir iwerloss. Ech selwer ässen jiären scharef, mais et muss ëmmer na no deem schmaaschen watt o soss na dran as. O beim Chili an Paprika jëtt halschent an dënn Streifen geschnidden an den Rest fein gehackt.
  • Schmalz an enger waarmer Pann erhëtzen an Fleesch dodran scharef aanbrooden. Fleesch raus hualen an op Segt stellen.
  • Rem bëssen Schmalz erhëtzen, an dann d’Ënnen an de Knuawléck op mëttler Hëtzt aanbrooden. Fleesch ënnermëschen.
  • Bréit oder Waasser ant Dëppen schëdden bis alles knapp bedeckt as. Gewürzer an den Chili ënnermëschen. Datt Ganzt ongeféier 30 Min. op mëttler Hëtzt ouni Deckel kooschen loossen.
  • Dann Hëtzt raaf driien an op niddreger Hëtzt 1,5 bis 2 Stonnen schmoren loossen. Evtl bëssen Bréit oder Waasser noschëdden. Mëchst du den Chili mat Gehacktes muss en net su lang kooschen, mat gewürfeltem Fleesch as et wie een Gulasch an deen brausch mi lang.
  • Fir Bungen
  • Hëlls du gedrëchent Bungen, déi firtischt op mannst 12 Stonnen an liit gesalzenem Waasser wässeren.
  • Aafschëdden an grëndlich aafwäschen, mat frëschem Salzwaasser opsetzen, mëll kooschen an aafschëdden.
  • Mat bëssen Randsbréit oder Waasser wiärmen an mat Chilopolwer, Peffer an Salz aafschmaaschen.
  • Info
  • Datt as wann een Bungen dobäi reescht. Ech han äwer wie ech et ëmmer maan Bungen kuurz viran Schluss ënnergemëscht.
  • Ech hualen Bungen aus dem Glas, pass dann op, datts du Bungen grëndlich ënner kaalem Waasser aafwäschs, an noodeems Bungen ënnergemëscht sen muss den Chili na eng kéier kräftig opkooschen. Mir as et dachs genou passéiert datt den Chili den Daag drop sauer wor, an datt just well ech mat den Bungen net opgepasst han.

Notiz

    Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

    Hinterlasse einen Kommentar

    Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

    *