Choufleur, Broccoli an Romanesco

Van wu kennt de Choufleur?

Europa befënnt sech an der fréier Neizekt, Kält, Krankheeten, politisch Onruhen, eng hii Kriminalitéit an Aarmut woren gruuss Problemer déi Zekt. An natiirlech Hexeverbennung. Den Adel, an viran allem Kirich wëll alles bestëmmen… Et sen äwer Schëffer ennerweech, fir Handel ze dreiwen, fir Kréich ze féieren. An Klengasien, et jett aagehollt Südgriechenland, Zypern oder Kreta, aankommen, landen si an engem Kluuster. Van do brengen sie den Soom vam Choufleur mat. Als Calvofiore bekannt, wor de Choufleur bei den Italiener well lang beléift, är en bei eis aankommen as. Mais en hat de Weech äwer o bis an Mëtteleuropa an an die ganz Welt fonnt.

Choufleur

Wann vu kennt de Broccoli?

Broccoli wiist ähnlisch wie Choufleur, hatt eng déif gréin bis bloosch-grèin Faaref. Ursprünglich kënnt de Broccoli aus Asien, van do as en an Italien gelandt an van do aus bis an Mëtteleuropa. De Broccoli as van sämtlichen Kappesgewächser zimlisch mëll am Geschmaasch. Dofir as en goud fir Lékt mat empfindlischer Verdauung. 

Broccoli

Wann vu kennt de Romanesco?

Den Naam seet et well, et as een klengen Italiener, hogt jett en äwer o hei aangebaut. Romanesco schmëscht, wie eng Mëschung aus Choufleur an Broccoli, et as äwer eng Variant vam Choufleur. En beräichert den Repertoir va gesonden Kappeszorten. An en gesegt witzig aus, Bléie perfekt an enger Fibonacci-Folge. Déi een ëmmer rëm an der Natur fënnt. Bei Bléie, Bloumen, Schleckenhäiser…

Romanesco

Watt fir eng Zorten Choufleur jëtt et?

Mëtt vam 19 Joerhonnert juff et well Selektiounen wie den “Haagschen Zwerg” aus deem mi spéit den “Erfurter Zwerg” jiänn as. Mi spéit as dann aus den Zwergen den “Erfurter Langlaubig” oder den “Delfter Markt” jiänn.

De Choufleur o Karifol, Bléiekappes, oder Kiiskappes genannt. Hei jiänn äwer net wie bei anneren Kappeszorten Bläder gäss, mais Bléie, an datt befir se anfänkt mat bléien an Soom ze bilden.

Durich Ziichtungen as deen bei eis am bléiefsten schingen wäisse Choufleur entstannen. O wann deen vam Nährwert net su gesond as wie deen Faarwegen. De Choufleur hat net graad all Faaref vam Reenbuaijen aanzebéiden, mais et jett en am gréinen (Romanesco) oder mooffen, jiäll/orangen. Fir datt en die sching wäiss Faareft behällt soll en goud mat sengen eegene Bläder zougedeckt jiänn, net mol Naasspëtzt duaref rauskucken.


Gekooscht jiänn die 3 Zorten.

Bläder ronderëm fortschnegden, et kann een se ganz loossen oder an die eenzel Ruusen opdeelen. De Stronk äwer haalen, deen kann na an enger Zopp mat verschafft jiänn. Bläder kann een o halen, déi jiänn na Goût an enger Geméissbréit.

Viraam kooschen d’Geméiss am besten 10 Min. ant Salzwaasser leen. Datt stellt sëcher, datt evtl. onwëllkommen Gäst hiren Geméisshotel verloossen.

Dann setzt een eent Dëppen op, datt gruus genou as fir datt deen ganzen Kapp o dran passt. Et lisst een Waasser gemëscht mat bëssen Zitrounensaaft an vill Salz opkooschen. Maan der net zevill een Kapp iwert datt villt Salz, datt meest dovaan land suwisu am Aafloss. Mais van Aafank aan direkt genou gesalz, spaart dir hanneno vill Aarbischt beim noowürzen.

