Et jiän Ässen, déi schmaaschen net nëmmen goud, mee sie erzällen Geschichten, Geschichten vam Miär, van dämpenden Këchen an aalen Steenhäiser, van langen Dëcher voll mat laaschende Lekt. Mediterran Pouletstrempelen, mat Gromperen an Geméiss ass genau su eent Ässen, einfasch, éierlich an äwer voll Raffinesse. An während dëst Ässen hokt an moderene Këchen mat regionalen Produkter zoubereet jiët, reecht seng Geschicht vill mi wegt zereck.

Een Hauch van Geschicht, wie hat alles aagefongen?
Den Ursprong van dësem Ässen liist sech net genau op een Datum oder eng Regioun festleen, villmi ass et een kulinarischen Mix, gewaassen aus den Këchen aus der Mëttelmiärregioun, wie Südfrankräich, Italien, Griechenland an Spanien. Iwerall do wu Olivenbéim waassen, wëllen Thymian sein Doft verdeelt an d’Miär net wegt ass.
Am antiken Griechenland an Roum sen well fréih Houhner geziicht jiän, ursprünglich aus Südostasien importéiert, han sie hir Platz an der mediterranener Këchen fond an sen siier zu engem festen Bestanddeel van deen ländlichen Këchen jiän. Deemools hat een net mat su villen Gewürzer gekooscht wie mir se hokt kennen. Krégder wie Rosmarin, Oregano oder Lorbeer han du äwer well eng gruuss Roll gespillt. D’Kombinatioun mat Geméiss, datt je no Saison verfügbar wor, ass eng Traditioun déi aus der Nugd entstannen ass, et ass gekooscht jiän watt am Gaart gewaass ass an watt et om Maart ze koofen juff. D’Gromperen sen rischt mi spéit dobäi kommen. Sie sen vam 18ten Joerhonnert aan eent fest Grondnahurngsmëttel an eisen Këchen jiän.
An genau do fängt Geschicht van dësem Ässen, su wie mir et hokt kennen, aan. Als rustikal Mëschung aus Fleesch, saisonalem Geméiss an Gromperen, gemellig gegart an aromatisch gewürzt.

Mediterran trëfft Noohaltigkeet
An menger Këchen krëtt dëst Ässen eng Mëschung aus modern an aal Wiärter. Regional, saisonal an noohaltig.
Hokt muss alles siier goen, am besten et ensteht keng Spoull an natiirlich soll een net ze lang an der Këchen stoen. Eng Liäwensart, déi eis durich Liäwensmëttelindustrie opgedreckt jiän ass.
Allerdings besteht Hoffnung, aal Wiärter, déi fréiher selbstverständlich woren erliäwen hokt rem een Comeback. D’Fleesch soll Bio sen an aus engem Betriib oder aus privater Zuucht, aus der Regioun sen, van do wu een weess datt Houhner eent goud Liäwen haaten. Am besten hëllt een hei Strempelen mat Hogt an Schank, sie brengen während dem Schmooren zousätzlichen Goût.
Gromperen aus regionalem Aanbau, ech han Grenaille gehollt, sie han eng zart Schaal an een botterigen Goût, do brausch et net vill, bëssen Salz an Olivenualig, fir sie zur Geltung ze brengen.
Kiischtentomaten fënnt een datt ganzt Joer iwer am Buttik. Rischtig Aromabommen sen sie äwer rischt, wann sie an der Sonn zegdig jiän sen. Am besten aus deem eegen Gaart oder vam Maart.
Gréin Bungen sen een Klassiker aus dem Mëttelmiärraum, äwer o bei eis waassen sie goud. Hir knackig Frëschheet brengt Liitegkeet an dëst Ässen. An Kombinatioun mat Tomaten an Poulet entsteht su eent wonnerbart Spill aus Texturen an Aromen.
Natiirlich duarefen bei su engem Ässen gouden Olivenualig an die rischtig Gewürzer an Krégder net fehlen. Salz an Päffer, fir deen rischtigen Goût an eng waarem Schiäreft. Krégder wie Oregano an Thymian fir deen mediterrane Goût, Paprikapolwer an gereechert Paprikapolwer an natiirlich Knuawelek deen Basis van all herzhaftem Ässen ass.

Zoubereedung, bëssen Zekt an vill Goût!
Dëst ass eent Ässen datt gemellig gegart jiët. Alles kënnt zesaammen an een Bräter oder eng gruuss feierfest Form. Die halbéiert Gromperen, d’Kischtentomaten, die blanchéiert gréin Bungen, déi mat enger Marinade aus Salz, Päffer, gereechtert Paprikapolwer an Olivenualig vermëscht jiän. De Poulet deen well den Daag virdraan an eng Marinade aus Olivenualig, Salz, Päffer, Knuawelek, Paprikapolwer angeleit jiän ass.

Dann setzen ech datt ganzt bei 150°C fir eng Stonn an deen waarmen Schiäffchen. No der Stonn driien ech den Schiäffchen op 200°C Ëmloft an loossen datt Ganzt na eng kéier fir ongeféier 30 Min. baaschen. Watt dann passéiert ass kulinarischen Zauber. Tomaten zerfällen en entweckelen durich datt gemelligt Garen een wonnerbar séissen Aroma, D’Bungen behaalen hir Faaref. De Poulet jiët knusperig an zaart. An alles verbënnt sech zu engem Goût, deen de Summer sugar am November op dein Teller brengt.

