Ragout des pauvres ass eent traditionellt Ässen aus Frankreich. Hokt tauchen ech an d’Welt van der fransiischer Këchen an, an widmen mech engem Ässen, datt net nëmmen satt mëscht, mais o na Geschicht hat.
Dëst Ässen ass eent Beispill dofir, wie aus winigen Zutaten eent köstlicht Ässen gekooscht jiët, datt satt mëcht. Et ass an enger Zekt enstannen, während d‘Kreativitéit an der Këchen net nëmmen geschätzt jiän ass, mais o nugdwendig wor. An genau dës Einfascheet hat hiren ganz besonnigen Charme an eng onvergänglich Relevanz.
Geschicht hanner dem Ragout des pauvres
Ragout des pauvres ass eent Kand van der Aarmut, gebuaren an der Nugd, mat deem auszekommen, watt eben do wor. Well am 18ten Joerhonnert wor et üblich, Rester an engem herzhaften Eintopf ze verschaffen. Gromperen, Muurten, Ënnen, bëssen Bréit sen zu engem Ässen gekooscht jiän datt nahrhaft ass an wiäremt.
Dëst Ässen symboliséiert die einfasch fransiisch Landkëchen an de Geest van Noohaltigkeet, lang befir dëst zu engem modernen Trend jiän ass. Hokt jiët dësen Ragout an villen Haushalten op der Welt ganz nei interpretéiert – ëmmer na net deier äwer mat Raum fir perséinlich Iddien.
Mengt Rezept bleift dësem Gedanken treih, brengt äwer mat engem Schlupp rugden Wéng een raffinéierten Aroma. An et ass een komplett vegetarischen Menü, deen satt mëcht an richtig goud an die kaal Joerzékt passt.
Eent Ässen vir all Geleenheet
Dësen Ragout ass eent variabelt Ässen. Et lisst sech wonnerbar virbereeden an schmëscht den Daag drop na besser. Ausserdeem kanns du et als Hauptplat mat Baguette oder Zaloot ässen oder als Beilaag bei engem festlichen Menü, et passt ëmmer.
Zutaten
D’Schingheet van engem einfaschen Ässen legt dachs am Detail wie z.B. an den Zutaten, déi fir sech eng Geschicht erzällen. Ragout des pauvres liäft van der Konst, aus deem Einfaschen jiät ganz Besonniges ze maan. Hokt wëll ech dir net nëmmen beschreiwen, wie’s du dëst köstlicht Ässen zubereets, mais o d’Zutaten an den Mëttelpunkt stellen, déi dësen Ragout su eenzigartig maan.
- Muurten: Muuten sen Herzstéck van villen ländlichen Menüer. Mat deem natiirlich séissen Aroma an der kräftiger Faaref brengen sie net nëmmen Goût, mais o Liäwigkeet an dësen Ragout.
- Gromperen: dës Knoll ass die perfekt Sättigungsbeilaag. Gromperen passen mat hirem mëllen Goût bestens an dësen Ragout, sie hualen die ganz Aromen, van de Gewürzer an der Bréit op. Du kanns festkooschender oder miähligkooschender hualen, die miähligkooschend suarigen fir eng crèmig Konsitenz van dësem Ragout.
- Tomaten: Sie sen Fundament van der Zooss. Frësch Tomaten brengen eng fruuchtig liit Säier mat, dat de Ragout ausbalancéiert. Während der kéiler Joreszekt kanns du op Pelati zereckgräifen.
- Ënnen: Ënnen sen die stëll Helden an der Këchen. Hiren séisslichen Aroma bild eng Basis fir ganz vill Menüer. Genausu hei, beim gemelligen aanbrooden entwéckelen sie een mëllen, baal karamellartigen Goût, den den Ragout aafronnt.
- Knuawelek: Een Hauch (oder bëssen mi) jieet dar, fir dësem Ässen eng dezent Würzigkeet ze jiän. Frëschen Knuawelek ass ëmmer die besten Wiäll, seng Schiäreft an sein Aroma sen onvergläichlich.
- Tomatenpürée: Tomatenpürée ass d’Geheimnis fir eng kräftig Zooss. Et intensivéiert den Tomatengoût an suarigt fir eng déif rugd Faaref. Während dem aanbrooden entfaalt den Tomatenpürée zousätzlich séiss Aromen.
- Rugden Wéng: De rugden Wéng ass bëssen mi wie nëmmen eng Flëssigkett et brengt Aroma. Mat sengen tanninräichen, fruuchtigen an erdigen Nuancen brengt en herzhaft an elegant Aromen an de Ragout. Wiäll ëmmer een Wéng deens du o jiären drénks.
- Geméissbréit: Eng goud Bréit ass d’Séil van engem Eintopf. Sie verbënnt Zutaten an brengt d’Aromen zum Danzen. Am besten natiirlich ëmmer die selwergemaaten. Wie z.B. meng Geméisspast déi’s du am Nu an eng köstlich Bréit verwandelen kanns.