Vir datt de ganzen Kapp Choufleur rischtisch mëll jett brausch en ongeféier 15-20 Min. Su lang loossen ech en äwer nëmmen kooschen wann ech eng Zaloot maan well. 5-7 Min. fir die eenzel Ruusen an 10-12 Min. fir den ganzen Kapp. Dann hat en na Bëss, an en as noom wiärmen an enger Zooss oder iwerbaaschen am Schiäffchen net dugd gekooscht. As d’Geméiss lo su gekooscht, kann et firan verschafft jiänn oder et fréiert een et an.

Beim Broccoli as et annecht, deen soll net mi lang wie 4-6 Min. gekooscht jiänn, soss hat een keng Ruusen mi, mais et as dann just an Pürée.

gekooschte Btoccoli

An o beim Romanesco as Koochzékt net su lang wie beim Choufleur, deen ganze Kapp brausch ongeféier 8-10 Min. fir datt en mëll as. Die eenzel Ruusen 3-5 Min.


Mat Béchamelzooss

An dofir gi mir bis an Frankreich. Friwatt datt Franzuusen do den Domm drop halen as net bekannt, et as net bewisen datt Béchamelzooss aus Frankreich kënnt.

Choufleur an enger Béchamelzooss

Zur Zekt vam Sonnenkinneg as di Zooss bekannt jiänn. De Naam hat se vam Hoofmeester Louis de Béchamel krii, deen hat se awer net erfond. Mat gruusser Wahrscheinlechkeet as dëss Zooss durich vill mi aal Rezepter an wegder Entwëcklungen, su entstannen wie se hogt gekooscht jett.

Klassisch zoubereedung vam Broccoli, am Botter geschwenkt mat gréisterte Mandelen

Matt 2 EL Botter an 2 El Miähl een helle Roux zoubereeden an aafkéilen loossen, ongeféier 1 L waaremt Kooschwaasser drop schedden, an ënner stännigem réieren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an Zooss na 10-15 Min. kooschen loossen, ëmmer rëm dran réihren. Datt mi langt kooschen déint dozou, datt deen miähligen Goût verschwënd.

Broccoli an Choufleur an enger Béchamelzooss

Mat Salz, Muskot an Peffer würzen, schmaaschen. Durich eng Passett jiänn, et kann jo sen datt na Klëmpercher dran sen. Zum Schluss jett Zooss gebonnen mat enger Mëschung aus 250 ml Rahm an 2 Eijiäll. Zooss duaref dono net mi kooschen. D’Geméiss dann an där Zooss wiärmen.


…Iwerbaaschen

  • Eng Methoud fir iwerbaaschene Choufleur, Broccoli oder Romanesco ze maan as. D’Geméiss am ganzen kooschen, ant Waasser äwer 1 Glas Mëlich dobäi jiänn. D’Geméiss dann an eng gefett feierfest Form leen.
  • Mat 2 EL Botter an 2 EL Miähl, 1 Glas Mëlich an 1 Glas Kooschwaasser eng Béchamel maan.
  • 2 Anchoisfilet kleng hacken an ënnert Zooss mëschen.
  • 10 g Fontina-Kiiss kleng würfelen an mat 2 EL Parmesan ant Zooss réieren an schmelzen loossen. Mat Salz, Peffer an Muskot aafschmaaschen.
  • Die waarem Zooss iwert d’Geméiss schëdden, bëssen Parmesan driwer streien paar Flocken Botter driwer verdeelen an datt Ganzt am Schiäffchen bei 180 Grad iwerbaaschen. Bedenk ëmmer die ënnerscheedlich Koschzékten vam Geméiss. De Choufleur brausch ronn 20 Min. De Broccoli an der Romanesco nëmmen 10.
  • Wanns du Anchoisfilet net jiären has kanns du déi o fort lossen, déi jiän hei just fir ze salzen genotzt. De Kiis as jo o gesalzen. Du kanns dann just mat Salz würzen an schmaaschen bis et dengem Goût entsprëcht.