De Bléck an Spënnchen
Traditionell ass d’Geméiss konservéiert jiän, fir et iwert Joereszékten raus notzen ze kanne, een Prinzip deen hokt rëm Bedeitung krëtt.
Tomaten ankooschen ass een Klassiker, Kiischtentomaten loossen sech wonnerbar als Sugo ankooschen oder am Schiäffchen oder Dörrautomat drëchnen an am Olivenualig anleen. Su has du am Wanter den Summer an denger Spënnchen stoen an sie sen die perfekt Basis fir Zoossen oder Ässen wie dëst, wann frësch Zutaten net verfügbar ass.
D’Bungen kann een tatsächlich fermentéiren. An enger 2%-3% Salzliesung angleit kreien sie een spannenden, liit säirlichen Goût, deen sech wonnerbar mam Poulet verdrigt. Sie sen zwar keen Ersatz fir frësch Bungen, äwer eng goud Ergänzung an der kaaler Joereszékt, an eng Erënnerung doraan, datt eis Gruusselteren Meester am Haltbar maan woren
Vegetarisch Alternativen
O wann dëst Ässen seng Séil aus der Kombinatioun aus Fleesch an Geméiss hat, loossen sech vegetarisch Varianten zauberen, déi an Saaschen Goût net hannert deem Orignal Menü stinn.
Am Platz vam Poulet kanns du:
- Halloumi oder Feta: an Würfelen mat gegart, brengen sie salzig an crèmig Komponenten.
- Wäiss Bungen oder Kicheriärbessen: sie liweren Proteinen an suarigen dofir datt dëst Ässen satt mëcht.
- Auberginen oder Cougetten: fir na mi mediterranen Flair, besonnig wann se vridraan aangebrooden oder gegrillt se jiän.

Een Bléck an d’Zukunft: watt bleift, watt kënnt?
Wann ech iwert d’Zukunft van su engem Ässen nodenken, dann jieet et net em een Trend, mee em Verantwortung. Wie kanne mir wégderhin goud Ässen an dobäi eis Ëmwelt am Bleck behaalen?
Äntwerten dorop jiän et der vill, äwer verschidden Prinzipien kristléiren sech raus:
- Winiger äwer bessert Fleesch: Am Platz all Daag Fleesch ze konsuméiren, mi seelen an besser ausgewiält. Datt ass goud fir Déiren an de Klima.
- Kooschen mat deem watt do ass: Regionalitéit heescht o mat de Joereszékten kooschen. Datt ass keen Verzicht, mee een Gewënn aan Goût an Villfalt.
- D’Entdecken van aalen Techniken: Ankooschen, Anleen an Fermentéiren, datt alles sen keng aalmoudisch Methouden, mee eent kreativt Handwiärik fir noohaltigt Kooschen.
- Mi Mateneen: Ässen ass Kultur, Kommunkatioun, Gemeinschaft. Ässen wie dëst laaden dozou an, et zesaammen zouzebreeden an ze genéissen.
Fazit: eent Ässen wie eent Steck Doheem
Mediterran Pouletstremplen mat Geméiss an Gromperen ass bëssen mi wie nëmmen eent Rezept, et ass eent Steck Geschicht, eng Breck zwëschen Traditioun an Modern an een Apell aan eis Sënner an Verantwortung. Et weist, datt Ässen net komplizéiert sen muss. Just éierlich, durichdaït an met Léift gemaat.
Wanns du dëst Ässen nookooschen solles, hual zum Schluss den Bräter aus dem Schiäffchen, hual der Zekt, maan deng Auen zou an otem deen gouden Doft an. Villäicht hiiers du jo dann een klengen Echo, eent knisteren van engem aalen Holzuawen oder d’Laaschen an d‘Schwätzen van den Noperen. Kooschen ass Erënnerung an Zukunft zu gläich.
Mediterran Pouletstrempelen, mat Gromperen an Geméiss
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen15
Minuten1
Stunde30
MinutenZutaten
- Fir de Poulet
12 Pouletkeulen oder 4 ganz Pouletstrempelen
2 TL Oregano
1 TL Thymian
2 TL Salz
1 TL schwarze Päffer
1,5 TL Paprikapolwer
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
30 ml Olivenualig
- Fir d’Geméiss
450 g Grenaille, halbéiert
300 g gréine Bungen. blanchéiert an aafgeschreckt
300 g Kiischtentomaten
2 TL Oregano
1 TL Thymian
2 TL Salz
1 TL schwarze Päffer
1 TL gereechert Paprikapolwer
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
30 ml Olivenualig
Saaft van 1 Zitroun
Zoubereedung
- Fir de Poulet
- Sämtlich Gewürzer, Kregder an Olivenualig mateneen vermëschen, de Poulet domatt grëndlich anreiwen an iwert Näit an de Frigo stellen. Op mannst d’Fleesch 2 Stonnen marinéiren.
- De Schiäffchen op 150°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
- Fir d’Geméiss
- Sämtlich Zutaten mam Olivenualig an Zitrouensaaft vermëschen.
- Een drëttel mat de Gromperen vermëschen, deen anneren drëttel mat de Bungen an deen Rest mat den Tomaten.
- Alles an engem gruusen Bräter, Baaschblech oder enger feierfester Form arrangéiren. Ass deng Form ze kleng, kanns du de Poulez o op d’Geméiss leen.
- Am waarmen Schiäffchen 1 Stonn baaschen. Dono den Schiäffchen op 200°C Ëmloft setzen an na eng kéier fir ongeféier 30 Min. baaschen.