Penne All’arrabiata mat frëschen Tomaten

Deen biisen Klassiker mat Zukunft?

Wann ech aan Pasta all’arrabiata denken, gesehen ech direkt eng dämpend Schossel mat Nuddelen viraan mir mat enger scharef gewürzt Zooss, goud rauschend no Knauwelek an Tomaten. Einfasch, éierlich an leidenschaftlich. An genau wie die italienisch Këchen selwer, temperamentvoll, äwer mat Härz. Hokt hualen ech dech mat op eng kleng Réis, zereck zum Ursprong van dësem Ässen, durich seng Entwecklung bis hin zur hoktiger Versioun. Déi’s du iwerigens ganz einfasch nookooschen kanns.

De Bléck zereck: die biiss Zooss aus der Mëtt van Italien

D’Geschicht van der Arrabiata fängt, wie su dachs bei italienischen Ässen, irgendwu zwëschen Wuurischt an Legenden aan. Sëcher ass, den Ursrpong legt zu Roum, bëssen mi genau an der Regioun Latium, wu die rustikal Këchen op gruussen Goût trëfft. Den Naam „all’arrabiata“ bedeit „op die biiss Art“ watt eng Aanspillung opt d’Schiäreft van den Chilischoten ass, déi well beim ischten Maufel dofir suraigt datt een d’Faaref changéiert.

Dëst Ässen ass firtischt an den 50er oder 60er Joeren an réimischen Trattorien opgetaucht. Also na gar nu su aal wie een denkt. Et ass entstannen während enger Zekt vam Ëmbroosch. Enger Zékt noom Kréisch, wu jidfereen rem Normalitéit wollt, an goud Ässen gehiiert do defintiv dozou. All’arrabiata wor d’Äntwert van deen normalen Lékt op komplizéiert Rezepter. Pasta, Tomaten, Knuawelek, Chili an Olivenualig, mi brausch et net. An äwer stëcht vill mi dran wie nëmmen die paar Zutaten.

Vam Aarem-Lekts-Ässen zu engem Kultässen.

An den 80er an 90er Joeren ass Pasta all’arrabiata international bekannt jiän, dachs aangepasst aan deen eegene Goût. An Däitschland ass sie dachs mat Speck oder Parmesan zervéiert jiän, obwohl datt am Original net virgesehen ass. An anner Këchen sen Ënnen mat drënner gemëscht jiän, annerer han Zooss zu engem séissen, mëllen Irgendjiät zesaammengekooscht, datt näist mi mat deem feierigen Original ze doen hat.

Äwer, Ässen liäft van der Villfalt! Wichtig ass, datt de Geest van dësem Ässen erhaalen bleift. Et soll onkomplizéiert sen, direkt, starik an en bëssen fräsch.

Hokt erliäft d’Arrabiata eng kleng Renaissance. O wann Liäwensmëttelproduktioun villes mi einfasch mëcht, jiän et der vill, déi rem zum Ursprong zereck wëllen. Et jiët rem mi op Qualitéit am Platz Quantiéit opgepasst. Aal Kooschtechniken recken rem an den Fokus. Et jiët bewosst op noohaltig an regional Zutaten opgepasst, su wie et fréier ëmmer wor.

Goût mat Haltung

Ween hokt all’arrabiata kooscht, denkt villäicht bëssen annëcht iwert d’Zutaten no wie fréier. Am Platz indusrtiell Bëchsentomaten jiët op handwiärklich angekooschten Tomaten zereckgefraff, oder am Summer jiän direkt die frësch Tomaten aus dem Gaart oder vam Maart genotzt. De Goût ass een ganz anneren, fruuchtig, intensiv an voller Liäwen.

Eent goud Beispill ass d’San-Marzano-Tomat. Sie wiist aam Fouss vam Vesuv, jiät handverliäsen an hat een Aroma deen bal poetisch ass. Ween keng italienisch Spezialitéiten importéiren wëll, fënnt o bei eis wonnerbar Alternativen. Et jiët z.B, aal Tomatenzorten wie „Ruthje“ oder „Ochsenherz“ déi sech goud ankooschen loossen. Datt ass net nëmmen noohaltig, mais jiët dem Ässen een ganz perséinlichen Touch.

An o beim Chili lungt sech een Bléck an den Gaart, Zorten wie Cayenne oder Bird’s Eye loossen sech liit selwer zéihen, entweder am Hochbeet oder an engem Dëppen o der Terrasse. Déi loossen sech iwerigens o fermentéieren oder drëchnen.

Techniken fir mi Goût an eng mi lang Haltbarkeet.

Traditionell jiët all’arrabiata frësch zoubereet an datt ass o goud su. Äwer, clever ass et eenzel Bestandeeler virzebreeden oder haltbar ze maan, fir su am Wanter bëssen Summer op den Teller ze zauberen.

1. Tomaten ankooschen!

Frësch Tomaten lossen sech wonnerbar zu enger Basis fir Zossen verschaffen. Mat bëssen Olivenualig, Knuawelek an Basilikum ankooschen. Su entsteht eng Art Pasta-Nugd-Ratioun, déi dech o bei akutem Honger rett.

2. Chili fermentéiren!

Chili kann een net nëmmen drëchnen, mais o fermentéiren. Zum Beispill mat Salz an Waasser an engem Glas, locker zougedeckt, paar Wooschen bei Raumtemperatur stoen loossen. Datt erjiët eng Umami-Räich Past mat enger angenehmer Schiäreft an Aroma.

