Pilawreis

Datt watt mir Hogt “Reis” nennen, sen Kären van der Planz “Oryza sativa”. Botanisch gesehen ässen mir Friischten van dëser Planz.

Dës Planz liwert nëmmen eng kéier die gewënschten Kären, dono stireft se. Äwer, 1 Planz kann bis zu 3000 Kären bilden. Dodurich as et net verwonnerlich, firwatt den Reis fir bal halschent van der Weltbevölkerung Grondnahrungsmëttel Nr.: 1 as.

De Reis wiisst mëttlerweil net nëmmen mi en exotischen Länner, op gefluuten Reisterrassen wie eent et dachs am Fernseh geségt. Reis jëtt o an Éisteräich aangebaut, deem sugenannten “Trockenreisanbauverfahren”.

Wat hat Naturreis, wat wäissen Reis net hat?

Naturreis hat na die fein Sëlwerhogt an de Keimling, su datt dësen Kär B-Vitaminen, Kalzium, Magnesium an Phosphor hat. Deen wäissen Reis as poléiert, domatt jëtt den Keimlimg an die Sëlwerhogt äwer mat fortpoléiert. Su datt deen wäisse Kär ausser Stärke net mi wirklich vill opzeweisen hat. Bei engem industriellen Verfahren, dem “Parboiling” jiänn Vitaminen an anner Nährstoffer an den Kär gepresst an am poléierten Kär bleiwen dodurich na 80% wiärtvoll Nährstoffer erhalen.

Wëldreis

Deen nossigen Wëldreis wiist aan ruhigen Floss- oder Seeuferen an Nordamerika an Ostasien. Traditonell jëtt en aus dem Boot raus gepléckt.

Arsen am Reis?

Arsen fënnt een an villen verschidden Fromen am Buadem. Net all van dësen chemischen Verbindungen sen geféierlich fir den Mënsch. Datt as dem Reis äwer egal deen hëllt alles mat. Ruhigt oder stooend Waasser an deem den Reis wiist as ideal, Waasser liist den Arsen aus dem Buadem. Fir den Arsen griistendeels aus dem Reis raus ze kreien, hëlleft Waasser. Waasser brengt et ran, Waasser hëllt et raus. De Reis am besten iwert Nait wässeren, dann den Reis grëndlich ënner fleissendem Waasser aafwäschen. Deemno watt fir eent Rezept gekooscht jëtt den Reis a vill Salzwaasser kooschen an aafschëdden. Datt alles reduzéiert den Arsengehalt am Reiskär.

Pilaw

Pilaw as ursprünglich een orientalischen Menü. Allerdings beschreift Pilaw nëmmen Kooschtechnik. Genausu kann Pilaw o mat Weess oder Bulgur gekooscht jiänn. Koochs du Pilaw-Reis jëtt traditionelle “Langkornreis” geholt. Deen jëtt mat enger Ënn aangedënst, dann jëtt entweder na Geméiss, Obst, Gewürzer, Krégder, Fleesch oder Fësch beigemëscht an datt alles jëtt an enger Bréit gekooscht. Paëlla, Biryani, Palau han all dës Kooschtechnik als Basis.

Fir den Pilawreis brausch ech:

  • Langkornreis
  • Ënnen
  • Fleesch- oder Geméissbréit
  • Salz & bëssen Kurkuma
  • Botterschmalz

Zoubereedung

Den Reis wässeren ech an setzen en iwert Nait an de Frigo.

Den Daag drop wäschen ech den Reis grëndlich ënner fléissendem Waasser aaf.

De Schiäffchen op 170°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Ënnen hacken ech kleng.

An engem waarmen Dëppen, ech han hei mol na eng kéier Tajin gehollt, wiärmen ech Botterschmalz. do dran brooden ech Ënnen aan, et kann een se karameliséiren loossen oder just glasig aandënsten.

Has du lo Geméiss, Obst, Nëss, Krégder, Gewürzer, déi mat aanschweesen. Ech han hei den Krukuma mat ënnergemëscht an alles liit gesalz.

Dann han ech den Reis ënnergemëscht an deen mat aangebrooden bis sen glasig as.

Datt Ganzt han ech dann mat der Bréit aafgeläscht, déi opkooschen geloss, an de Reis ouni Deckel an de Schiäffchen stellen.

Am Schiäffchen brausch den Reis ongeféier 20-25 Min. kuck paar mol subal Flëssigkeet all fort as, as den Reis goud.

Koochs du en am Dëppen as en an ongeféier 18-20 Min. goud.

Pilawreis

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

25

Minuten

Zutaten

  • 250 g Langkornreis

  • 1 gehackten Ënn

  • 1 TL Kurkuma

  • 1 L Fleesch- oder Geméissbréit

  • Botterschmalz

  • Salz

Zoubereedung

  • Den Reis iwert Nait wässeren an grëndlich auswäschen.
  • De Schiäffchen op 170°C virwiärmen
  • An engem waarmen Dëppen de Botterschmalz wiärmen an d’Ënnen glasig aandënsten. Du kanns se o karamelsiéiren.
  • Kurkuma ënnermëschen an kuurz mat aanschweesen. Liit salzen.
  • Reis dobäi jiänn an glasig aanbrooden.
  • Mat der Bréit aafläschen an opkooschen loossen.
  • Am waarmen Schiäffchen ouni Deckel an 25 Min. färdeg kooschen. (Wann Flëssigkeet fort as, as den Reis goud.)

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*