Ech

Muajen, ech sen Josiane! Kooschen ass meng Leidenschaft, an genau doweenst jiët et dësen Blog. Hei fënns du eng Mëschung aus klassischen Rezepter, siier Këchen an o datt eent oder annert exotischt Rezept, einfasch alles, watt mëch inspiréiert an ech jiaren nookooschen.

Ech lee Wiärt op Regional an noohaltig Zutaten, äwer eent bleift: Meng Léift zu engem gouden Stéck Fleesch. Ganz besonnig faszinéiren mëch aal Kooschbéicher, do stöberen ech dran, vergläichen se mat modernen Versiounen an schreiwen su mengt eegent Rezept. Su entstinn Ässen, déi Traditioun mat neien Idiien verbënnt.

Watt mech aandreift?

  • Aus deen einfaschsten Saaschen jëtt Goudes zauberen, as fir mëch eng Affaire vam Häerz. Ässen soll Freid an Genoss bréngen. Jo an datt entscheed o den Knuawelèck deen ech an mengt Ässen maan, well datt as o eng Affaire vam Häerz ;-). Hei fënns du onkomplizéiert, meestens Gesond an ëmmer lecker Rezepter. Ët as mir generell egal op Vegetarisch oder mat Fleesch, et muss goud schmaaschen.
  • Ässen as fir mech net einfasch nëmmen Iwerliäwen, Ässen as fir mech een Genoss an et as ëmmer rëm interessant rauszefannen watt passéiert wan een mat Gewürzer an Feier spillt. 
  • Ech probéiren Lokal anzekoofen, sen o ëmmer op deene verschiddene Frëschemärt hei am Land ënnerwee. An su as et o beim Fleesch, ech kucken ëmmer fir lëtzebuerger Fleesch ze koofen.

Hei sen dann paar Aarbichten van mir:

An wann Mamm engem em den Hals fällt, well alles su sching as, han ech alles rischtisch gemaat.

Mein Blog as entstannen durich…

Die Iwerleeung fir een egene Foodblog ze schreiwen haat ech well mi lang. Mais wie datt mat villem su as iwerleecht een zevill. „Et jiän der suvill déi hir Rezpeter am Internet veröffentlichen“, „Ween intersséiert datt?“ „Liäst iwerhaupt een datt?“ „Watt koost datt ganzt mëch?“…

Bis een Arbichtskolleg gesoot hat maan datt, ech han du alt mol aagefongen mat schreiwen, äwer mat Bic an Bloc 😉 . Trotzdem han ech na bëssen Bestätigung gebrauscht. Han menger bester Frëndin an menger Cousine eng SMS gescheckt, „Sie sollen mir soen datt een Foodblog eng goud Iddi ass“. Ass nët su einfasch fir een deen alles an där klenger Kaamer wurschtelt, obeemol mat allem watt en kann an wees online ze goen. 

Den Naam fir mein Blog haat ech dun well, an o datt hat bëssen gedauert bis ech en fond han, ant Liesung lekt meestens firan der Naas. Nodeems ech online jangen se, an o Aladungen ob Facebook verscheckt haat, han ech van engem Frënd eng SMS krii 😉

O wann datt deemools eng ganz sching Zekt woer, as déi defintiv riwer. Watt äwer net heescht datt ech villäicht äwer mol rem eng kéier een „Pizzaday“ maan. 

Rezeptbousch

Wann dir meng Sekt gefällt kanns du mir jiären een Kommentar hannerloosen. Konstruktiv Kritik ass o wëllkomm. 

Josiane