3. Kuawelek am Ualig oder am Salz!

Gehackten Knuawelek am Ualig am Frigo lageren oder mat Salz konservéiren, et ass net nëmmen praktisch, mais o een Aromabooster. Beim Ualig ëmmer op d‘Hygiene oppassen, fir Botulismus ze vermeiden.

Dës Techniken erlauben dir, o ausserhalb der Saison hiiwiärtig Zutaten ze verschaffen ouni op industriell Produkter zereckzegräifen.

D’Zukunft om Teller

D’Zukunft van Pasta all’arrabiata legt am bewossten Ankoof an der Zoubereedung van den Zutaten. Mi aus deem eegene Gaart, mi Handarbischt, winiger Verpackung. Ween seng Chilischoten selwer zéiht, seng Tomaten ankooscht, spiirt van wu datt goud Ässen kënnt. Datt verännert den Goût an d’Wiärtschätzung.

Villäicht entdecken mir aal Zorten ganz nei oder liiren, mat na winiger Energieansatz ze kooschen. Äwer eent bleift, d’Herz van dësem Ässen, seng Einfascheet, seng Schiäreft an seng Eierlichkeet.

Zoubereedung

Wie ëmmer bei Pastaässen fänken ech mat der Zooss aan, well: Zooss waart op d’Pasta an net ëmgedrigt. Tomaten iwerbréihen ech, schiälen se an schnégden se an Würfel oder püréiren se direkt mat Püréierstaaf. De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein. Chilischoten wäschen ech, du kanns se entkären et muss äwer net sen, déi hacken ech ech kleng.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op niddriger Hëtzt bëssen Olivenualig, do dran dënsten ech den Knuawelek glasig aan.

Gehackten Chilischot mëschen ech drënner an dënsten déi kuurz mat aan.

Zwëschendurich setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an loossen datt opkooschen.

Geschiälten an gewürfelt Tomaten schëdden ech dann dobäi, loossen Zooss opkooschen an op niddriger Hëtzt loossen ech ankooschen. Dodurich, datt ech frësch Tomaten gehollt han, dauert datt bëssen mi lang an d’Zooss krëtt net su eng kräftig Faaref. Subal Zooss mi eng deckflëssig Konsistenz erreecht hat, schmaaschen an würzen mat Salz an Päffer.

An vill kooschendem goud gesalzenem Waasser kooschen ech Pasta no Packaaweisung al dente, no der Halschent van der Kooschzékt hualen ech eng Tass Nuddelwaasser aus dem Dëppen an setzen déi op Ségt.

Subal Pasta al dent ass, schëdden ech se aaf an mëschen se ënnert Zooss. Schwenken mengt Dëppen su datt sech alles goud vermëscht, evtl. schëdden ech na bëssen Nuddelaasser drop, sollt Zooss ze deckflëssig sen.

Pasta verdeelen ech op Telleren, an streien bëssen frësch geriwene Pecorino an gehackten Péitersilich driwer.

Fazit

Pasta all’arrabiata ass bëssen mi wie eent siiert Ässen. Sie ass eent Stéck kulinarisch Kultur, eng kleng Revolt om Teller, an een Beweis, datt goud Këchen keen Kompromëss brausch. Mat bëssen Opmiärksamkeet, lost op Qualitéit an engem Bléck fir datt Wesentlich jiët doraus een noohaltigen Genoss, deen eisem Planéit an der Séil goud deet.

Penne All’arrabiata mat frëschen Tomaten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 kg frësch Tomaten (Roma oder San Marzano) geschiällt an gewürfelt

  • Olivenualeg

  • 2 Ziiwen Knuawléck,fein gehackt

  • 2-3 Chilischoten, gehackt

  • Salz, schwarze Päffer

  • 800 g Penne

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

  • frësch geraspelten Pecorino oder Parmesan

Zoubereedung

  • Tomaten iwerbréihen ech, schiälen se an schnégden se an Würfel.
  • An engem Dëppen erhëtzen ech op niddriger Hëtzt bëssen Olivenualig an brooden do dran den Knuawelek aan, wann deen goud rëscht, mëschen ech d’Chilischoten drënner an brooden déi kuurz mat aan.
  • Als nächst schëdden ech Tomaten drop, vernëschen alles goud mateneen an loossen Zooss opkooschen. Driien Hëtzt dann raaf an loossen Zooss op niddriger Hëtzt reduzéiren bis se eng deckflëssig Konsistenz erreecht hat. Schmaaschen an würzen mat Salz an Päffer.
  • Iwerdeems Zooss ankooscht, setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op. Subal datt kooscht, kooschen ech Penne no Packaaweisung al dente.
  • No der Halschent van der Kooschzékt, schäffen ech eng Tass Nuddelwaasser raus an stellen déi op Ségt bis ech se brausch.
  • Subal d’Nuddelen al dente sen schëdden ech se aaf, an schëdden se bei d’Zooss an Dëppen, datt schwenken ech goud su datt sech d’Zooss iwerall iwert den Nuddelen verdeelt. Ech han dann na gehackten Péitersilich drënner gemëscht.
  • Déi verdeelen ech op Telleren an streien bëssen frësch geriwene Pecorino driwer. Direkt zervéiren an genéissen.

Notiz

  • Dodurich datt ech frësch Tomaten gehollt han, krëtt Zooss net die kräftig rugd Faaref

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*