Fleesch

Fleesch richtig anfréiren.

Fleesch anfréiren ass eng guussartig Miilischkeet, d’Fleesch länger haltbar ze maan an fir sëcher ze stellen, datts du ëmmer jätt Leckeres zur Hand has. Hei sen paar Tipps ob’s du déi du oppassen kanns wanns du dengt Fleesch anfréieres.

Allgemeng Tipps beim anfréiren vam Fleesch

  1. Bei all Zorten Liäwensmëttel ass et ëmmer wichtig, alles su frësch wie miilisch anzefréiren. Direkt wann d’Fleesch geschläit ass oder frësch aus dem Buttik!
  2. Deel dengt Fleesch an Portiounsgriisten, su has du ëmmer die perfekt Portiounen zur Hand ouni datt een eng Woosch lang ëmmer datt selwischt ësst an net zevill entsuarigt muss jänn.
  3. Wanns du keen Vakuuméirer has, probéier aus den Tuuten vir suvill Loft wie miilisch raus ze kreien, een Tipp deen hei hëleft, verschléiss deng Tuut bis op eng kleng Öffnung an zéih mat Hëlef van engem Striihalem deen rest Loft raus, dann Tuut siier verschléissen, net datt rëm Loft dran kënnt.
  4. Stécker sollen eenzel verpackt jänn an schreif dir den Datum op Tuut wini datts du se angefruaren has.
  5. Die verpackt Stécker platt ant Truh leen, an net zevill Schichten maan, wann bis alles gefruaren as, kann een Fleesch openeen tesselen.

Halbarkeet van deen verschidden Fleeschzorten.

Randfleesch: Een Randsbroot as zwëschen 10 an 12 Meent an der Truh haltbar. Während Gehacktes nëmmen zwëschen 1 bis 3 Meent gelagert soll jänn. Steaks kanns du 6 bis 8 Meent an der Truh lageren.

Kaleffleesch: gegartent Kaleffleesch as déifgeruaren ongeféier 9 bis 12 Meent haltbar

Schwéngefleesch: Schwéngefleesch ass bëssen mi empfindlich an am gefruarenen Zoustand net su lang haltbar. Moojert Fleesch wie z.B. een Schnitzel an Filet kanns du ongeféier 6 bis 8 Meent an der Truh lageren, mi fett Fleesch wie Kotlett soll no 2 bis 4 Meent verschafft sen.

Lammfleesch: Lammflësch ass an der Truh ongeféier 6 bis 12 Meent haltbaar. Hei ass o rem opzepassen, datt moojert Fleesch mi lang gelagert kann jänn wie fett Fleesch.

Gefligel: Beim Gefligel jänn et o Ënnerscheeder, Enten an Gänsen kanns du ongeféier 2 bis 6 Meent an der Truh lageren, während Pute, Poulet an Zoppenhouhn zwëschen 6 bis 10 Meent haltbar sen.

Wëld: Wëld kann ongeféier 6 bis 12 Meent an der Truh gelagert jänn.

Entdiien vam Fleesch

  • Am Frigo: Die best Methoud fir d’Fleesch ze entdiien ass, iwert Nait oder deemno wie déck d’Fleesch ass, 1 Deeg am Frigo. Durich datt gemellicht entdiien behält d’Fleesch die beste Qualitéit an et kennt zu kengem Saaftverlost.
  • am Waasserbaad: Wann et mol mi siier muss goen, well d’Fleesch vergeesen jänn ass aus der Truh ze hualen, kanns du et am Waasserbaad entdiien, allerdings nëmmen am kaalem Waasser. Bei waarmer Waasser gart d’Fleesch well rondrëm.
  • Raumfahrmaterial: Et jänn speziell Plaquen fir datt Fleesch mi siier entdiien kann aus Aeroaliminium, dës Plaquen iwerdroen wiäremt aus Loft op Fleesch an dodurich kann d’Fleesch mi siier entdiien.

D’Fleesch am Frigo entdiien ass die schounends an sëcherst Methoud. Während dem Entdiien as Gefor am Griisten, datt sech evtl. Bakterien vermehren kannen. Fleesch an Gefligel am besten op eng Sei leen an déi an een déiwen Teller stellen. Flëssigkeet déi sech am Teller sammelt entsuarigen.

Op watt soll ech oppassen wann ech gegartent Fleesch anfréiren?

Ganz wichtig! loss Fleesch komplett auskéilen ärs du et anfréieres. Am besten ass et wann gegart Fleesch viraam anfréiren nëmmen liit oder gar net gewürzt ass. an der Truh veränneren vill Gewürzer hiren Geschmaasch.

Watt fir eent Fleesch soll ech net afréirern?

All Fleeschzorten an -zoubereedungen kannen angefruaren jänn. Verschidden Produkter verléiren äwer vill Geschmaasch oder änneren hir Konsistenz – dës Produkter sen ischter schlecht fir ant Truh ze leen. Dozou gehiiren z.B. Brootwuuschten, Leberkäs, Speck an Hamm.

Kann ech Fleesch entdiien an rëm anfréiren?

Theoretisch ass o datt miilisch, äwer just wann Fleesch am schounendsten entdiit jänn ass an d’Fleesch zu kengem Zécktptunkt ze hiien Temperaturen ausgesetzt wor. Et jëtt äwer dovaan aafgrooden, well den Risiko ze hii ass, datt sech noom Entdiien evtl. Bakterien an den Produkter vermehrt kannen han.