Muurtenzopp

Virbereedungszéckt: 15 Min.

Kooschzéckt: 50 Min.

Fir ongeféier 3 L Zopp brauchst du?

  • 2 gehackten Ënnen
  • 30 g Botter
  • 1 kg geschiällten an an graff Stécker geschnidden Muurten
  • 2 Thymianäst
  • 2,5 L Geméiss- oder Fleeschbréit
  • 125 g Reis
  • Salz & Peffer

zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf an eng Passette.


Wie jëtt gekooscht?

Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen an d’Ënnen dodran aandënsten. Muurten an den Thymian drënner mëschen an mat dënsten.

1,5 L Bréit drop schëdden an opkooschen loossen.

No 20 Min. Kooschzéckt den Reis drënner mëschen an na 20 Min. vriaan kooschen loossen. Thymian raus hualen.

Zopp püréiren, durich Passette sträichen dann den Rest van der Bréit drop schëdden an na eng kéier opkooschen loossen. Schmaaschen an evtl. noowürzen.

Eent aalt Rezept as, am Platz vam Reis, 300 g am Botter geschwenken Brugdcroûtons mat ze kooschen an mat ze püréiren.

Als Garnitur kann een 125 g Reis eenzel am Salzwaasser oder Bréit gekooscht, zum Schluss ënnermëschen.

INFO:Zopp durich Passette sträichen, déint dozou, fir Faseren am Geméiss déi net vam Püréierstaaf zerklengert jiän raus ze kreien.


Muurten-Velouté-Zopp

Fir ongeféier 3 L Zopp brauchst du?

Fir de Velouté:

  • 1,5 L kooschend Geméissbréit oder Fleeschbréit
  • 50 g Botter
  • 60 g Miähl
  • Peffer & Salz

Fir Zopp:

  • 500 g Muurten
  • 1,5 L Velouté
  • 600 ml Geméiss- oder Fleeschbréit
  • 2 Thymianäst
  • 200 ml Rahm
  • 4 Eijäll
  • Salz & Peffer

zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf an eng Passette.


Wie jëtt gekooscht?

Fir den Velouté:

Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.

Die kooschend Bréit op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an de Velouté 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.

Du kanns Velouté natiirlech o mam Kooschwaasser van den Muurten maan.

Fir Zopp:

Muurten schiällen an am Salzwaasser mëll kooschen. Aafschëdden an Kooschhwaasser halen. Muurten püréiren an bëssen vam Kooschwaasser drënner mëschen. De Pürée kann bëssen mi flëssig sen wi normalen Pürée. De Pürée durich Passette sträichen.

Velouté mat 500 ml Muurtenpürée, dem Thymian der Bréit mëschen an opkooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen evtl. noowürzen.

Rahm mam Eijäll mëschen an ënner stännigem réiren ant Zopp schëdden. Zopp durich Passette schëdden, sollt Ei gestock han, an den Thymian krëtt een su raus.

Als Garnitur kann een am Bottergeschwenkten Brugdcroûtons an gehackten Kiärwel drënner mëschen.

INFO: De Pürée durich Passette sträichen, déint dozou, fir Faseren am Geméiss déi net vam Püréierstaaf zerklengert jiän raus ze kreien.


Muurten-Rahm-Zopp

Fir ongeféier 3 L Zopp brauchst du?

Fir Béchamel:

  • 50 g Botter
  • 60 g Miähl
  • 1,5 L kooschend Mëlich
  • Peffer & Salz

Fir Zopp:

  • 500 ml Muurtenpürée
  • 1,5 L Béchamel
  • 600 ml Geméiss- oder Fleeschbréit
  • Peffer & Salz
  • 200 ml Rahm
  • Salz & Peffer

zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf an eng Passette.


Wie jëtt gekooscht?

Fir Béchamel:

Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.

Die kooschend Mëlich op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an d’Béchamel 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.

Fir Zopp:

De Muurtenpürée su virbereeden wie en bei der Veloutézopp beschriwen as.

Muurtenpürée mat der Bréit ënnert Béchamel mëschen, opkooschen loossen. Schmaaschen evtl. noowürzen. Zopp durich Passette schëdden.

Rahm ënnerréiren.

Als Garnitur kann een gezupften Kiärwelbläder kuurz viram zervéiren driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*