Fagiolini al Pomodoro con Basilico

Gréin Bungen an enger aromatischer Tomatenzooss ass eent klassicht Ässen aus der mediterraner Këchen – eng Liebesklärung aan frësch, einfasch Zutaten, déi wonnerbar mateneen harmonéiren. Mat mengem hausgemaaten Pelati (Tomate pelée) an deem gouden Aroma vam Basilikum jëtt dëst Ässen zu engem Genoss, deen eng perfekt Beilaag oder een liiten Hauptplat ass.

An villen mediterranen Länner wie Italien an Griechenland sen gréin Bungen an Tomatenzooss eent beléift Ässen, datt als „Fagiolini al pomodoro“ oder „Fasolakia“ bekannt ass.

Zutaten fir Fagiolini al pomodoro con basilico.

1. gréin Bungen

  • Gréin Bungen sen eng beléift Hülsenfruucht an eng exzellent Quell fir Vitaminen, Mineralstoffer an Ballasstoffer. Sie sen knackig, zart an han een mëllen liit séisslichen Goût. Du kanns frëscher hualen, gefruarener oder evtl. aus der Béchs, äwer just wanns du soss näist fënns. Ech greifen jären op die gefruaren zeréck, sie jänn zu genau deem richtigen Zécktpunkt gepléckt an vam Feld Schockgefruaren.

Tipp: Bei frëschen Bungen pass drop op d’Enner aaf ze schnégden befirs du se viraan verschaffs.

2. Olivenualeg

  • Olivenualeg ass d’herzstéck van der mediterraner Këchen an brengt een onverwiässelbaren Aroma mat an d’Ässen. Natiirlech soll et een hiiwiärtigen Olivenualeg sen, deen mat sengem fruuchtigen Goût dëst Ässen ënnerstëtzt.

Tipp: Oh wann dachs gesoot jëtt datt een Olivenualeg net ze hii erhëtzen soll, watt o stëmmt, brooden ech baal alles mat Olivenualeg, Olivenualeg kann een locker bis op 160°C , 170°C erhëtzen an domatt krëtt een o alles gebrooden.

3. Ënnen

  • Ënnen sen Grondlaag fir ganz vill herzhaft gewürzt Zoossen an brengen een natiirlichen séissen Aroma, deen Zooss aafronnt.

Tipp: Ënnen sollen op mëttel Hëtzt gebrooden jänn, loss der Zéckt, su setzen sie hiren natiirlichen séissen Aroma frei an kreien eng goldig, mëll Textur.

4. Knuawléck

  • Knuawléck ass eent typischt Element an der mediterraner Këchen en brengt een würzigen Goût an eng gewëss Schiäreft ouni d’Ässen ze dominéiren.

Tipp: Pass do drop den Knuawléck net ze kräftig aanzebrooden, en jëtt soss batter.

5. Pelati Tomaten oder frësch Tomaten

  • Pelati sen italienisch, geschiälten Tomaten, déi an hirem eegene Saaft angekooscht sen. Sie sen eng van deen besten Optiounen wanns du eng Tomatenzooss kooschen wëlls, sie han een natiirlichen séissen, fruuchtigen Aroma.

Tipp: Wanns du keen Pelati fënns kanns du o frësch Tomaten hualen – iwerbréihen, schiälen an kleng würfelen.

6. Salz

  • Salz ass entscheedend, fir d’Aromen an dësem Ässen ze intensivéiren. Salz brengt deen netiirlich séissen Aroma van den Bungen and Frëscheet van den Tomaten na besser zur Geltung

Tipp: Schmaaschen an schmaaschen fir die richtig Doséirung ze fannen.

7. schwarze Peffer

  • Frësch gemaahelene Peffer brengt Würzigkeet an dëst Ässen. De Peffer rischt zum Schluss ënnermëschen fir datt en sein Aroma behällt an Zooss net dominéiert.

Tipp: Wanns du et jären scharef has, kanns du mi Peffer ënnermëschen.

8. frëschen Basilikum oder gedrëchenten Basilikum

  • Basilikum ass eent van deen beléifsten Krégder an der mediterraner Këchen, en hat een frëschen, séisslichen, liit pefferigen Aroma, deen wonnerbar mat dësem Ässen harmonéiert.

Tipp: Frëschen Basilikum ëmmer rischt zum Schluss ënnermëschen fir datt en sein frëschen Goût behällt an net verkooscht. Deen gedrëchenten kanns du bëssen mi lang matkooschen.

9. Optiomal: Balsamicoessig

  • Balsamico-Essig brengt eng liit Säier an een aromatischen, séisslichen Goût. Du muss keen Balsamico ënnermëschen et kann dësem Ässen äwer deen letzten Schlëff jänn.

