Du has eng Zopp, déi gemellig viraan sech hin kooscht, an dann schmaachs du an sie ass versalz. Watt maan? Hei sen paar Tipps wie’s du deng Zopp oder dein Eintopf „retten“ kanns.
Et jiän verschidden Miilischkeeten, wie’s du deng Zopp oder dein Eintopf rem genéissbar maan kanns. Wie’s du probéiers deng Zopp retten, hängt meestens van 2 Saaschen aaf: Has du deng kloer oder eng crèmig Zopp, ass se nëmmen liit versalzen oder starik versalzen?
D’Zopp oder den Eintopf „retten“!
- Bei enger liit versalzener püréierter Geméisszopp, kanns du 1 oder 2 Gromperen dran raspelen, déi mat mëll kooschen an d’Zopp dann rëm püréiren.
- Eng Crèmezopp, déi nëmmen liit versalzen ass, kanns du mat bëssen Schmand, Mëlich oder Bréit längen,
- Sen dës 2 Zoppen äwer richtig versalzen, hëleft nëmmen d’Zopp na eng kéier mat deen selwischten Zutaten, äwer ouni Salz ze kooschen an se dann ze mëschen.
- Has du eng kloer Zopp, déi liit versalzen ass, koosch 1 Begdel Räis mat. Räis hëllt d’Salz op, äwer o Waasser. Tuut Räis lisst sech dono o ganz einfasch raus hualen. Bedenk äwer, wanns du Tuut Räis aus der Zopp hëlls datts du rëm ongesalzen Flëssigkeet dobäi schëdds.
- Ass dës Zopp äwer starik versalzen, ass et su wie bei den Créme- oder Geméisszoppen, kooschs se na eng kéier ouni Salz an mësch di 2 dann mateneen.
Die best Liesung fir eng versalzen Zopp ass ëmmer na längen, mat ongesalzene Flëssigkeeten oder Zutaten. Dono dann rem fein aafschmaaschen. Datt Salz watt dran ass, beift dran, de Goût kann nëmmen ausgeglasch jiän wann en op Quantiéit verdeelt jiët.
Dachs liäsen ech, koosch eng Gromper mat, et hëleft äwer nëmmen bedingt, sie hëllt bëssen Salz op, sie wirikt äwer ischter, well sie Stärke an zousätzlich Mass an d’Zopp brengt. Et ass een Effekt deen dachs iwerschätzt jiët.
Tuut Räis hëlft dann ischter, hei hass du deen Effekt datt de Räis vill Flëssigkeet ophëllt an déi jiët dann durich ongesalzen Flëssigkeet ersatt.
Dann han ech na fond fir deng Zopp mat Zocker, Hunnig oder Agavendicksaft ze mëschen. All dës Séissungsmëttel hëlefen net d’Salz aus der Zopp raus ze kreien an d’Salzkonzentratioun jiët net manner. Sie iwerdecken een Deel van der Salzigkeet an mir denken d’Zopp ass manner salzig. D’Zopp bleift genau su salzig wie se wor.
Fazit
Eng versalzen Zopp oder een Eintopf lisst sech net wirklich „entsalzen“, d’Salz bleift am Ässen. Am effektivsten ass doweenst ëmmer, d’Salzkonzentratioun raaf ze kreien andeems du deng Zopp oder dein Eintopf mat ongesalzenen Zutaten mëchs. Du verdeels d’Salz su op d’Quantitéit.
Deen bekannten Gromperentrick hëleft nëmmen begrenzt an just bei enger liiter Versalzung, d’Gromper zéiht keen Salz aus denger Zopp, mee d’Salz jiët op mi Quantiéit verdeelt. Eng Tuut Rais hëleft wahrscheinlich besser, deen hëllt datt salzigt Waasser op, an noodeems de Räis mëll ass an aus der Zopp raus ass jiët dann ongesalzen Flëssigkeet dobäi geschott. (bei enger 125 g Räistuut ongeféier 250 ml Flëssigkeet)
Zocker oder anner Séissungsmëttel liesen dësen Problem o net. Sie iwerdecken deen salzigen Goût nëmmen an d’Zopp kënnt eis nët mi su salzig vir, ausserdeem krëtt d’Zopp durich den Zocker een, fir mëch, onangenehme Goût. Genausu ass et mat Fett oder Saier, sie blancéiren de Goût, maan sie äwer net manner salzig.
Kuurz gesoot: Am besten hëleft nëmmen verdënnen an mi ongesalzen Zutaten drënner mëschen. All die anner Kniff an Tricks, kaschéiren den Goût nëmmen.