Barbecuesauce

Barbecuesauce as eng würzig Zoss, déi dachs zum Würzen van gegrilltem Fleesch gehollt jëtt. Sie kann séiss, rauchig oder scharef sen. Am Normalen besteht sie aus enger Basis van Tomaten, Essig, Zocker an Gewürzen. Zu den meesten Zutaten gehiiert Knuawléck, Ënnen, Mostert an Worecestershiresauce. Mat der Barbecuezoss krëtt all Grill- Fleesch, -Poulet an anner -Zutaten een köstlichen Geschmaasch. Et jiänn vill regional Variatiounen an Geschmaaschrichtungen, je noodeem wu se op der Welt zoubereed jëtt.

Varianten

Et jiänn vill verschidden Geschmaaschrichtungen van der Barbecuesauce, an sie variéiren je no Regioun an perséinlichem Goût. Hei sen paar van deen heefigsten Geschmaaschrichtungen:

  1. Séiss: Dës Zooss as séiss am Geschmaasch an enthält dachs vill Zocker, heinsdo an Kombinatioun mat Hunneg oder Ahornsirup. Sie eegent sech perfekt fir Schwénfefleesch an Poulet.
  2. Rauchig: Dës Barbecuesauce hat een intensiven Racharoma, den dachs durich gereecherten Paprika oder “Liquide Smoke” entsteht. Dës Versioun passt goud zu Randfleesch an Schwéngefleesch.
  3. Scharef: Scharef Barbecuesauce enthält Gewürzer wie Cayennpeffer oder Chiliflocken an as würzig scharef. Sie as ideal fir jidfereen deen jiären scharef ësst an passen goud op Chickenwings oder Sparerips.
  4. Wüzig: Dës Zoss as dachs reich aan Gewürzer wie Knuawléck, Ënnen, Mostert an schwarze Peffer, Sie jëtt sämtlichem Fleesch eng aromatischen würzigen Goût an as variabel ansetzbar.
  5. Tangy (säierlich): Säierlich Barbecuezoossen han een hiien aandeel aan Essig, déi hir een frëschen, säierlichen Goût jëtt. Dës Versioun eegent sech goud fir Schwéngefleesch an Pulled Pork.
  6. Fruuchtig: Dës Versioun enthällt Friischten wie Ananas, Piijen, Aprikosen, Äppel, déi der Zooss een séiss-fruuchtigen Aroma zouféiert. Dës Zoss as beléift bei Poulet an Schwéngefleesch.
  7. Regional Varianten: An den USA jëtt et vill regional Variatiounen, wie die würzig Kansas City Sauce, die würzig Texas-Molasse-Sauce oder déi op Mostert baséiert Barbecuesauce aus South Carolina.

D’Auswahl van der Barbecuesauce hängt ganz van dengem perséinlichen Geschmaasch an deen ze grillende Liäwensmëttel aaf. Du kanns o selwer mat dësen Iddien experimentéieren an deng eegen Kreatioun kooschen, ganz einfasch an deems du verschidden Geschmaaschrichtungen mateneen kombinéiers.

Liquide Smoke

Liquide Smoke as eent flëssigt Würzmëttel, datt gehollt jëtt fir den Geschmaasch van “gereechert” ant Fleesch oder anner Liäwensmëttel ze kreien, ouni datt gereechert jëtt. Et handelt sech em eng extrem konzentréiert Flëssigkeet, déi durich Kondenséiren vam Damp, deen beim Reecheren entsteht, gemaat jëtt. Dëst Würzmëttel as virsëchtig anzesetzen well et verdiäreft dir deen ganzen Goût wann nëmmen eng Drëps zevill dran gemaat jëtt. Trotz allem as et eng praktisch Optioun fir all déi die keen Zougang zu engem Grill oder Reecheruawen han.

Zutaten

  • 3 EL Ualeg
  • Ënnen 
  • Knuawelèck

Knuawléck an Ënnen jiän fein gehackt, an engem Waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Ualeh an brooden Ënnen mam Knuawléclk op mëttel Hëtzt aan an lossen se karameliséiren.

carameliséiert Ënnen
…mat brongem Zocker
  • 6 EL brongen Zocker dobäi an loossen deen carameliséieren.
  • 3 EL Tomatenpürée, dënsten deen kuurz mat aan,

Dann mëschen ech den Zocker mam Hunneg drënner, lossen alles opkooschen

  • an mat 100 ml Äppelessig jëtt datt Ganzt dann aafgeläscht.
… mat Tomaten
  • 850 ml Pelati, du kanns o Tomaten aus der Bëchs hualen.
  • 3 EL Salz (Rauchsalz)
  • 2 TL Cumin
  • 1 Lorbeerblad
  • 4 EL Worecestersauce
  • 2 Chilischot réieren ech drënner.

Dann schëdden ech Tomate drop an mëschen die ganz Gewürzer drënner, lossen alles opkooschen an driien Hëtzt dann raaf.

  • 2 Äppel (Boskop)
  • 6 EL Hunneg

Äppel würfelen ech kleng, an mëschen déi mam Hunneg ënnert Zoss.

Zooss loossen ech dann eng Stonn op niddreger Hëtzt reduzéiren an püréiren se dann. 

BBQ-Zooss

Wells du lo bëssen Rauch an der Zooss han, kanns du gereechert Gewürzer hualen. Ech hualen z.B. Rauchsalz. Schaffs du mat Raucharoma musst du oppassen, ech giff hei an des Zooss 3-4 Drëpsen dran maan. Raucharoma jett su een intensiven, an wann es zevill dran as eckligen Geschmaasch, datt een ganz virsëchtisch domatt ëmmgoen muss/soll. 

Burger mat BBQ-Zooss

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*