Kenns du datt? Du wëlls dir eng Zopp, een Risotto oder eng goud Zooss bei dengt Fleesch kooschen, äwer irgendwie fehlt deen letzten Schlëff? Natiirlich kanns du ob een Cube zeréckgräifen, wanns du dann äwer mol datt klengt Gedrécktend liäss! Een ganzen Hiwel voll kënstlich Aromen, Geschmaaschsverstiärker an vill ze vill Salz.
Zum Gléck jiët et eng einfasch Liesung: Maan deng eegen Geméisspaste! Sie ass vollgepackt mat frëschem Geméiss an Krégder, an genau der rischtiger Qnatitéit aan Salz fir se lang haltbar ze maan. An datt wor et well ganz ouni kënstlich Zousätz. An ech versprächen dir, wanns du se bis eng kéier probéiert has, gräifs du nie mi zum Cube!
Ech beschreiwen dir hei genau wie ech meng Lieblingsmëschung maan: Aromatisch, lang haltbar an zu 100% natiirlich! Sie spart dir Zéckt an brengt een wonnerbaren Goût an dengt Ässen.

Firwatt soll ech selwer eng Geméisspaste zoubereeden?
- Well alles zu 100% natiirlich ass, keng kënstlich Zousätz, mais nëmmen datt rengt Geméiss, Krégder an die rischtig Quantitéit Salz.
- Einfasch nëmmen praktisch! Mat engem Läffel dovaan has du direkt eng würzig Bréit oder Zooss.
- Am Allgemengen lang haltbar, d’Salz suarigt fir eng lang Haltbarkeet am Frigo.
- Eenzel aanpassbar, du entscheeds watt an wivill van allem dran kënnt.
Hei ass meng Lieblingsmëschung, du kanns äwer kreativ jiän an se ganz dengem Goût aanpassen.
- Muurten, sie brengen een natiilrich séissen Aroma an eng sching Faaref.
- Zellerie, hei kanns du selwer entscheeden op Knoll oder Stang, ech hualen am léifsten d’Knoll, den Zellerie brengt deen herzhaften Goût.
- Poretten, sie ronnen mat hirem mëllen Ënnengooût datt Ganzt aaf.
- Pastinaken, sie brengt liit nossig, botterig Nuancen
- Ënnen, sie verstiäriken den Umami-Goût (also den herzhaften Goût).
- Knuawelek, fir eng déif Würzigkeet.
- Péitersilich oder Péitersilichwuurzel, ech hualen am léifsten d’Wuurzel, en brengt Frëscheet an een gouden Geroosch.
- Maggikrogt (Liebstöckel) eent Krogt datt an kenger gouder Bréit fehlen duaref.
- Salz, suarigt fir Konservéirung an verstärikt den Aroma.
1. Geméiss virbereeden
Egal ob’s du Bio-Geméiss has oder net, datt ischt watt ech maan, ech wäschen alles grëndlich. Wann d’Schaal van den Muurten an den Pastinaken net ze fleckig ass, loossen ech se draan. D’Poretten halbéiren ech längs an wäschen se su grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, dachs ass zwëschen de Bläder Sand. D’Ënnen an de Knuawelek schiälen ech. Ech leen meng Geméiss dann an de Mixer an hexelen alles kleng, du kanns et äwer o ganz einfasch an graff Stécker schnégden. Ech fannen wann et kleng geschnidden ass, jiët den Goût na mi intensiv. O die ganz Krégder hexelen ech all mat.

2. Geméiss dënsten
An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt vill Olivenualig, de Buadem soll goud bedeckt sen. Do dran brooden ech d’Geméiss bis et durich mëll ass an aafänkt Faareg ze kreien, an den Geroosch deng Këchen fëllt. Datt dauert bëssen, et muus just heinsdo dran geréiert jiän an d’Röstaromen vam Buadem losgekratzt jiän.

3. Puréiren & salzen
Wann alles goud mëll ass, püréiren ech datt ganz Geméiss zu enger feiner Paste. Datt woojien ech dann. Do drënner mëschen ech dann 20% vam Gewiit grafft Salz ( bei 500 g Geméiss 100 g Salz) Datt klengt no vill, an wanns du su schmëchs, schmëcht se versalzen, datt ass äwer datt enzigt Salz watts du brauchs, mi brauchs du net mi dobäi ze mëschen wanns du eng Bréit oder Zooss kooschs. Ausserdeem suarigt d’Salz datt Paste haltbar bleift.
D’Geméisspaste schëdden ech zereck an Dëppen, an erhëtzen et su lang op niddriger Hëtzt bis d’Salz sech komplett opgeliiest hat.