Tipp: Hual hiiwiärtigen Balsamico – eng kleng Sprutz deet et well fir d’Aromen ze balancéiern.

Sämtlich Zutaten spillen eng wichtig Roll an dësem Ässen, fir alles zu engem harmonischen Ganzen ze maan. Durich Kombinatioun van frëschen an einfaschen Zuaten entsteht eng aromatisch, äwer net ze schwéier Zoss, déi die gréin Bungen perfekt ergänzt.

Zoubereedung

  • Wann ech frësch Bungen hualen schnégden ech d’Enner aaf an schnégden se dann an ongeféier 4cm bis 5cm längt.
  • Ënnen schiälen ech an hacken se fein
  • De Knuawléck jett geschiält an fein gehackt
  • Hëlls du frësch Tomaten, déi iwerbréihen, schiälen an kleng würfelen, Saaft mat opfänken.
  • Deen frëschen Basilikum hacken ech graff.

Als ischt setzen ech eent Deppen mat goud gesalzenem Waasser op, loossen datt opkooschen an blanchéiren die frësch Bungen oder déi gefruaren do dran fir ongeféier 4 Min. bis 5 Min. Subal se aafgeschott sen, am Äiswaasser aafschrecken, fir datt se d’Faaref besser haalen.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänk mat rauschen schëdden ech den Pelati oder die frësch Tomaten drop.

Ech kooschen meng Tomatenzooss ëmmer ouni Zocker, bei frëschen Tomaten, hual San Marzano, déi han manner Säier, schmaasch se an loss se evtl. bëssen mi lang op nidriger Hëtzt auskooschen.

Zooss loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen se ongeféier 15 Min. reduzieren, würzen mat Salz an Peffer. Mëschen dann Bungen, den Basilikum an Optional den Balsamico drënner an erhëtzen alles.

Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na no.

Viraam zervéiren streien ech dann na bëssen frësch gehackten Péitersilich driwer.

Tipps

  1. Tomaten aus der Béchs sen eng einfasch an goud Option, wann die frësch keng Saison han. Pelati ass hei besonnig goud gelegentlich, well déi well geschiält sen. An den Tomaten aus der Bëchs ass vill Saier dran, vill greifen dann op Zocker zeréck, well dovaan ausgejangen jett, datt den Zocker Saier neutraliséiert, datt mëscht en äwer net, en lengt just vam Goût van der Saier aaf, aan der Saier an der Zooss ännert den Zocker äwer naist. Du kanns eng ganz geschiälten Muurt mat kooschen an déi zum Schluss raus hualen, oder du karamelsiséiers deng Tomaten am waarmen Schiäffchen.
  2. Frëschen oder gedrëchenten Basilikum? Frëschen Basilikum jett der Zooss eng liit Frëschheet an Intensitéit, während gedrëchenten Basilikum äwer o goud fonktionéiert, besonnig, wanns du keng frësch Krégder zur Hand hast.

Varianten:

An Süditalien, besonnig op Sizilien, fënns du dëst Ässen dachs mat vill Krégder an o dachs mat Oliven. An enger Variant sen sugar Pinienkären fir extra Textur.

An Griechenland jëtt Zooss jären mat Oregano an enger Sprutz Zitrounensaaft aafgronnt.

An Spanien jëtt dachs gereechter Paprikapolwer an Chorizo mat drënner gemëscht watt et vill mi herzhaft mëcht.

Fagiolini al Pomodoro con Basilico

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g gréin Bungen, gefruaren

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • 1 Ënn, kleng gewürfelt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 400 g Pelati oder ca, 500 g frësch Tomaten, geschiält an gewürfelt

  • Salz

  • Peffer

  • 1 TL frëschen Basilikum, gehackt oder 0,5 TL gedrëchenten Basilikum

  • Optional: 1 TL Balsamico

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • Ech setzen eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an subal datt kooscht blanchéiren ech d’Bungen do dran fir 4 Min. bis 5 Min. Subal se aafgeschott sen am Äiswaasser aafschrecken, fir datt se d’Faaref besser haalen.
  • An engem waarmen Dëppen oder Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Als nächst mëschen ech den Knuawléck drënner an wann deen aafänkt mat rauschen schëdden ech Tomaten drop.
  • Zooss loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an lossen Zooss ongeféier 15 Min. reduzéiren. Würzen mat Salz an Peffer.
  • Dann mëschen ech d’Bungen, den Basilikum an Optional den Balsamico drënner an erhëtzen alles, schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na no.
  • Viraam zervéiren streien ech na bëssen frësch gehackten Péitersilich driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*