Datt hei as die Italienisch Versioun van der Sauce Mornay. Die Fransiisch jett mat Emmentaler, Greyerzer oder Bargkass gemaat. An der Zekt as ant Zooss Mornay o na ëmmer Eischnii ënner gejowen jiänn, ech wees äwer net op datt hogt o na su gemaat jett.


Broccoli an Choufleur

Watt brausch ech?

  • 1 Choufleur
  • 400 g Broccoli
  • 2 Ënnen
  • 1 Botte Frühlingszwibbelen
  • (4-5 Scheiwen gekooscht Hamm, Salz, Fett)
  • 4-5 Tomaten (Saier)
  • 125 g geraspelten Pecorino (Salz, Saier, Fett)
  • 125 g geraspelten Parmesan (Salz, Saier, Fett)
  • 1 Botte Bratzelen
  • Botter (Fett)
  • Olivenualeg (Fett)
  • Salz, Peffer (Salz)

Wie jëtt gekooscht?

De Choufleur an de Broccoli an Ruusen zerdeelen. Am Salz- Zitrounenwaasser 5 Min. blanchéiren. Aafschedden an 1 L vam Kooschwaasser halen. De Broccoli an de Romanesco nëmmen 1-2 Min. blanchéieren.

Tomaten schiälen an kleng schnegden. Frühlingszwibbelen an Ronselen schnegden. (Hamm würfelen)

D’Ënnen kleng hacken, am Olivenualeg aandënsten. Frühlingszwibbelen drënner mëschen an mat aandënsten. Salzen an schmaaschen. Tomaten an (d’Hamm) drënner mëschen, kuurz mat wiärmen. Würzen an schmaaschen. Datt Ganzt an eng gefett Form jiänn. De Choufleur an de Broccoli driwer verdeelen.

Mam Kooschwasser eng Béchamel maan, an de Pecorino an der Zooss schmelzen loossen. Zooss iwert Geméiss schedden.

Parmesan an paar Botterflocken iwert dem Geméiss verdeelen. Am waarme Schiäffchen bei 180 Grad 10-15 Min. iwerbaaschen. Mat kleng geschniddenen Bratzelen garnéirt zervéieren.


Broccoli

Watt brausch ech?

  • 1,5 kg Broccoli
  • 2 Ënnen
  • 1 Porette
  • 100 g Fontina oder Gruyère (Salz, Fett, Saier)
  • 50 g gréin Oliven (Salz)
  • 4 Scheiwen Wäissbrugt
  • Botter (Fett)
  • 2 Ziiwen Knuawelèck
  • 1 Botte Péitersillisch
  • Salz, Peffer (Salz)

Wie jëtt gekooscht?

De Broccoli wäschen, an Ruusen zerdeelen. Am Salz- Zitrounenwaasser 1-2 Min. blanchéieren. Bedenk die ënnerscheedlich Kooschzékten vam Geméiss.

D’Ënnen kleng hacken. Proetten an dënn Ronselen schnegden. Botter an enger Pann erhëtzen an d’Ënnen mat de Poretten gar dënsten. Gehackte Péitersillisch ënnermëschen. Salzen an schmaaschen. 

D’Halschent vam Broccoli an eng gefett Form leen. D’Ënnen an Poretten driwer verdeelen. De Fontina oder Gruyère an dënn Scheiwen schnegden an iwert dem Geméiss verdeelen. D’Oliven an de Rest Broccoli driwer verdeelen. Am waarme Schiäffchen bei 180 grad 10-15 Min. iwerbaaschen. No 10 Min. baaschen paar Botterflocken iwert dem Geméiss verdeelen.

Brugt mam Knuaweléck anreiwen, an graff Würfelen schnegden an am waarme Botter Croûtons maan. Déi viram zervéieren iwert dem Geméiss verdeelen.


Ob’s du lo Choufleur, Broccoli oder Romanesco hëlls fir ze iwerbaaschen, dës Rezepter kannen nëmmen goud jiänn.


