Teriyaki

Teriyaki oder Teriyaku as eng japanesch Zooss/Marinade. “Teri” steht fir Glanz an “Yaku” fir gebrooden oder gegrillt. Teriyaki as eng würzig, herzhaft an liit séiss Zooss, déi bei Schweng, Poulet, Fësch, Tofu an Geméiss, Reis an na vill anner Saaschen passt.

No vill nooséichen an liäsen han ech rausfond, datt déi Zooss aus just paar Produkter besteht, ganz siier gemaat as, an sech paar Méint am Frigo hällt. Leider sen rëm vill Rezepter déi een fënnt mat Zocker. Ech maan se äwer ouni Zocker.


Grondbestanddeeler van der Teriyaki-Zooss sen?

  • Sake
  • Mirin
  • Sojazooss

Déi 3 Saaschen kommen zu gleichen Deeler ant Zooss. Well de Mirin zimlech séiss as brausch een keen zousätzlichen Zocker. Schmaasch Zooss, du has et vläicht léiwer mi séiss, dann kanns du natiirlech na bëssen Zocker ënnermëschen. Oder wanns du et léiwer mi schaaref has, kanns du eng frësch kleng geschnidden Chilischot mat kooschen.

  • Sesamkären

Watt natiirlech o net feelen duaref sen frësch geschnidden Frühlingszwibbelen, déi hanneno iwert den färdegen Menu gestreit jiänn.


Virbereedungszéckt: 10 Min.

Kooschzéckt: 10 Min.

Fir ongeféier 500 ml Zooss brauchst du?

  • (2 gehackten Ziiwen Knuawléck)
  • (1 Steck frëschen gehackten Ingwer)
  • 150 ml Sake
  • 150 ml Mirin
  • 150 ml Sojazooss
  • 2 EL Maizena
  • 4 EL kaalt Waasser
  • 1-2 geheefte EL Sesamkären
Teriyaki

Wie jëtt gekooscht?

De Knuawléck an den Ingwer muss een net dran maan, déi sen just fir der Zooss na bëssen mi Geschmaasch ze jiänn.

Bëssen neutralen Ualeg an engem Dëppen erhëtzen den Knuawléck mam Ingwer bei mëttler Hëtzt ongeféier 3 Min. brooden. Ëmmer rëm dran réiren et soll keng Faaref aanhualen.

Sämtlich Flëssigkeeten drop schedden, Hëtzt bëssen rop driien an opkooschen loossen. Maizena mat deem kaalen Waasser opliesen, ant Zooss réiren an na eng kéier kuurz opkooschen loossen bis Zooss bënnt an mi deckflëssig jëtt.

Zooss vam Feier hualen an de Sesam ënnerréiren. De Sesam kanns du o hanneno rischt iwert datt färdegt Fleesch streien. Zemools wann een Mënschen an der Familien hat déi keng Kären duarefen ässen as datt die beste Liesung.

Zooss waarem an eent Glas fëllen, an direkt den Deckel drop. Een Moment op den Kapp stellen, emdriien an dann komplett aafkéilen loossen. Su hällt déi Zooss sech paar Méint am Frigo.


Eent klassicht Ässen as z.B Chicken-Teriyaki oder déi Teriyakispiessercher déi een beim Sushi kann mat bestellen.

Ob’s du dengt Fleesch an där Zooss iwert Nait marinéiers, oder Zooss rischt noom brooden driwer mëchs, do muss du rausfannen watt dir am besten schmëscht.

Ech han hei Beef-Teriyaki gemaat, mat Zockerschoten, Paprika an Ënnen. Just fir eent Beispill an fir net ëmmer Poulet ze maan. Du kanns äwer o Schwengefleesch oder Fësch hualen, an van Geméiss, datt watt’s du jiären has. Eng goud Mëschung as z.B. Broccoli, Ënnen an Muurten, oder Spargelen mat drënner gemëscht. Die ganz Welt vam Geméiss kanns du notzen an mëschen wie et dir am besten schmëscht.

Beef-Teriyaki mat Basmatireis

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*