- Lorbeerbläder: D’Bläder vam Lorbeerboom sen kleng, äwer mächtig. Deen würzig-batteren Aroma suarigt fir genau deen richtigen Goût van der Zooss. Viraam zervéiren am besten raus hualen, sie bleiwen hart.
- Rosmarin & Thymian: Dës mediterran Krégder jiän dem Ragout deen aromatischen Goût. Während den Rosmarin mat sengem liit harzigen Aroma dominéiert, brengt den Thymian eng fein, baal bloumig Würzigkeet an d’Spill.
- Botterschmalz: de Botterschmalz ass net nëmmen een Kooschmedium mais en drigt o den Goût an brengt ausserdeem liit botterig Nuancen.
Zoubereedung
- D’Gromperen schiälen ech an schnégden se an mondgerecht Stécker.
- D’Muurten schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen.
- De Knawelek an d’Ënnen jiän geschiält an fein gehackt.
- Frësch Tomaten iwerbréihen ech an schnégden se kleng.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran Gromperen all rondrëm brong aan, déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
An der selwischter Pann brooden ech dann op mëttel Hëtzt d’Ënnen gemellig aan, bis se aafänken Faaref ze kreien.
Als nächst mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen afänkt mat rauschen réiren ech den Tomatenpürée drënner an brooden datt mat aan.
Dann schëdden ech eng Schlupp Wéng drop, lossen deen komplett ankooschen bis sech om Buadem van der Pann rëm Röstaromen bilden. Datt widderhualen ech 2 bis 3 mol.
Lo mëschen ech d’Muurten drënner an brooden déi mat aan.
Dann mëschen ech d’Gromperen drënner an schëdden bëssen Bréit drop, datt maan ech selwischt wie beim rugden Wéng ech lossen se ganz ankooschen an widderhualen deen Prozesse o 2 bis 3 mol är ech deen Rest Bréit drop schëdden.
Zum Schluss kommen na Tomaten dobäi, leen d’Lorbeerbläder dran an würzen mat Peffer, Salz, bëssen Thymian an Rosmarin.
Noodeems den Ragout opgekooscht hat driien ech d’Hëtzt raaf an mat Deckel loossen ech en op niddriger Hëtzt kooschen bis d’Gromperen durich gar sen, ongeféier 30 Min. bis 35 Min.
Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na bëssen no. Op Telleren verdeelen an mat frësch gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.
Mein Tipp
Du wëlls et mi herzhaft, mësch Fleesch oder Gehacktes mat drënner. Wanns du et äwer léiwer vegetarisch wëlls loossen, sen virgekooschten Lënsen, Kicheriärbessen oder zum Schluss geréister Nëss déi driwer gestrait jiän, wie z.B. Walnëss, eng goud Wiäll.
Mam Ragout des pauvres feiers du net nëmmen die einfasch Zutaten, mais o d’Schingheet van enger traditiounsräicher Këchen. Et weisst datt Kulinarik net deier muss sen, mais van Herz an der Handwiärikskonst liäft. Probéier et aus an deel deng Kreatioun ënner dem #beijosiane.
Ragout des paures
4
Portiounen20
Minuten40
MinutenZutaten
2 Ënnen, fein gehackt
2-3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
4-5 mëttelgruuss Gromperen, geschiält an a mondgerecht Stécker geschnidden
4 Muurten, op der Mandoline an dënn Scheiwen geschnidden
Botterschmalz fir ze brooden
2 EL Tomatenpürée
150 ml rugden Wéng (z.B. een liiten Merlot oder Pinot noir)
750 ml Geméissbréit
2 Lorbeerbläder
1 Rosmarinast (oder 1 TL gedrëchenten Rosmarin)
2 Thymianäst (oder 1 TL gedrëchenten Thymian)
Salz & Peffer, no Goût
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran Gromperen all rondrëm brong aan, déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
- An der selwischter Pann brooden ech dann op mëttel Hëtzt d’Ënnen gemellig aan, bis se aafänken Faaref ze kreien.
- Als nächst mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen afänkt mat rauschen réiren ech den Tomatenpürée drënner an brooden datt mat aan.
- Dann schëdden ech eng Schlupp Wéng drop, lossen deen komplett ankooschen bis sech om Buadem van der Pann rëm Röstaromen bilden. Datt widderhualen ech 2 bis 3 mol.
- Lo mëschen ech d’Muurten drënner an brooden déi mat aan.
- Dann mëschen ech d’Gromperen drënner an schëdden bëssen Bréit drop, datt maan ech selwischt wie beim rugden Wéng ech lossen se ganz ankooschen an widderhualen deen Prozesse o 2 bis 3 mol är ech deen Rest Bréit drop schëdden
- Zum Schluss kommen na Tomaten dobäi, leen d’Lorbeerbläder dran an würzen mat Peffer, Salz, bëssen Thymian an Rosmarin.
- Noodeems den Ragout opgekooscht hat driien ech d’Hëtzt raaf an mat Deckel loossen ech en op niddriger Hëtzt kooschen bis d’Gromperen durich gar sen, ongeféier 30 Min. bis 35 Min.
Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na bëssen no. Op Telleren verdeelen an mat frësch gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.