… à la polonaise

Panéiermiähl, getripsten hart gekooschten Eier an gehackte Péitersilich mëschen. Iwert dem Geméiss verdeelen. Botter erhëtzen an liit brong jiän loossen, iwert d’Geméiss schedden.


… gebaaschen

Fir de Choufleur, de Broccoli oder de Romanesco su ze maan han ech eng kéier am Internet entdeckt, et wor een Video, leider wees ech net mi wu. An et wor net mat Choufleur oder Romanesco mais mat Broccoli. Mais, han ech gedeit, watt mat Broccoli geht, geht bestëmmt o mat annerem Geméiss.

gebaaschene Choufleur
  • An et klappt. De riien Choufleur, Broccoli oder Romanesco an Ruusen zerdeelen, an déi Halbéieren.
  • An enger Schossel mat bëssen Olivenualeg an Salz mëschen.
  • De Schiäffchen op 300 Grad erhëtzen an eng Brootplaque mat erhëtzen.
  • D’Rusen mat där geschniddener Sekt op die waarem Plaque leen, ët soll zischen an 10 Min. baaschen. De Choufleur han ech 10 Min. gebaasch, beim Broccoli an Romanesco gin vläicht 7-8 Min. daar.
  • Noom baaschen bëssen Zitrounensaaft driwer verdeelen.

Pürée

  • Fir de Pürée kooscht een de Choufleur, de Broccoli oder de Romanesco an Salz-Zitrounen-Waasser mëll. Aafschedden an Waasser halen.
  • An enger Kasserolle erhëtzt een Rahm mat Botter, bis de Botter geschmolz as.
  • D’Geméiss mam Püréierstaaf püréieren, bëssen vam Kooschwasser dobäi jiänn, bis die gewënschte Konsitenz erreecht as. Dann Rahm mat der Botter ënnerréieren. Mat Peffer, Salz an Muskat aafschmaaschen.

Frittéiert

Hei kann een verschidden Zorten Deeg maan.

De Béierdeeg besteht aus: 50 g Miähl, 1/2 EL Ualeg, 30 ml Béier 1-2 EL Mëlich an bëssen Salz. Alles goud matenneen vermëschen bis een glatten Deeg entsteht. 30 Min. ruhen lossen.


Oder et mëscht een Tempura oder Tenpura, bei eis bekannt aus der japanischer oder chinesischer Këschen. Angeblich as dësen Deeg äwer durich portugiesisch Missionaren an Japan geland, an do aan die Landesüblich Këchen aangepasst jiänn.

Den Deeg besteht aus 1/2 Tl Salz, 100 g Miähl, 100 g Maïsstärke an 120 g Crush-Äis. Miähl, Salz an Maïsstärke goud vermëschen. Dann hëlls du am besten den Stabmixer an mëchs d’Äis drënner, datt muss alles ganz siier goen, den Deeg muss kaal bleiwen. Subal den Deeg Bloosen werft as den Deeg färdeg. An Italien jett et eng ziemlich ähnlich Zoubereedung Fritto Misto.


An da kann een o na een Deeg aus Anisschnaps maan dofir brausch een, 1 Ei, 125 ml wäisse Wéng, 1 Drep Anisschnaps, 100 g Miähl, Peffer, Salz. Alles zu engem Deeg verréieren, goud durich mëschen an en 30 Min. ruhen loossen.

Ob’s du fir den Deeg, Raki, Ouzo, Absinth, Pastis, Pernod, Sambucca, Arak oder Mastika hëlls as egal.


Geméiss an Ruussen zerdeelen, durich den Deeg zéihen an bei 175 Grad an der Fritös frittéiren. O beim ausbaaschen as Zékt verschidden. De Choufleur jiff ech blanchéiren. De Broccoli an de Romanesco rii durich den Deeg zéien.


Zalooten

Watt brausch ech?