4. Aafëllen & Lageren
Paste fëllen ech an steril Gläser drecken se mat engem Läffel bëssen fest, su datt net zevill Loft dozwëschent ass an verschléissen Gläser dann fest.
- Su ass dës Past am Frigo bis zu 4 Meent haltbar.
- Wëlls du se Äiswürfelformen anfëllen an anfréiren, rooden ech dir dovaan aaf, durich datt villt Salz fréiren se net durich.
Tipps aus menger Këchen
Du kanns o Tomaten dran maan, allerdings ass d’Past o wann se angekooscht ass net su lang haltbar.
Fir eng Haltbarkeet bei Raumtemperatur bis zu engem Joer
- D’Geméisspaste ankooschen. Dofir sterilséiren ech Gläser mat den Deckelen fir am kooschenden Waasser, oder bei 120 °C fir 15 Min. am waarmen Schiäffchen, Deckelen ëmmer am kooschend Waasser steriliséiren.
- Die waarem Past an die steril Gläser fëllen, mat engem Läffel liit andrecken su datt net zevill Loft mat angeschloss jiët.
- D’Gläser verschléissen an eent gruust Dëppen setzen an suvill waaremt Waasser drop schëdden, datt Waasser op mannst su hii steht wie Fëllquantitéit am Glas. Ech bedecken d’Gläser ëmmer ganz mat Waasser, wann ech 2 Etagen an mengt Dëppen setzen sen die ënnischt Gläser o ganz am Waasser.
- D’Waasser gemellig zum kooschen brengen an fir 30 bis 45 Min, ankooschen.
- D’Gläser raus hualen an komplett auskéilen loossen. Dono op enger donkler kéiler Platz lageren.

Fir na mi eng lang Haltbarkeet
Wanns du na mi eng lang Haltbarkeet wëlls kanns du die waarem Paste dënn op Baaschpapeier aussträichen an am Dörrautomat oder am Schiäffchen drëchnen. Wann alles goud drëchen ass, kanns du et dann am Mixer zu Polwer mahlen, su has du eng selwer gemaaten „Instant-Brühe“.
- Dofir d’Paste op mannst eng Stonn bei 80°C bis 90°C kooschen loossen su datt die meest Flëssigkeet well druich Kooschen reduzéiert jiët.
- Dann Paste dënn op Baaschpapaier aussträichen.
- Am Schiäffchen bei 50°C bis 60°C Ëmloft oder am Dörrautautomat drëchnen bis alles hart an fest ass. Beim Schiäffchen een Holzeläffel zwëschen Dirr klemmen su datt Fiitegkeet raus zéien kann.
- Noom aafkéilen am Mixer zu feinem Polwer mahlen.
- Polwer ass bis zu 2 Joer an engem loftdicht zouenen Glas haltbar.
Mengt Fazit – een Muss an der Këchen!
Egal, ob’s du vill kooschs oder nëmmen heinsdo, dës hausgemaaten Geméisspast spart dir ganz vill Zékt. Sie brengt Umami an dengt Ässen an ass lang haltbar. Eng kéier gemaat, ëmmer verléift!
Probéier et aus an so mir watt fir eng Zutaten du am léifsten verschaffs!
Geméisspaste
Schwierigkeit: einfaschZutaten
200 g Muurten
100 g Knollenzellerie
100 g Ënnen, kleng gewürfelt
100 g Poretten
100 g Pastinaken
50 g Péitersilich
10-15 g Maggikrogt
2 Ziiwen Knuawelek
Olivenualig fir ze brooden
20% grafft Salz, vam Gewiit, vam gebroodene Geméiss
Zoubereedung
- Egal ob’s du Bio-Geméiss has oder net, datt ischt watt ech maan, ech wäschen alles grëndlich. Wann d’Schaal van den Muurten an den Pastinaken net ze fleckig ass, loossen ech se draan. D’Poretten halbéiren ech längs an wäschen se su grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, dachs ass zwëschen de Bläder Sand. D’Ënnen an de Knuawelek schiälen ech. Ech leen meng Geméiss dann an de Mixer an hexelen alles kleng, du kanns et äwer o ganz einfasch an graff Stécker schnégden. Ech fannen wann et kleng geschnidden ass, jiët den Goût na mi intensiv. O die ganz Krégder hexelen ech all mat.
- An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt vill Olivenualig, de Buadem soll goud bedeckt sen. Do dran brooden ech datt ganzt Geméiss bis et mëll ass an aanfänkt Faaref ze kreien. Datt brausch bëssen Zékt, et muss just heindso mol dran geréirert jiän, an d’Röstaromen vam Buadem losgekratzt jiän.
- Subal d’Geméiss goud mëll ass, püréiren ech et am Blender oder mam Stabmixer zu enger feiner Past. Déi woojien ech an mëschen 20% vam Gewiit, Salz drënner, (bei 500 g Geméisspast sen datt 100 g Salz)
- D’Past schëdden ech dann zereck an Dëppen an erhëtzen se su lang, op mëttel Hëtzt, bis sech d’Salz komplett opgeliesst hat, Sie soll net kooschen! Die waarem Past fëllen ech an steril Gläser an verschléissen se fest. Su ass dëst Past 3-4 Meent am Frigo halzbar.
- Am Waasser bei 100°C, 30 Min. bis 45 Min. angekooscht ass d’Past bis zu engem Joer haltbar.
- Am Schiäffchen oder Dörrautomat gedrëchent ass se an engem loftdicht zouene Glas bis zu 2 Joer haltbar.