  • Choufleur, Broccoli oder Romanesco
  • 2 rugd Pepperoni
  • 50 g gréin Oliven (Salz)
  • 50 g schwarz Oliven (Salz)
  • 4 Anchoisfilet (Salz)
  • 4 Paprikaschoten
  • 3 El Wéngessig (Saier)
  • 6 EL Olivenualeg (Fett)
  • Salz, Peffer (Salz)

Wie jëtt gekooscht?

D’Geméiss an kleng Ruusen zerdeelen, am Salz-, Zitrounenwaasser 5 Min. blanchéiren. Kaal aafschrecken an goud aafdrëpsen loossen. Bedenk die ënnerscheedlich Kooschzékten vam Geméiss.

De Paprika an kleng Würfelen schnegden. Oliven halbéiren an entkären. Anchoisfilet kleng hacken. Peperoni an Ronselen schnegden. Datt alles bei d’Geméiss jiänn an mëschen.

Wéngessig an Olivenualeg mat Salz an Peffer goud verréieren an iwert den Zaloot jiän, goud mëschen an bëssen durichzéien lossen.

Wanns du Anchoisfilet net jiären has kanns du déi o fort lossen, déi jiän hei am Zaloot just fir ze salzen genotzt. Du kanns dann just mat Salz würzen an schmaaschen bis et dengem Goût entsprëcht.


Watt brausch ech?

  • 250 g Broccoli, Choufleur oder Romanesco
  • 2 Gourgetten
  • 1 Heed Zaloot
  • 3 EL Pinienkären
  • 2 EL Essig (Saier)
  • 6 EL Zitrounensaaft (Saier)
  • 6 EL Olivenualeg (Fett)
  • 4 Anchoisfilet (Salz)
  • paar Bläder Basilikum
  • Salz, Peffer (Salz)
Teller, Salat, Besteck, Baguette
Broccolizaloot mat Pinienkären

Wie jëtt gekooscht?

D^Geméiss an Ruusen zerdeelen, de Stronk kleng würfelen. Am Salz- Zitrounenwaasser bëssfest garen. Bedenk die ënnerscheedlich Kooschzékten vam Geméiss.

Gourgetten kleng würfelen an am kooschende Salzwaasser 2 Min. blanchéieren.

D’Heed Zaloot auserneen plécken, Bläder eenzel wäschen an der Zalooteschläider drechnen. Op Telleren auserneenleen.

Essig, Ztirouensaaft, Olivenualeg, gehackten Anchois, Salz an Peffer goud mateneen verréihren. Geméiss an eng Schossel leen am mat der Zooss mëschen. Op den Zalootenbläder verdeelen.

Pinenkären réisteren an iwert dem Zaloot verdeelen. Mat kleng gerappten Basilkumbläder garnéiert zervéiren.


Richtisch goud jänn die Zalooten wann se mat engem Würzessig gemaat sen.


Hei se nëmmen paar Iddien watt een alles mam Choufleur, Broccoli oder mam Romanesco maan kann. Die 3 Zorten Geméiss sen o goud fir Lékt mat engem empfindlechen Moosch. Hire mëllen Geschmaasch jet van deen meesten Lékt goud verdroen.

Beim würzen as der Fanatsie keng Grenzen gesatt:

  • Du kanns an die orientalisch Rischtung goen an en mat Koriander, Peffermënz, Ras-El-Hanut würzen. Oder du mëchs eng pikant Chinapann dat hei as eent vegant Rezept, du kanns dat o mat Poulet oder annerem Fleesch maan 😉 .
  • Du kanns aus dengem geraspelten Geméiss, mat Gromperen an Eier “Pankisch” maan.
  • Zopp kanns du mat Curyypolwer aafronnen, oder mat geraspeltem Kiiss, mat Kokosmëlich…
  • Zalooten fir den Summer fënns du an all verschidden Variatiounen.

2 Comments

  1. Hallo Josiane,

    danke für die Verlinkung. Ich verstehe zwar leider nur die Hälfte, aber mit Google translate geht das 🙂

    Schöne Grüße Volker

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*